Zine01: An eisem Heft sti méi Fraennimm wéi am ganze Lycéesprogramm (2020)

zenseiert gesiichter vu kenschtlerinnen

An eisem Heft sti méi Fraennimm wéi am ganze Lycéesprogramm.

Mir hunn eng Kampagne mam Zil lancéiert, de Konschtgeschichts-Programm ze änneren. Mir wennen eis domat un den Educatiounsministère, un d’Schoulen an d’Proffen – mee virun allem un d’Schüler*innen! Op der Strooss beim Fraenstreik, haut am Lycéesprogramm: Mir Fraen huelen eis déi Platz déi eis verweigert gouf a wäerten eis Virgängerinnen net vergiessen a net vergiesse loossen.


Eisen éischten “Zine” (Kuerzform vu Magazine) kann och hei rofgeluede ginn.


D’Grondiwwerleeungen fir d’Kampagne

Hei eng Rei Texter aus eisem Zine, fir op d’Inhalter vun eiser Kampagne anzegoen. Mir si souwuel theoretesch virgaangen, fir d’Hannergrënn vum “Mangel” vu Fraen an der Konschtgeschicht ze beliichten, wéi och praktesch andeems mer eng konkret Lëscht als Géigevirschlag zum aktuelle Programm ausgeschafft hunn déi direkt iwwerholl gi kéint.

Introtext / Fuerderungen
Mir fuerderen, dass 50% vun deene Konschtschaffenden um Premièresprogramm vun de Konschtsektioune Frae sinn – aktuell sinn et der 5,6%.

Fraen an der Konschtgeschicht, dat sinn de Moment virun allem d’Musen, d’Liebhaberinnen oder d’Mammen – oder eben en “Objet” de gemoolt a bemoolt gëtt. Verschidde Kënschtler, déi an der Schoul an der Konschtgeschicht behandelt ginn, stellen Fraen als Monster duer (de Kooning) oder behaapten se kéinte keng Konscht schafen (Baselitz).

Leit déi soen, d’Lëscht mat de Konschtschafenden um Premièresprogramm géif d’Realitéit erëmspigelen hunn deelweis Recht. Mee wat ass dat fir eng Realitéit. D’Realitéit, dass d’Konschtgeschicht vu Fraenfeindlechkeet geprägt wor, dass Kënschtlerinnen systematesch ënnerdréckt goufen an ni déi nämmlecht Chancen haten? D’Realitéit, dass et nach ëmmer net gewollt ass, dass Fraen eng Karriär an der Konscht a Betruecht zéien? D’Realitéit, dass et am Lëtzebuerger Schoulsystem och am Joer 2020 nach fir schlau gehale gëtt, Schüler*inne Lëschten auswenneg léieren ze loossen?

Et geet och anescht. An de folgenden Texter weise mir, wéi Kënschtlerinne d’Konschtwelt geprägt hunn obschonns si wesentlech méi schwiereg Viraussetzungen haten. Mir weisen, dass de Konschtgeschichtsprogramm net just d’Realitéit vun engem sténkege Männer-Veräin, mee och d’Realitéit vu impressionanten an avantgardistesche Kënschtlerinnen erëmspigele kann. Et gëtt Zäit, dass déi Kënschtlerinnen Virbiller si kënnen.

De Programm vun de Premières E-Klassen ze änneren ass ee klenge mee wichtege Schrëtt. Déi nämmlecht Iwwerleeunge fir d’Literatur-Fächer an och d’Mathe a Naturwëssenschaften ze maachen ass deen nächsten.

Den aktuelle Schoulprogramm vun der Première E (section éducation artistique)

Den aktuelle Schoulprogramm vun der Première E (section éducation artistique)

Plakater mat kenschtlerinnen um Fraenstreik
Op der section éducation artistique (E), d’Konscht Spezialisatioun am Classique, solle Schüler*inne mat diverse Sparte vun der Konscht vertraut gemaach ginn. Am Schoulprogramm vun der Première E fir d’Joer 2019/2020 fënnt een (op education.lu) ënner Konschtgeschicht eng Oplëschtung vun der klassescher Moderne bis Postmoderne vun där d´ Ziel ass, de Schüler*inne “les grands courants artistiques et leur vocabulaire spécifique” méi no ze bréngen. Vun den insgesamt 54 Konschtschafenden déi an dësem Volet théorique mam Numm genannt ginn, sinn 3 dovu Kënschtlerinnen. De Nouveau Réalisme ass déi éischt Konschtstréimung wou mam Niki de Saint Phalle eng Kënschtlerin opkënnt. Mam Jeanne Claude (zesumme mam Christo) als Vertriederin vun der Landart a mam Cindy Sherman als Appropriation Art Kënschtlerin ass dann och schonn d’Lëscht komplett. Dat entsprécht net mol 6 % Fraenundeel.

Och wann Texter an d’Léierpersonal ënner Ëmstänn weider bekannt Kënschtlerinnen ergänzend erwänen, läit de Fokus op der Reproduktioun vun enger männlech dominéierter Siicht op d’Konschtgeschicht. Bei dëser Zesummestellung vum Programm, entsteet den Androck dass et an der Konschtgeschicht keng bedeitend Kënschtlerinne gouf, respektiv des eréischt ab der Mëtt vum 20. Joerhonnert opkomm wieren. D´Reproduktioun vun dëser Negatioun befeiert een Däiwelskrees deen net zum Opschaffe vun der tatsächlecher Konschtgeschicht, mä zu enger fortwährender Ënnerdréckung vun der Siichtbarkeet vu Kënschtlerinne bäidréit. Kënschtler sinn haut méi bekannt wéi Kënschtlerinnen, well een iwwert si schwätzt, beriicht an ënnerriicht, an net well d Kënschtlerinnen aus den nämmlechten Epochen a Regioune manner begaabt, present oder bedeelegt gewiescht wieren. Dobäi kënnt nach dass vill méi jonk Frae wéi jonk Männer op der E sinn. Den Androck deen si vermëttelt kréien, ass dee vun der Fra als Sujet an der Konscht, als Muse a Modell vu Männer an net als aktiv a kreativ Konschtschafend. Esou dréit de Konschtgeschichtsprogramm, och 2020 nach, zur Verfestegung vu Stereotyppen an ënnerdréckeresche Gesellschaftsbiller zu Lëtzebuerg bäi.

Firwat ginn et keng bedeitend Kënschtlerinnen?

Firwat ginn et keng bedeitend Kënschtlerinnen?

Plakater mat kenschtlerinnen um Fraenstreik
Dëser Fro ass d’Wëssenschaftlerin Linda Nochlin 1971 nogaangen an huet domat de Grondstee vun der feministescher Konschtgeschicht geluecht. D’Linda Nochlin verzicht nämlech dorops dës Fro ze beäntwerten andeems si eng Lëscht mat wichtegen oder ze mann gewierdegte Kënschtlerinnen opzestellt. Et géif weder dorëms goe Kënschtlerinnen ze nennen, déi vergiess goufen oder rëmentdeckt gi missten an och net dorëms, dass et an der Fraekonscht aner Qualitéite géif ginn, wéi an der Männerkonscht. Wien sou argumentéiere géif, géif déi onfair Viraussetzungen akzeptéieren ënnert deenen d’Fro selwer iwwerhaapt zustanen komm ass. Si seet, dass d’Art a Weis wéi d’Fro gestallt ass a wéi d’Konschtgeschicht insgesamt funktionéiert deen eigentleche Problem ass. Et gëtt eng männlech Schabloun benotzt fir ze definéieren, wien bedeitend ass a wien net. D’Fro selwer, och als “Fraen-Fro” bezeechent, beäntwert d’Linda Nochlin dowéinst als éischt mol domat ze soen, dass et tatsächlech keng bedeitend Kënschtlerinne gouf. De Grond dofir gesäit d’Linda Nochlin net a perséinleche Schicksaler vun all deenen eenzele Kënschtlerinnen déi et “net gepackt hunn”, mee an engem vu Männer dominéierte Bewäertungssystem an der Konschtgeschicht an den Hürde fir d’Fraen an der Konschtwelt insgesamt. Wéieng Grondviraussetzungen hu Männer, wéieng Fraen – a wéi ginn si bewäert.

Als Beispill nennt d’Linda Nochlin den Ëmstand, dass et och keng bedeitend adeleg Konschtschafender gouf – well et grondsätzlech fir Adeleger net virgesinn an net méiglech war esou eng Karriär ze verfollegen. Als Beispill fir grondsätzlech Hürde fir Fraen nennt d’Linda Nochlin de Fakt, dass et Frae laang Zäit net erlaabt war un Akt-Zeechecoursen deelzehuelen, obwuel dës mat déi wichtegst Ausbildungsmethode war. Fraen hate generell keen Zougank zu de Konschtschoulen an den Atelieren, si goufen net gefërdert an net ënnerstëtzt – si sinn ëmmer an der Amateurkonscht hänke bliwwen. “Bedeitend” oder och “ee Genie” ze ginn huet geheescht selbststänneg bleiwen ze kënnen – dat huet duerch de gesamte Verlaf vun der Konschtgeschicht haaptsächlech op d’Liewensrealitéite vu wäisse Männer aus der Mëttelschicht gepasst. Frae missten Hausfrae sinn, Kanner kréien a betreien. E “Genie” ze sinn, wier domadder automatesch un d’männlecht Geschlecht gebonnen. Och am 19ten Joerhonnert, wou et sou lues méi Méiglechkeete fir Frae gouf, sinn Hürde bestoe bliwwen – generell hate Fraen, anescht wéi Männer, net d’Méiglechkeet eng Famill an eng Karriär ze hunn, mee hätten sech entscheede missen.

An dësem Heft wëlle mir also net just op déi vill Kënschtlerinnen opmierksam maachen, déi am Konschtgeschichtscours feele mee och drop hiweisen, wéieen Impakt d’Feele vu Virbiller huet. Et geet drëms jonk Fraen an hirem Wonsch eng kënschtleresch Karriär unzefänken eescht ze huelen an z’ënnerstëtzen an dem Klischee vum Kënschtler als gebilten, wäisse Mann eppes entgéintzesetzen.