(FR) C'est qui, Richtung22
Richtung22 est un collectif artistique engagé. Avec nos projets, nous essayons de formuler des critiques créatives et de lancer des discussions importantes. Nous voulons polariser pour rendre les problèmes visibles et arracher l’art à son cadre élitiste.

Depuis 2010, nous produisons des projets satiriques comme par exemple le film “Notre éducation” sur le système scolaire luxembourgeois ou la pièce de théâtre “Luxembourg, saleté sournoise”, dans laquelle nous avons mis en scène le Nationbranding. Depuis 2014, nous travaillons de manière beaucoup plus pluridisciplinaire et essayons de faire entrer l’art dans l’espace public. Nous érigeons des monuments, comme celui du directeur de la CSSF, qui a été impliqué dans un scandale financier. Nous organisons des expositions, comme celle de la Galerie nationale fictive, avec laquelle nous avons remis en question la politique culturelle nationale, ou encore l’exposition “Mémoire coloniale luxembourgeoise”, pour laquelle nous avons démonté des plaques de rue portant des noms de criminels coloniaux et les avons accrochées dans un musée. Avec notre plus grande série de projets à ce jour, “Haute culture au lieu de hauts fourneaux”, nous avons documenté la transformation et la gentrification du Minett dans le cadre de la capitale culturelle Esch2022.

Outre la production artistique, Richtung22 est synonyme de renforcement des jeunes artistes. Richtung22 a été créé en 2010 dans le but de mettre en réseau des étudiant.e.s pendant les vacances universitaires à l’aide de projets au Luxembourg et de construire ainsi une alternative ici : Nous sommes à la fois un espace de liberté, un safe space et un laboratoire d’avenir. Nous nous impliquons dans les discussions de politique culturelle et faisons du lobbying pour les jeunes générations et pour la création artistique locale. Des écolièr.e.s à partir de 18 ans, des étudiant.e.s et des jeunes professionnelles travaillent chez nous dans des groupes de travail autonomes, sans hiérarchie et de manière démocratique. Depuis 2021, nous avons trouvé un domicile fixe dans le Bâtiment 4 à Esch. Le groupe est ouvert à toutes les personnes qui souhaitent se joindre à nous pour lutter pour un monde plus juste par des moyens artistiques.

(EN) What is Richtung22
Richtung22 is a committed art collective. With our projects we try to express creative criticism and initiate important discussions. We want to polarise in order to make problems visible and to tear art out of its elitist frame.

Since 2010, we have been producing satirical projects such as the film “Our education” about the Luxembourg school system or the play “Luxembourg, you vicious piece of shit”, in which we analysed the nation branding. Since 2014, we have been working much more pluridisciplinary and try to bring art into the public space. We erect monuments, like that of the director of the CSSF, who was involved in a financial scandal. We organise exhibitions, such as the fictitious National Gallery, with which we questioned national cultural policy, or the exhibition Luxembourgs colonial memory, for which we took down street signs with the names of colonial criminals and hung them in a museum. With our largest project series to date, entitled “High Culture instead of Blast Furnaces”, we documented the transformation and gentrification of the Minett as part of the Capital of Culture Esch2022.

In addition to producing art, Richtung22 stands for networking and empowering young artists. Richtung22 was founded in 2010 with the aim of connecting students through projects in Luxembourg during the semester break and thus building up an alternative here: We are at the same time a free space, a safe space and a laboratory for the future. We get involved in cultural policy discussions and lobby for the younger generations and for local art creation. High school students from the age of 18, students and young professionals work in autonomous working groups, free of hierarchy and in a grassroots democracy. Since 2021, we have found a permanent home in Bâtiment 4 in Esch. The group is open to anyone who wants to join us in fighting for a more just world through artistic means.


Richtung22 (R22) ass en engagéiert Konschtkollektiv. Mat eise Projeten versiche mir, kreativ Kritik unzebréngen an wichteg Diskussiounen ze lancéieren. Mir wëlle polariséiere fir Problemer siichtbar ze maachen a d’Konscht aus hirem elitäre Kader rappen.

Zanter 2010 produzéiere mir satiresch Projeten wéi zum Beispill de Film “Ons Educatioun” iwwert de lëtzebuerger Schoulsystem oder d’Theaterstéck “Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss” an deem mir den Nationbranding analyséiert hunn. Zanter 2014 schaffe mir wesentlech méi pluridisziplinär an versichen d’Konscht an den ëffentlechen Raum ze droen. Mir stellen Monumenter op, wéi dat vum Direkter vun der CSSF, deen an e Finanzskandal verwécklet wor. Mir organiséieren Ausstellungen wéi d’Ouverture vun der “Nationalgalerie” mat der mir d’Kulturpolitik kommentéieren oder och d’Ausstellung “Memoire coloniale luxembourgeoise” fir déi mir Stroosseschëller mat den Nimm vu Kolonialverbriecher ofmontéiert hunn. Mat eisem bis elo gréissten multidisziplinäre Projet, “Héichkultur amplaz Héichuewen”, hu mir am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 de Wandel an d’Gentrifikatioun vum Minett dokumentéiert.

Nieft der Konschtproduktioun steet Richtung22 fir d’Vernetzung an d’Stäerken vu jonke Konschtschafenden. Richtung22 gouf 2010 mam Zil an d’Liewe geruff Studéierender an de Semestervakanzen iwwer Projeten zu Lëtzebuerg ze vernetzen an domat hei eng Alternative opzebauen: Mir sinn Fräiraum, Safe Space an Zukunftslaboratoire. Mir bréngen eis a kulturpolitesch Diskussiounen an a lobbyien fir Jonker an d’lokal Kreatiounm, op der Foire de l’étudiant.e informéiere mir iwwer d’Konschtberuffer. Schüler*innen ab 18 Joer, Studéierenden a jonke Beruffsufänger*innen schaffen bei eis am Grupp an autonomen Aarbechtsgruppen, hierarchiefräi a basisdemokratesch organiséiert. Zanter 2021 hu mir am Bâtiment 4 zu Esch een Doheem fonnt. De Grupp steet all Persoun op, déi mat eis zesummen mat kënschtlereschen Mëttel fir eng méi gerecht Welt kämpfe well.


Logo R22

Et geet och aanescht

Als Netzwierk erfëllt R22 eng zentral Roll ënner jonke Kënschtler*inne zu Lëtzebuerg. De Grupp experimetéiert gären a setzt an véier wesentlechen Beräicher op Innovatioun:
– D’Aarbechtsweis ass onhierarchesch.
Kënschtler*innen sinn hei net Eenzelkämpfer*innen mee Deel vun engem Ensembel. Mir féieren Leit zesummen, kréeieren onoofhängeg Réim an deenen autonom geschafft ka ginn an stäerken eis géigesäiteg. Richtung22 versteet sech awer och als Konschtlobby, déi do d’Wuert ergräift wou d’Interessen vun der Konscht a jonke Konschtschafenden um Spill stinn.
– D’Produktiounsmëttel ginn reduzéiert, de Fokus läit ganz um Inhalt. D’Distributioun konzentréiert sech op déi nei Medien an et gëtt mat neien Konschtformen experimentéiert.
– Mir schaffen u gesellschaftlech a politesch relevanten Themen. Zil ass et, op ëffentlech Debatten anzewierken an dës ëm en alternativen Bléckwénkel z’erweideren. Mir zécken net, fir eis kloer ze positionéieren an mat Hëllef vu kënschtleresche Mëttel ze polariséieren, fir eis Standpunkter siichtbar ze maan.
– Et gëtt en neien, jonke Public erreecht. Generell schaffe mir u Konzepter fir Konschtproduktiounen aus den elitären Nischen ze huelen a Konscht an den Déngscht vun de Leit ze stellen.


Finanzéierung

Fir Richtung22 muss Konscht fir all Mënsch fräi zougänglech sinn. Eis Produktiounen sinn ëmmer gratis an wa méiglech och online ze fannen.

Zanter Enn 2020 huet Richtung22 eng Konventioun mam Kulturminière fir säi Basisbetriib ofzesécheren. Fréier Projeten goufen ë.a. vum SNJ an dem stART up vun der Oeuvre finanzéiert. De Moment setzt Richtung22 ee weidere Projet iwwer d’Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg mam finanzielle Support vun der Oeuvre ëm. Doriwwer eraus kruute mir fir 2023 och een Subside vun der Escher Gemeng. Iwwert déi éischt 10 Joer ass et eis gelongen, eis Projeten haaptsächlech duerch eenzeln kleng Spenden ze finanzéieren, elo ass eis am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 den Schrëtt gelongen an Zukunft Aarbecht och remuneréieren ze kënnen. D’Finanzéierung vu Konscht gëtt bei eis kontinuéierlech diskutéiert. Mir setzen op ëffentlech Gelder vu Staat a Gemengen, déi eiserer Siicht no an der Verantwortung sinn d’Konschtproduktioun ze subventionéieren. Eng Finanzéierung duerch Sponsoring oder privat Mäzenen kënnt fir eis net a Fro.


Dir kënnt d’Aarbecht vu Richtung22 mat engem Don ënnerstëtzen. Spenden ginn an d’Filmproduktioun (zB. an weidert technescht Equipement) an an kënschtleresch Aktiounen gestach.

Konto vun Richtung22 A.s.b.l. bei der BCEE:
LU64 0019 4055 9966 3000


Daten a Cookies: Op Richtung22.org sammele mir keng perséinlech Daten a keng Cookies a verhenneren och, dass perséinlech Daten iwwer aner Servicer op eisem Site gesammelt ginn.


[Leschten Update 02.2023]