Mir bréngen Kultur op Esch


Esch2022 ass de Versuch de Süden vum Land, dat primitiivt a knaschtegt Minett, ze kultivéieren. Den Dan Kaemmpfer huet d’Aufgab iwwerholl zesummen mat engem klengen Team Glas, Beton a Kultur vun der Cloche d’Or erof op Esch ze bréngen – 22km ze Fouss.


Dem Dan säi Wee vun der Cloche d’Or bis op d’Brillplaz


Wéi wäert de Süde vu Lëtzebuerg an Zukunft ausgesinn?

Mat der Hëllef vun der Kulturhaaptstad soll d’Minett een neit Image kréien. D’Deeg vun der Stol-Nostalgie sinn eriwwer, elo geet et drëms de Süden als dynameschen a modernen Technologie-Standuert ze vermaarten.

Et ass d’Missioun vum Dan Kaemmpfer vun der schmiereger Beroderfirma “Eescht a Jonk” de Süden ze erschléissen an ze kultivéieren. De Knascht muss raus. Et muss Plaz geschaf fir dat neit Esch, Esch City Plus. An enger éischter grousser Aktioun gouf dofir e Sonndeg (20.02.2022) d’Symboler vun der moderner Zivilisatioun, also Beton, Glas a Kultur op Esch gedroen.

in english

What will the South of Luxembourg look like?

The “Minett” is getting a re-brand, with the help of the European Capital of Culture. The days of steel nostalgia are over: now it’s time to market the South as a dynamic and modern tech-hub.
It’s the mission of Dan Kaemmpfer, partner at consultancy company “Eescht a Jonk”, to unlock and cultivate the South. The dirt has to go as the new Esch – Esch City Plus – needs space.
In a first event on Sunday, Dan and his troops brought concrete, glass and culture from the Cloche d’Or, the outskirts of Luxembourg City to Esch – by foot.


Invasioun op Esch

Den Opruff zur Bedeelegung um Marsch an de Süden

Komm mat op eis Parad:
Verkleet wéi aus der Stad!

Haut, den 20.02.2022 starte mir den Soft Opening vun der Kulturhaaptstad. Déi schmiereg Beroderfirma vun Esch2022, “Eescht a Jonk”, huet eng Invasioun virbereet. Zil ass et, de Süden ze kultivéieren. Dofir bréngt den Dan Kaemmpfer héichstperséinlech Beton, Glas a Kultur ze Fouss vun der Cloche d’Or erof op Esch.

Mee dat kann hien net eleng (kéint hien schonn, mee dat ass eng aner Geschicht). Mir brauchen iech. All. Verkleet als Leit déi Tram fueren, Avion amplaz Fliger soen an tatsächlech an der Groussgaass akafe ginn. Verkleet iech als Stater*innen: Kultivéiert, räich Snobs.

Mir treffen eis um 15:00 Auer virum Bâtiment4 zu Esch/Uelzecht. Marschéiert gëtt duerno vun der Place Grobirchen bis op d’Brillplaz. Och nach gesicht: Leit déi Perkussioun spillen an dat néidegt mobilt Geschier hunn (musikalescht Talent optional). An wann der ee Kärcher hutt, kënnt der deen och nach gären matbréngen (kee Witz), wéinst deem ganze Knascht hei.

in english

Invasion of Esch (Soft Opening Capital of Culture)

On the 20/2/2022, we are launching the Soft Opening of the Capital of Culture. The slimy consulting firm for Esch2022, “Eescht a Jonk”, has prepared an invasion. The goal is the cultivation of the South. For this, Dan Kaemmpfer himself will bring concrete, glass and culture from the city down into the Minett.
But he can’t do this alone (he could, but that’s another story). We need you. All of you. Dressed up as people who take the tram, who say “avion” instead of “Fliiger”, and who actually shop in the Grand-Rue. Dress up as people from the City: cultivated, rich snobs.
We’re meeting up at 3 p.m. in front of Bâtiment4 in Esch/Alzette. Then we march from Place Grobirchen to Place de la Résistance. Also still needed: People who can play drums/percussion and have the necessary mobile equipment (musical talent optional). And if you have a Kärcher, you can bring it too (no joke!), because of all the dirt here.


Invasioun op Esch


Pressespiggel

“Invités à mettre la cravate pour amener la culture” (L’Essentiel, 19.02.2022)
“Wenn das Künstlerkollektiv “Richtung22″ durch die Straßen zieht” (SR, 24.02.2022)


Partner vun Esch2022