Esch ass dout!


D’Opféierungen woren den 25., 26., 28., 29. an 30. Abrëll 2022 jeweils um 20h00 um Socle C, der Ruin vum drëtten Héichuewen um Belval. Sämtlech Virstellungen woren ausverkaf.


Affiche vum Theaterstéck: een Doudekapp mat enger Kroun aus Héichhäiser

Eng lëtzebuergesch Tragédie

Déi gëllen Zäite vun Eisen a Stol sinn eriwwer, Stëbs a Rascht hunn sech iwwer Esch geluecht. Mee d’Zukunft vun Esch ass esouguer nach méi däischter wéi d’Géigewaart. Um Belval hu sech déi zukünfteg Herrscher vun Esch installéiert a plangen grouss urbanistesch Projeten fir Esch ëmzebauen. Mee e Fluch läit iwwert dem zukünftege Kinnek vun der Stad. Kann den Agora, de Visionär, deen aus dem Gëtter-Bestiednis vu Staatos an ArcelorMittalos ervirgaangen ass, Esch nach retten? Nee.

Representatioun ënner fräiem Himmel. Dëst Stéck ass een offizielle Bäitrag fir d’Kulturhaaptstadt Esch2022.


Team

Gruppephoto Esch ass dout Richtung22

Schauspiller*innen: Affiche
Felix Adams
(Dan Kaemmpfer)

Lis Dostert
(Hyperbolos)

Anne Gillen
(Gentrificatia)

Ada Günther
(Dreckos)

Luc Lamesch
(Agora)

Elif San
(Thesaurus)

Rick Schmitz
(Staatos)

Kevin Sousa
(PlazaFinancia)

Gabriel-le Taillefert
(Conclusio)

Michelle Liesch, Lynn Kelders
Kostüm a Requisite
Lynn Kelders ënnerstëtzt vum Michelle Liesch
Recherche
Lea Fauth
Dramaturgie
Lis Dostert, Ada Günther, Gabriel-le Taillefert
Text
Felix Adams, Lis Dostert, Ada Günther, Luc Lamesch, Gabriel-le Taillefert
Stage Manager a Produktioun
Michelle Liesch
Fotografie a Film
Tessy Troes
Luuchtregie
Alpha Muyizere
Tounregie
Lisa Urbany
Organisatioun Technik
Tessy Troes
Hirsch
Lars Schmitz
Gruseleg Kuliss ronderëm
Agora

“Esch ass dout!” ass Deel vum Projet “Héichkultur amplaz Héichuewen”

Dëst Theaterstéck ass Deel vun eisem grousse Projet fir d’Kulturhaaptstad Esch2022. An dräi Kapitelen erziele mir mat Hëllef vun Happenings, Theaterstécker, Filmer a ville weidere Konschtprojeten d’Geschicht vun der Moderniséierung vum Süden. Am éischte Kapitel, zu deem dëst Theaterstéck gehéiert geet et ëm d’Eruewerung vun Esch duerch d’Beroderfirma Eescht & Jonk, déi hei mat der Hëllef vun der Kulturhaaptstad déi richteg Clientèle ulackele wëll.


Pressespiggel

“D’Clochedorisatioun vum Süden” (Tageblatt, 28.04.2022)


Affiche vum Stéck Expo2020Dubai hänken an der Groussgaass