Esch2022: Héichkultur amplaz Héichuewen

Esch/Uelzecht wor europäesch Kulturhaaptstad. Dës Erkenntnis huet Leit laachen, kräischen a verzweifelen gedoen. Mee verschiddener hunn och d’Potential gesinn. Am ruppege Süden vum Land läit d’Zukunft. Fir wien? Dat hu mir erausfonnt.

Richtung22 huet d’Geschicht vum Wandel vum Minett erzielt – an dat an dräi Kapitelen. Dat ganzt Joer 2022 iwwer hu mir an enger zesummenhängender Geschicht Theaterstécker, Happenings, Filmer a weider Aktiounen produzéiert. All Projet stoung awer och fir sech alleng an hieft een Aspekt vun der Geschicht besonnegt ervir.


Prolog


Den Dan Kaemmpfer gett dem Fancy e puer gutt Tipps

1) Esch ass Kulturhaaptstad [Clip]

(Januar) – Schlussendlech ass de Jury iwwerzeegt an Esch ass European Capital of Culture 2022. Wien elo denkt, dass et haaptsächlech ëm den Image, Tourismus an d’Wirtschaft geet, deen huet zwar Recht, denkt awer trotzdeem ze kuerz. Et geet och ëm Gentrifikatioun. Mir weisen e kuerze Clip vun der Auslousung.

Clip “Wéi Esch Kulturhaaptstad ginn ass” (6min.)


Den Dan Kaemmpfer gett dem Fancy e puer gutt Tipps

2) Den Dan huet e Plang [Clip]

(Januar) – Esch huet Potential! “Eescht & Jonk”, eng schmiereg Beroderfirma aus der Stad soll aus der Minettmetropol soll “Esch City Plus” maachen. Den E&J Deputy Territory Senior Partner Dan Kaemmpfer präsentéiert seng Iddien am offizielle Video fir Esch2022. Wat huet hien vir?

Offiziellen Clip fir Esch2022 “Héichkultur amplaz Héichuewen” (5min.)


Kapitel 1: Beton, Glas, Kultur



Parade duerch Esch

3) De Süden gëtt kultivéiert [Happening]

(Februar) – Deen éischte Schrëtt vum Dan Kaemmpfer ass et de Süden ze erschléissen an ze kultivéieren. De Knascht muss raus. Et muss Plaz geschaf fir dat neit Esch. An enger éischter grousser Aktioun gouf dofir den 20.02.2022 Beton, Glas a Kultur vun der Cloche d’Or ze Fouss erof op Esch bruecht. 6 Stonnen woren den Dan a seng Leit ënnerwee. Zu Esch huet schonn den Agora mat sengem Bagger gewaard, prett fir d’Stad platt ze maachen.

Happening “Invasioun op Esch”


Den Agora gëtt lassgelooss

4) Den Agora kréint sech zum Kinnék vun Esch [Theater]

(Abrëll) – Den Trick mam trojaneschen Hirsch huet funktionéiert. Déi zukünfteg Herrscher vun Esch hu sech um Belval installéiert a plangen grouss urbanistesch Projeten fir Esch ëmzebauen. Net just déi al Industriefrichen Belval, Eschëffleng an d’roud Lëns, mee déi gesamt Fläch vun der rouder Stad gëtt op de Leescht geholl.

D’Theaterstéck “Esch ass dout!” gouf och verfilmt.


Gosstown-Schreftzug op der Friche

5) Den Dan keeft sech d’Séil vun Esch [Film]

(Mee) – Den Dan huet e Problem: d’Konscht, déi d’Fancy Grey am Internet fir Esch2022 bestallt huet ass net authentesch genuch – d’Kulturhaaptstad riskéiert seng Attraktivitéit an Esch domat seng Investisseuren ze verléieren. Kuerz entschloss rekrutéiert den Dan e puer Jugendlecher, déi him d’Séil vun der Stad beschafe sollen.

De Kuerzfilm “GossTown” ass online ze fannen.


Den Dan seet Äddi

6) Den Dan hält op [Video]

(Mee) – Den Dan Kaemmpfer kruut eng besser Offer, aus Saudi Arabien, a léisst alles stoen a falen. Dat heescht och, dass keen méi den Agora an seng Monsteren zeréckhale wäert.

Dem Dan seet Äddi op der Filmpremière vu “Gosstown”


Nei Bauprojeten

7) Nei Bauprojeten ginn annoncéiert [Aktioun]

(Juni) – Den Agora ass elo net méi ze stoppen. Den Déierepark, de Kierfecht, de Pitcher – keng Plaz zu Esch ass méi virun him sécher. Iwwerall an der Stad stinn seng Schëlder, och virum Redaktiounsgebäi vun enger Traditiounszeitung.

Den Tour vum Agora duerch Esch am Video.


Kapitel 2: Schock a Resistenz



Museksvideo money moula goss

8) D’Onzefriddenheet zu Esch wiisst [Muséksvideo]

(Juni) – Ka, Di an Jo, déi dräi Kollegen, déi et am Film “Gosstown” mam Dan Kaemmpfer ze dinn kruuten, hunn een Diss-Track produzéiert. Si wëllen Esch net opginn.

De Muséksvideo “Money, Moula, Gosstown ass online.


La Lingua Rossa della Minett

9) D’Enn vun enger Traditiounszeitung [Zeitung]

(Juni) – Dës Nouvelle schockt de Süden: d’Dageszeitung Lingua Rossa della Minett ass der Moderniséierung vun Esch zum Affer gefall a mécht hier Dieren zou. Eng lescht Editioun gëtt zu Esch verdeelt.

14.700 Exemplarer vun der “Minett” goufen den Zeitung goufen den 26. Juni zu Esch verdeelt.


Dem Barbara säi Blog

10) D’Barbara wiert sech [Video Blog]

(Juli) – D’Barbara Dos Santos, eng Journalistin vun der Zeitung “La Lingua Rossa della Minett” mellt sech zu Wuert. Si huet d’Zesummenhäng erkannt a kläert iwwert déi negativ Konsequenzen vum Wandel vun Esch op.

Kuckt dem Barbara säi Videoblog.


D'Besetzung vun der Brillplaz zu Esch

11) D’Place de la Resistance gëtt besat [Happening]

(Juli) – D’Barbara rifft dozou op de Protest op d’Stroossen vun Esch ze droen. D’Place de la Resistance am Escher Brillquartier gëtt besat. 22 Froen zur Zukunft vun Esch a vum Land goufen an enger 22-stënneger Radiossendung gestallt.

Weider Informatiounen iwwer d’Besetzung vun der Place de la Resistance


Affiche vum Theaterstéck: Eng Folterkummer

12) D’Barbara land virun d’Gentrifikatiounsgeriicht [Theater]

(August) – Esch City Plus huet sech d’Protestaktiounen net gefale gelooss an huet d’Barbara verhaft. Hatt muss sech virum Gentrifikatia, engem vun de Monsteren vum Agora, veräntwerten. De Parquet, repräsentéiert vum Dr. Arc an ënnerstëtzt vun der Architektin vun Esch City Plus, Noah, fuerdert d’Doudesstrof.

D’Theaterstéck “Barbara contre Esch City Plus” gouf och verfilmt, de Video a weider Informatiounen zum Stéck fannt dir hei.


Kapitel 3: Hannert der Heck



Den Dan feiert Chreschtdag alleng

13) D’Gated Community steet [Muséksalbum]

(November) – Weider Mesuren ginn ugekënnegt fir Esch City Plus ze schützen. D’Meeschteren vun Esch konzentréieren sech dobäi och ëmmer méi op d’Grenzregioun, wouhinner si all déijéineg expulséiert hunn, déi sech Esch net méi leeschten kënnen. Fir d’Stëmmung zu Esch selwer héich ze halen, gëtt den Dan Kaemmpfer nees ageflunn, deen spontan ee Chrëschtdagsalbum ophëllt – mee d’Rësser an der Facade sinn net z’iwwersinn.

Den musekaleschen Adventskranz vum Dan a vum Noah


Dramatesch Zeenen zu Audun-le-Tiche

14) Schloen d’Frontalieren zeréck? [Theater]


(Dezember) – D’Noah, mëttlerweil Chefin vun der Sécherheet vun Esch City Plus, geet der Rumeur no, dass sech an der extraterritorialer Banlieu vun Esch City Plus, zu Audun-le-Tiche, eng Resistenz opgebaut huet. Hatt trëfft op d’Jeanne, d’Schwëster vum Dan Kaemmpfer, dat prett schéngt sech géint d’Ennerdrécker aus Lëtzebuerg z’erhiewen.

D’Theaterstéck “Grève générale contre le Luxembourg”


D'Besetzung vun der Brillplaz zu Esch

15) Et ass endlech riwwer [Optrëtt]

(Dezember) – Feieren, wéi wann näischt geschitt wier? D’Ereignisser am Joer 2022 wäerten Esch City Plus laangfristeg veränneren. D’Fancy Grey léisst déi schéin Momenter nach eng Kéier Revue-passéieren.

D’Rieden vum Fancy a vum Agora


Epilog



Sich noom Artefakt an de Minetter Minen

16) Laangfristeg Konsequenzen [Kuerzfilm]

(Dezember) – Am Joer 2222 start eng Missioun a Richtung Vergaangenheet.

All d’Informatiounen zum Kuerzfilm


Partner vun Esch2022


Pressespiggel

“Critiquer de l’intérieur” (Land, 14.01.2022)
“5 Questions autour de Héichkultur amplaz Héichuewen” (culture.lu, 22.02.2022)
“Esch2022 – an invasion” (Radio ARA, 23.03.2022)
“Wenn das Künstlerkollektiv Richtung22 durch die Straßen zieht” (Saarländischer Rundfunk, 24.02.2022)
“Künstlerkollektiv gibt der Kultur die Richtung vor” (LEssentiel, 27.02.2022)
“D’Cloche d’Orisation vum Süden – Esch ass dout vum Kollektiv Richtung22” (Tageblatt, 28.04.2022)
“Beton, Glas, Kultur” (Land, 03.06.2022)
“Portrait: Richtung22, la revolte saine des sales gosses (Le Quotidien, 06.02.2023)