Wéi Esch Kulturhaaptstad ginn ass

Den Rich Fux an den Dan Kaemmpfer erklären, wéi och är Stad sech upgrade kann!



Hannergrënn

Eng Kulturhaaptstad ass eppes Wonnerbares. Mol eng Kéier een EU-Projet ouni Atomlobby, Waffenlobby an ouni dass Leit un de Grenzen stierwen. Europa mat Hëllef vu Kultur verbannen. Eng Kulturhaaptstad ass d’Olympiad ënnert den Konschtevents. Fir dass sech d’Stied, dorënner ëmmer méi hoffnungslos Fäll, bei hierer Bewerbung richteg uleeën, pilgeren Expert*innen duerch d’Länner an offréieren kompetent Berodung. Dat grousst Verspriechen, déi eegener Stad mol eng Kéier net wéinst Kriminalitéit, Naturkatastrophen oder deenen leschten Aarbechtslosegkeets-zuelen an d’News ze bréngen, verleed vill lokal Politiker*innen dozou sech ze mellen.

Wien elo denkt, dass et haaptsächlech ëm den Image, Standuertpolitik, Tourismus – also ëm d’Wirtschaft geet, deen huet zwar Recht, denkt awer trotzdeem ze kuerz. Et geet och ëm Prestigeprojeten, Nepotismus an Gentrifikatioun. Et geet dorëms de Gruef tëscht deenen déi sech gären een Owend am groussen Theater gönnen an deenen, déi zwar iwwer 30% vun der Bevëlkerung vun Esch ausmaachen mee deren Sprooch, Kultur an Geschicht eis net interesséiert, méi grouss ze maachen.


Partner vun Esch2022