Endlech riwwer! The Esch2022 Funeral Party


Affiche Esch2022 Funeral Party
You might have already been invited to the closing event of Esch2022. But up until today, you haven’t been invited to the real deal, the true party, the biggest night of the year… the FUNERAL party of Esch2022! This party, where we celebrate that this year is FINALLY OVER, is taking place on the 28th of December in Bâtiment4!

And this is your official invitation.

The programme:
📋 a Review of Esch2022 from our point of view feat. your favourite, Fancy Grey 👩‍🦳
🎬 A premiere of the brand new short film ESCH A FLAMEN 🔥
📀 The release of our album MERRY CRISIS with 4 special musical acts: Guinivara, All Reitz Reserved, Rubin Kind, Edsun 💃
🎟️ Entry is free and drinks will be abundant. 🧃
This is a Safer Night event supported by Pipapo
Come celebrate with us, before this city completely goes up in flames…


Dem Fancy seng Ofschoss-Ried

Dir Dammen an dir Hären, eis Kulturhaaptstad ass endlech eriwwer. 

Dat ass op der enger Säit eng Erliichterung, mee op der anerer Säit och en extremt Soulagement. Mee ‘Don’t look back in Anger’, wéi se sou schéin soen. An doweinst wollt ech e puer Mercien lassginn:
– Merci dem Fond de Belval fir seng onkomplizéiert Ënnerstëtzung vun der Kulturhaaptstad an den häerzlosen Acceuil an engem häerzlose Quartier.
– Merci der Konschthal an dem Bridderhaus… fir näischt.
– E besonnegten Merci der Escher Gemengeverwaltung, dei op direkt Kommunikatioun gesat hunn a mir wéinst all Dommheet eng Mail gescheckt hunn.
– Merci der Press, fir hier Diskretioun am Ëmgank mat Esch2022. Do woren déi Milliounen Kommunikatiounsbudget gutt investéiert.

Domat ass awer och ee bëssi ënnergaangen, dass et tëschenduerch och mol e ganz flott Joer war. Ëmmerhin sinn dausenden, oder wéi den Här Mischo soe géif, zéngdausenden Leit bei den Events dobai gewiecht, an dat vun iwwerall hier! Vum Lampertsbierg, vum Belair, vu Gaasperech… alleguerten hu se matgemaach, well jo och dat partizipativt esou wichteg an genial wor. Kommt mir maachen hei och lo mol eng partizipativ Quiz-Fro: Wéi dax huet den Escher Kulturservice missen déi 3 Leit virun der Wiirschterchers-Bud zielen, bis se behaapte konnten, et wieren 60.000 Leit bei der Nuit de la Culture dobaigewiecht? Ma nee, lo vergläicht dach dat w.e.g. net mat denen 2,6 Mio. Visiteuren déi déi lithauesch Stad Kaunas besicht hunn, déi 2022 och Kulturhaaptstad wor, dat ass onfair! Déi haten just d’Hallschent vum Budget an hu vill méi op lokal Projeten gesat, dat hätt jo all Mënsch maachen kënnen. An eist Motto hei am Süden wor eben manner Mënsch, méi Maschinn!

Wat wäert an Erënnerung bleiwen? De Start vun de Rakeiten am Numm vun der Nohaltegkeet? Den generéisen Asaz vun ArcelorMittal a vu BMW fir eis Kultur? Déi emouvant Versich vun der Grandduchesse hieren Image opzepoléieren andeems si sech mat Kultur d’Blut vun hieren Haussklavinnen vun den Hänn wäsche wollt? Oder awer Momenter wéi deen, wou dat lescht Haischen um Minett-Trail fäerdegginn ass (…) ah, et ass nach net fäerdeg?! D’Bridderhaus? Ass och nach net fäerdeg. Mee d’Velosbréck? Déi gouf éischt een Dag no der Ofschlosszeremonie ageweit? Mee dat heescht jo, dass op manst d’Kulturhaaptstad fäerdeg ginn ass, voila, dat ass alt eppes. 

Ech soen ëmmer, mir wollten mol eppes anescht maan. E Saz, deen een och als Kapitän vun der Titanic soe kann. Vill Froen sinn oppe bliwwen. Wollten se um Belval wierklech Kultur? Wossten d’Black Eyed Peas ouni Fergie iwwerhaapt den Numm vun der Stad an der se gespillt hunn? An wat hat eigentlech dat Ganzt mam Thema Remix ze dinn? Mir wäerten et wuel ni erausfannen. 

Elo ginn d’Luuchten sou lues ausgemaach, d’Stroosseschelder nees ofgebaut an d’Raten verloossen d’Schëff. Den Escher Kulturschäffen zitt sech an ee Palais mat Subventiounen, Koks a jonken Ugestallten zeréck – an d’Konschthal. Kreativitéit zu Esch huet endlech näischt méi mat Konscht ze dinn, mee mat dem Emgank mat Budgetsrapporten. An den Escher Buergermeeschter kritt endlech nees Froen iwwer gescheitert Sport-Projeten amplaz iwwer gescheitert Kulturprojeten gestalt. An ech genéissen hei och just nach meng kleng Abschieds-Tournée.

Ob dëser Abschiedstournée sinn ech haut bei (liest vum Ziedel of) “Richtung22”. Deren hiert grousst Konschtstéck dëst Joer wor et, sech sou onbeléift ze maachen, dass d’Escher Gemeng et hinnen elo mol net méi den Schwéiermetall-verpeschten Buedem, déi asbest-verseucht Kummeren an bakteriell verknaschten Waasser am Bâtiment 4 gönnt. Wat Richtung22 sou dëst Joer gemaach huet, gi mer elo gewuer, ech bieden op d’Bühn den Mäzen vum Richtung22-Projet, den Kinnek Agora. Applaus w.e.g.


Pressespiggel

“Richtung 22 feiert Funeral Party no Esch 2022” (RTL, 29.12.2022)
“Esch 2022 : un grand remix et puis s’en va !” (Quotidien, 24.12.2022)
“Manner Mensch, méi (Geld)maschinn” (Tageblatt, 30.12.2022)


Affiche Esch2022 Funeral Party