Zine02: Kënschtlerinne vereenegt iech! (2021)

Iwwersiicht: Zine; Inhalt; Interviews; Resourcen.


Eisen zweeten “Zine” (Kuerzform vu Magazine) kann och hei rofgeluede ginn.


Inhalt

Why Have There Been No Great Women Artists?
Poderosas
Womanhouse
Autrice? dir mengt wuel Auteur
The new normal - Primavera Music Festival
Definition Intersectionality
Literature francaise?
Samia Benameur
Djaimilia Pereira de Almeida
Resenha do livro: Neighbours - Momplé Lília
Lucila Godoy Alcayaga
Woody Allen: Muecht a Mëssbrauch
La séparation entre la victime et l’artiste
Blog-Review C'est Karma
Male Gaze - Female Gaze
3 Froen u Maskénada
The Old Boys Network
Zweete Fraestreik: Sozialpolitik als Basis fir Geschlechtergerechtegkeet
Mäzenat vu FLINT*-Persounen
Interview Rubin Kind
Definition Kanonerweiterung

Témoignagen

Am Zine si just Ausschnetter vun den Témoignagen, déi mir gesammelt hunn ze fannen: hei elo déi komplett Äntwerten.
1. Stell dech an engem Saz fir:
– Mäin Numm ass Lisa, ech sin 24 Joer al an 2017 opgrond vun mengem Studium op Berlin geplënnert.
– Ech sinn Schauspillstudentin an der Belge.
– Ech sinn d’Charlotte, aka Hikikomorichi an studéieren zu Rotterdam.
– Moien ech sinn d’Ada an muss mech oft selwer dovunner iwwerzeegen dass ech eppes wierklech kann.
– Ech sin Kënschtlerin, zur Zäit schaffen ech mat Textilien, Broderie, wat u sech en urweiblecht Medium ass.
– Ech sinn d’Jil, 22 Joer al, an hunn eng immens Passioun fir analog Fotografie a Konscht.
– Ech sinn eng feministesch engagéiert Musikerin.
– Moien, ech sinn d’Marie Weis, sinn 22 Joer al an ech studéieren Jazz-Gesang zu Maastricht.
– Hallo ech sin d’Anne an ech spillen gären Theater, danzen, klammen, machen Sachen DIY an bitzen an molen och mol. Ganz vill Zeit hunn ech leider net dofir well ech nierwendrun den Medizinstudium hunn.

2. Erziel an engem Saz iwwer den Beräich an deem s du täteg bass/studéiers oder an deem s du spéider schaffe wëlls.

– Am Moment studéieren ech Däitsch Literatur an Philosophie am Bachelor, woubäi ech en Master am Bereich Kulturjournalismus ustriewen, well ech spéiderhin och an dem Beréich schaffen wëll.
– Ech wëll herno als Schauspillerin am Theater hei zu Letzebuerg schaffen.
– Kommunikatiounsdesign ass amfong alles wou Probleemer mat enger kreativer Ausernanersetzung an Ëmsetzung geléist ginn.
– Ech studéieren Illustratioun (Bachelor) an schaffen niewenbei als Freelance Illustrator.
– Ech sinn lo grad nach op enger Première E, an géing gären audiovisuell Konscht maachen.
– No menger Arbecht als ATM Labo, duerno Studium Gardentherapie, schaffen ech elo als Kënschtlerin.
– Ech studéieren momentan an mengem leschten Semester Konschtgeschicht an Englesch, hunn fir een Master an Museum & Heritage Studies ze maachen an spéider an engem Musée ze schaffen.
– Ech maachen meng Première A dëst Joer an schaffen niewenbäi als Kënschtlerin. Ech hoffen, dass ech an Zukunft weider am Kulturberäisch schaffe kann.
– Ech studéieren Schauspill an ech geif gäeren speider am Theaterberäich schaffen.
– Ech sinn haaptsächlech am Pop/Jazz Musiksberäich täteg, an et ass ganz oofwieselungsreich, vue dass d’Leit oft aus ganz verschiddenen Hannergrënn (musikalesch sou wéi kulturell) kommen an een domat probéiert zesummen eppes ze schaafen.
– Et as een Beräich, deen een mat Leidenschaft ausüben muss, an deen net nemmen visuell Fähigkeiten mat anbezitt.

3. Erziel kuerz wat s du studéiert/geléiert hues an firwat dass du dech dofir entscheet hues? Erziel ob s du Schwieregkeeten haas an dësen Studiegang/Léier ran ze kommen oder am Laf vun dengem Studium oder Aarbechtswee Steng an de Wee geluecht krus opgrond vun dengem Geschlecht.

– Ech hu mech dozou entscheet däitsch Literatur an Philosophie ze studéieren, well ech schon emmer eng immens grouss Passioun fir Bicher haat, an dëst duerch mäin Studium verdéife wollt. Donieft schreiwen ech och selwer reegelméisseg Texter – egal ob et sech dobäi ëm Gedichter oder Kuerzgeschichten handelt -, woubäi mir mäin Studium nach eng ganz aaner Vue op déi ënnerschiddlch Textgattungen an literaresch Prozesser vermëttelt huet. Schwieregkeeten opgrond vun mengem Geschlecht hat ech weder fir an den Studiengang ran ze kommen nach am Laf vu mengem Studium. Wärend mengem Stage huet daat awer oft anecht ausgesinn. Heefeg gouf ech dorop opmierksam gemeet, dass mäin Erscheinungsbild net deem entsprécht, wat eng “Fraa” no baussen hin ze representéieren hätt, schon guer net fir um Aarbechtsmaart bestooe ze kennen. Soumat wier et mir quasi onméiglech, fir jeemols berufflech Fouss ze faassen, well Leit mat sou engem Ausgesinn normalerweis net géiffen agestallt gin. Schlisslech kéint een doduerch op zwou Saachen schléissen: Eischtens op Faulheet an zweetens op vill ze vill Selbstvertrauen. An ze vill Selbstvertrauen géiff onweigerlech dozou féieren, dass een net capabel wier, fir Rotschléi vun aaneren Leit unzehuelen an eppes bäizeléieren. De leschte Schaffdag koum zwar dunn d´Bemierkung, dass dat zwar erstaunlecherweis net op mech zoutreffe géiff, mee daat kéinnt een jo schlisslech net schon am Virstellungsgespréich wëssen, dowéinst wier et och absolut legitim, Leit wéi mech opgrond vum Ausgesinn net anzestellen an dodrop soll ech mech schon mol a mengem spéideren Berufsliewen gefaast machen. Mat aneren Wieder: D´Professionalität vun engem Mensch gëtt net zwéngend un sengen Fäegkeeten fest gemaach, mee un gesellschafltech festgeluechten Normvirstellungen, deenen een entweder entsprécht oder net. Um Ufang hun ech daat extrem perséinlech geholl an mir méi wéi eng Kéier d´Fro gestallt, firwat ech net einfach engem bestëmmten Bild entsprieche kann, an waat mat mir als Mënsch net stëmmt. Mëttlerweil weess ech awer, dass net mäin Ausgesinn den tatsächleche Probleem as, mee d´internaliséiert Virstellungen déi nach ëmmer an den Käpp vun verschiddenen Leit rondrëm geeschteren. Daat féiert leider nach vill ze oft dozou, dass Leit hir Matmënschen op en Brochdeel vun deem waat hir Perséinlechkeet eigentlech ausmécht, reduzéieren an hinnen Steng an d’Wee leen, wou keng higehéieren.

– Et war virun allem schwéier als Meedchen an eng Schauspillschoul ranzekommen, well et proportionell vill méi Meedercher gëtt wéi Jongen, mee schlussendlech awer 50/50 vun den Geschlechter ugeholl gouf. Jongen hunn gefillt missten just gudd spillen an gudd ausgesinn, an dann huet et net laang gedauert bis se ugehol goufen. Bei den Fraen war et schon mei schwéier, well awer dei meescht ganz gutt spillen konnten an demnowéi haaten mer vill méi Konkurrenz. Ech schwätzen hei virun allem vun Däitschland wou ech an iwwer 12 Schauspillschoulen virschwätzen war. An der Belsch gouf ech lo ugehol, wou si net op Geschlecht opgepasst hunn an am Emdeffekt just 4 Jongen vis-à-vis vun 17 Meedercher ugeholl goufen.

– Ech studéieren grad Kommunikatiounsdesign an ech han mech dofir entscheed, well ech ëmmer well den Drang dozou haat eppes ze man, ze kreéieren, mee ech trotzdem ëmmer well Rahmenbedingung gebraucht han, also quasi eng Aufgab oder een Problem fir ze léisen. Ech haat ni een Problem domat an dësem Studiengang anzefänken oder ze léieren. Also direkt schlecht Erfahrungen han ech ni sammlen mussen, an wann dann haaten se näist mat mengem Geschlecht ze doon.

– Nodeems ech eng Artistique Technique gemeet hun, wollt ech am Ausland studéiren. Wat mech gereizt huet un Illustratioun zu Rotterdam war déi héich Unzuel un internationalen Studenten, duerch d’Englesch als Haptsprooch vum Studium an dass den Curriculum den Studenten extrem vill Fraiheet léist hiren eegenen Wee ze fannen. Souwuel op Artistique, wéi elo am Bachelor ass den Gréisstendeel vun Studenten ëmmer Fraaen gewiescht. Mee déi meescht Proffen sin eeler Männer an déi meescht Kënschtler dei mir behandelen sin Männer, net ofzegesin, datt et meeschtens och extrem europazentresch/westlesch Kënschtler sin. Dat léist een hoffen dat et an Zukunft wat Geschlecht an Hirkunft ungeet, méi gleichgestallt an diverse wäert ginn.

– Bis lo an der Schoul hunn ech mech oft fir net eescht genuch geholl gefillt. An verschiddenen Filmoptiounen gouf ech vun männlechen Matschüler an Proffen fir net kompetent genuch (wat zum Beispill d’Technik betrëfft) gehale an ech konnt mech deementspriechend net sou ausliewen wei déi männlech Matschüler. Ech hunn lo den Problem, dass ech bei externen Projeten mech selwer ënnerschätzen an mech wei eng Hochstaplerin fillen.

– Ech hun ëmmer a soziale Berufer geschafft, wou ech opgrond vu mengem Geschlecht keng Problemer haat. Allerdengs durft ech durch meng Erzéiung net mäin gewënschten Berufswee aschloen. Fir meng Eltern war et wichteg, e sécheren Beruf, net Kënschtlerin, ze hun, sech ze bestueden a Kanner ze kreien. Esou dass ech iwer gewëssen Emweer zur Konscht komm sinn.

– Ech hunn mäin Studiengang mat der Iddi ugefaang, datt ech no mengem Bachelor Engleschproff an Lëtzebuerg giff ginn. Mee am Laaf vu mengem Studiengang hunn ech réaliseiert, datt mir Konschtgeschicht vill méi zougesot huet wéi Englesch, sou dass ech mech dozou entscheed hunn souwuel meng Bacheloraarbescht an der Konschtgeschicht ze schreiwen, wéi och mir meng Zukunft an der Konschtwelt firzestellen. Et war schéin déi zwou Diiren oppen ze hunn. Leider huet den Lockdown an Schottland verhënnert, datt ech een Internship an der Aberdeen Art Gallery konnt maachen, an ech hunn och déi Joren firdrun ni d’Meiglechkeet kritt eng aaner Léier ze maachen. Waat meng Fotografie ugeet, hunn ech daat Gefill datt ech oft als Fra net eescht geholl ginn, bzw net op där selwechter Basis beurdeelt ginn wéi Männer am Beruff.

– Als Fra an der Konschtszene huet een et ëmmer méi schwéier. Et gett een manner seriö geholl, egal ob vu Leit aus der Industrie, Journalisten oder Musiker. Ech treffen oft op männlech Musiker oder Tountechniker di meng Fähegkeeten ennerschätzen well ech Fra sinn. Ech muss mech oft méi beweisen an méi haart schaffen fir un dat selwecht Ziil ze kommen wéi meng männlech Kollegen.

– Ech hun mech entscheed Schauspill ze studéieren, well et fir mech schon ëmmer wichteg wor op Wieder opzepassen, ze léieren wéi een virun Leit schwätzt an haptsächleg wei een engem nokukt, mat enger bienveillance an ouni en Mënsch ze jugéieren. Ech krut als ‘jonk Fra dei magrebinesch Originen huet an net eng Heidi Klum Figur huet’ oft gesot ech wier ze ‘Männlesch’, ech sollt mei ‘vulnérabiliteit weisen’, dass wann ech meng ‘Féminiteit’ net géif assuméieren, dass ech dann guer net an deen Milieu giff gehéieren. Ech kréien oft bei Auditiounen gesoot, dass ech net genuch arabesch ausgesin fier eng ‘arabesch’ fra ze spillen awer och net genuch ‘europäesch’ fir dann eng europäesch fra ze spillen (wat och ëmmer dat soll heeschen hahaha). Soss kënnt oft déi Fro vun der ‘Männlechkeet’ an ‘Weiblechkeet’ erëm. Dass ech Kleeder soll am Kuer undoen, déi ‘meng Formen’ méi betounen oder dass bei auditiounen ‘Décolté ni schueden kann’. Dat sinn Saachen déi engem Steen an den Wee leeën, zumindest mir.

– Ech hunn als Kand Piano geléiert, an ech hunn am Chouer gesong, wat dohinner gefouert huet, dass ech Jazz-Gesang studéieren. Et war deelweis schwéier, well et een onüblechen Wee ass, mee zu dem Moment war et net opgrond vu mengem Geschlecht, mee opgrond vum ‘onsécheren-ugesinn’-en Wee.
Wat awer ass, ass dass ech als Sängerin schon oft gesot a vermëttelt krut, dass een seng ‘Femininity’ op der Bühn verkafen/auslierwe soll. Dat krut ech perséinlech net vun engem Mann gesoot, mee vun enger Fra. Dat war fir mech immens schwiereg an et huet mech bal dozou bruecht, mam Studium opzehaalen.
Anererseits war ech oft dat eenzegt ënnert mengen Co-Gesangsstudentinnen, wat fir een normalen Band-examen (deen net wierklech ëffentlech ass) NET erausgefiizt op der Bühn stung. Dobäi muss ee wessen: All déi aner Instrumenter (virun allem vu Jongen besat) sinn ganz seelen extra flott ugedoo, a wann se dat sinn da sinn et Meedercher (zB Pianistinnen). An et gëtt natierlech domm iwwert d’Sänger geschwat, déi dann schéin ugedo sinn. Awer wéi ech net esou chic op der Bühn stung, krut ech gesot ech giff esou ausgesinn wéi ee ‘Scout’.
Ech hunn héieren, dass aner Sängerinnen (dat hei war an der Belscht, net am Studium) gesot kruten, dass se sollen déiwen Ausschnett droen op der Bühn, well d’Broscht mat d’Ticketen verkeeft.
Rëm am Studium hunn ech vill vun Fraen déi ‘ontypesch’ Instrumenter fir Frae spillen (zB E-Bass, Batterie) héieren, dass se nëmmen ugeholl guffen an Gigs kréien well sie Frae sinn. Dass et just ass fir d’Quota ze erhéijen. Als Sängerin geet et eben vill ze vill ëm d’Ausgesinn.

– Ech hu Film und Fernsehen studeiert, well ech mech schon ëmmer fir d’Bildsprache interesséiert hun an well an engem Film vill kreativ Richtungen zesummen schaffen kennen. Schwieregkeeten an Steng ginn menger Meenung no am Ufang oft gestallt. Natierlech an am beschten wou Männer éischter dominéieren, muss een sech als éischt mol beweisen.

4. Waat wëlls du Leit, déi dësen Zine liesen an nach ongewëss sinn, wat si machen wëllen, matdeelen?

– Ech wëll Leit, déi dësen Zine liesen mat op de Wee gin, dass si sech op kee Fall an hire Choix draschwätze loosse sollen, egal fir wéi en Wee si sech entscheeden. De Wee, dee sech fir dech richteg ufillt ass den richtegen, onofhängeg dovun ob deng Elteren oder aner Leit aus dengem Ëmfeld däin Choix kritiséieren. Schliisslech muss du däin Wee goen, an net déi 100 Stëmmen déi dir soen, wei falsch, onnëtz an aussiichtslos däi Wee as. Wichteg ass, dass du däin Wee mat Léidenschaft geess, och wann daat heiansdo bedeit, mat Widderstänn vun Baussen konfrontéiert ze gin.

– Och wann definitiv eng Injustiz existéiert an et en méi groussen Kampf als Fra gett, heescht dat net dass mer eis kleng maen sollen, mee ganz an Géigendeel eis grouss maachen an jäitzen – och wann mer riskéieren dass et net gutt ukënnt. An nach eppes ganz wichteges, erënner dech ëmmer, bevir s du enger aner Schauspillerin net hëllefen wëlls aus Angscht, dass hat eng Roll krit, déi s du häss kéinten kréien, dass de Gewënn vun all Fra och de Gewënn fir dech ass!

– Keng Angst firdran han eppes „falsches“ ze man, oder eppes „falsches“ anzefänken. Alles hëlleft engem irgendwi dobäi genau ze fannen wat een gären man well. Allgemeng Tips: oppen sen fir Neies, Nolausteren, konstruktiv Kritik ernst mee net perséinlich hualen, sech aus senger Komfortzone pushen an trotzdem man wu een Bock drop hat!

– Den Konschtsecteur huet Platz fir jiddereen (oder sollt), och wann een sech leider oft déi Platz selwer erschaffen muss. Konscht zu Lëtzebuerg wiist all Daag an den Fakt, datt et sou een klengt Land ass sollt en net als Nodeel ungesin, mee als Virdeel, wouduerch een méi einfach kann mat verschiddenen Leit connectéieren. Ech hun vill Glaawen an déi méi jonk Géneratiounen un Kreativen, suwuel an Lëtz ewéi am Ausland, fir datt se den Konschtsecteuren wäerten mei divers a wëllkomm machen. At least, that’s what I hope for.

– Du dierfs méi Platz anhuelen wei der vun alen wäissen Männer zougesprach geet. Du bass net eleng. Stay soft!

– Opgrond vu mengen Erfahrungen denken ech, et ass egal wat een machen wëll. Wann een de Wunsch huet, e bestëmmten Beruf ze machen, wei z.b. Konscht, soll een sech net vun aneren vu sengem Wee ofbréengen lossen. Finanziell Sécherheet ass wichteg, awer e Liewen an deem falschen Beruf verbréngen ass op Dauer frustréierend an mécht mat Sécherheet net glécklech.

– Wann een engagéiert an motivéiert un een Zukunftsprojet rugeet, ass daat schon een riisen Schrëtt. Maach eppes waat däin Härz erfëllt an dech lieweg fillen léisst.

– Studéier/Schaff wats de wells! A wann s de dech wéinst dengem Geschlecht diskriminéiert fills, trau dech dech ze wieren oder vertrauten Persounen ëm Ënnerstetzung froen!

– Egal wéi weineg een wees wat een well, et dierf, an soll een sech suguer ieren. Ech géif soen, dass et ëmmer nice ass eppes ze probéieren, dann eraus ze fannen, dass et villäicht net dat ass, an dann all Erfahrung sammelen an lues a lues opschreiwen wat een op KEEE FALL well maan well an dann kuken wat na iwwereg bleift!!;)

– Villes ass richteg blöd an eiser binary-Welt, ob als Mann oder als Fra oder aanescht (ech weess grad net méi, wéi ech dat politesch korrekt soe kann, entschëllegt!). Dat allerwichtegst ass, dass du deng Léift fir d’Musik / Konscht net opgess well iergendeng Proffin, iergendee Matschüler dech probéiert an een Tirang ze stiechen. Ech probéieren trotz deenen Erlierfnisser all Dag ech selwer ze sinn an iwwerhaapt net drun ze denken, wat fir eng Genitalien ech an der Box hunn ;-)

– Et sollt een ëmmer dat maachen op wat een Loscht huet, an sech vun näischt demotivéieren loossen.

– Ech hunn am Ufank gezweifelt, zwëschend engem Schauspillstudium an dem mei sécheren Medizinstudium. An ech weess, datt wann mech Medizin manner interesseiert hätt respektiv ech net d’Noten gehat hätt, fir dat ze maachen, hätt ech en aneren Wee gewielt. Mee well ech Méiglechkeet hat, hunn ech mech decidéiert et ze probéieren an bereien et och net. Natierlech feelt Zäit fir nierwendrun vill Theater ze maachen, wat immens schued ass, mee ech hoffen dat soubal ech diploméiert sinn, ech rëm bëssi méi Zäit dofir fannen kann. An ech sin och frou kënnen Theater nach ëmmer als Hobby, als eppes wat mir Spaass mécht ze gesinn, an net als eppes wat ech maachen muss fir Geld ze hunn.


Resourcen

Articles:

Don’t forget the women who forged Saudi Arabia’s Art Scene:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-forget-women-forged-saudi-arabias-art-scene

Do women dealers represent more women artists?: 
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-dealers-represent-women-artists-crunched-numbers

How artists in Turkey are responding to violence against women:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-artists-turkey-responding-violence-women

How female artists are subverting the mainstream portayal of women:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-female-artists-subverting-mainstream-portrayals-women

How the female gaze is changing photographs women:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-female-gaze-changing-photographs-women

How women artists in victorian England pushed photography further:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-artists-victorian-england-pushed-photography-forward

Inside the effort to write women into art history:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-inside-effort-write-women-art-history

Nearly $20.000 wage gap between menand women working in the arts, study finds:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-new-study-finds-women-in-arts-make-almost-20-000-less-than-men

The forgotten women who hand-painted the first colour films:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-forgotten-women-hand-painted-first-color-films

The overlooked, radical history of black women in art:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-overlooked-black-women-altered-course-feminist-art

The overlooked role of black women in european Renaissance paintings:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-overlooked-role-black-women-renaissance-paintings

The pivotol role that women have played in Surrealism:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-surrealism-muses-masters

The women of the Bauhaus School:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-bauhaus-school

The women of Dada, from Hannah Höch to Beatrice Wood
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-dada-hannah-hoch-beatrice-wood

The women who built the New York art world:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-built-new-york-art

You can be a mother and still be a successfull artist:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-why-motherhood-won-t-hinder-your-career-as-an-artist

Why old women have replaced young men as the art world’s darlings:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-replaced-young-men-art-worlds-darlings

Why we don’t see more pregnant women in art history:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-pregnant-women-art-history

Women recount decades of sexual harassment and assault in the art world:
https://www.artsy.net/article/artsy-editorial-women-recount-decades-sexual-harassment-assault-art

Books:

Armstrong, Carol / de Zegher, Catherine (Hrsg.): Women artists at the millennium, Cambridge, 2006.

Aston, Elaine (Hrsg.): Feminist futures? Theatre, performance, theory, Basingstoke, 2006.

Becker-Schmidt, Regina / Knapp, Gudrun-Axeli (Hrsg.): Feministische Theorien zur Einführung, Hamburg, 2003.

Broude, Norma / Garrard, Mary D.: Feminism and art history. questioning the litany, New York, 1982.

Broude, Norma / K. Judith (Hrsg.): The power of feminist art. The American movement of the 1970s, history and impac, New York, 1994.

Chadwick, Whitney/ Guerrilla Girls (Hrsg.): Confessions of the Guerrilla Girls, New York 1995. 

Butler, Judith / Weed, Elizabeth: The question of gender. Joan W. Scott’s critical feminism
Bloomington, 2011.

Chadwick, Whitney: Women, Art and Society, New York, 1990.

Cugini, Carla (Hrsg.): Andrea Fraser – Texte, Skripte, Transkripte, Ausst. Kat, Köln, Museum Ludwig, 21. April 2013 – 21. Juli 2013, Köln, 2013.

Dietze, Gabriele u.a. (Hrsg.): Gender kontrovers. Genealogien und Grenzen einer Kategorie, Königstein/ Taunus, 2006.

Fraisse, Geneviève: Muse de la raison, Démocratie et exclusion des femmes en France, Alinea 1989, Folio Gallimard, 1995, 2017.

Franke, Ivonne u.a. (Hrsg): Feminismen heute. Positionen in Theorie und Praxis, Bielefeld, 2014.

Grane, Anke; Kopf, Martina; Kraus, Magdalena: Feministische Theorien aus Asuen, Afrika und Lateinamerika

Greenberg, Reesa / Ferguson, Bruce W. / Nairne, Sandy (Hrsg.): Thinking about exhibitions, London, 2006.

Haraway, Donna: Die Neuerfindung der Natur. Primaten, Cyborgs und Frauen, Frankfurt a. M., 1995.

Haraway, Donna: Monströse Versprechen. Die Gender- und Technologie-Essays, Hamburg, 2017.

Haraway, Donna: The Haraway reader, New York/ London, 2004.

Harcourt, Wendy: Bodies in resistance. gender and sexual politics in the age of neoliberalism, London, 2017.

Hatt, Michael / Klonk, Charlotte: Art history. a critical introduction to its methods, Manchester, 2006.

Kaiser, Monika: Neubesetzung des Kunst-Raumes. Feministische Kunstausstellungen und ihre Räume, 1972 – 1987, Bielefeld 2013. 

Kravagna, Christian (Hrsg.): Das Museum als Arena. Institutionskritische Texte von KünstlerInnen, Köln, 2001.

Kroll, Renate (Hrgs.): Metzler-Lexikon Gender Studies, Geschlechterforschung. Ansätze – Personen – Grundbegriffe, Stuttgart, 2002.

Langer, Cassandra L.: Feminist Art Criticism: Turning Points and Sticking Places in Art Journal, Vol. 50, No. 2, Feminist Art Criticism (Summer, 1991), pp. 21-28 

Lippard, Lucy R.: From the center. feminist essays on women’s art, New York, 1976.

Ngan-Ling Chow, Esther: Race, class and gender. common bonds, different voices, London ,1997.

Nicholson, Linda J.  (Hrsg.): Feminism – postmodernism, New York, 1990.

Nochlin, Linda: Women, art, and power and other essays, New York, 1988.

Parker, Rozsika: Framing feminism. Art and the women’s movement 1970 – 85, London, 1987.

Parker, Rozsika / Pollock, Griselda (Hrsg.): Old mistresses. Women, art and ideology, London, 1981.

Piper, Adrian: Out of order, out of sight. 2, Selected writings in art criticism 1967 – 1992, Cambridge, Massachusetts, 1996. 

Pollock, Griselda: Vision and difference. Femininity, feminism and histories of art, London, 1994.

Prammer, Anita: Valie Export. Eine multimediale Künstlerin, Wien, 1988.

Reilly, Maura (Hrsg.): Global feminisms. New directions in contemporary art, Ausst.-Kat., New York, Brooklyn Museum, 23. März 2007 – 1. Juli 2007, New York, 2007.

Robinson, Hilary (Hrsg.): Feminism-art-theory. An anthology 1968 – 2014, Oxford, 2015.

Saul, Jennifer: Feminism. Issues & arguments, Oxford, 2003.

Schmidbaur, Marianne u.a. (Hrsg.): Klassikerinnen feministischer Theorie. 3, Grundlagentexte (ab 1986), Sulzbach / Taunus, 2013.

Sutherland Harris, Ann (Hrsg.): Women artists 1550 – 1950, Ausst.-Kat., Los Angeles, Los Angeles County Museum of Art, 21. Dezember 1976 – 13. März 1977, Los Angeles, 1976.

Wischermann, Ulla (Hrsg.): Klassikerinnen feministischer Theorie. 2, Grundlagentexte (1920 – 1985), Sulzbach / Taunus, 2010.

Zimmermann, Anja: Kunstgeschichte und Gender. Eine Einführung, Berlin, 2006.

Films:

Biopics and Documentaries:

Literary Arts:

Alice Walker (born 1944)
Alice Walker – Beauty in Truth (2013) – https://vimeo.com/ondemand/alicewalkerbeautyintruth/286437201

Astrid Lindgren (1907 – 2002)
Astrid (2018) – https://www.youtube.com/watch?v=dvJiuUJnGBg

Brontë Sisters: Charlotte (1816 – 1855), Emilie (1818 – 1848), Anne (1820 – 1849)
To Walk Invisible (2016) – https://www.youtube.com/watch?v=S-AFcgBTkbw

Colette (1873 – 1954)
Colette (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=Mqdyyk-iOvY

Emily Dickinson (1830 – 1886)
A quiet passion (2017) – https://www.youtube.com/watch?v=eKJpx8FYp54
The Belle of Amherst (1979) – https://archive.org/details/thebelleofamherst/thebelleofamherstreel1.mov

Fran Lebowitz (born 1950)
Public Speaking (2010) – https://www.youtube.com/watch?v=EIKIAS3JArc (Documentary)

Jane Austen (1775 – 1817)
Becoming Jane (2007) – https://www.youtube.com/watch?v=qmd-ej9Hx20
Jane Austen – Behind Closed Doors (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=tSW4u6uA8Cw

Lydia Maria Child (1802 – 1880)
Over the River… The Life of Lydia Maria Child Abolitionist for Freedom (2007) – https://www.youtube.com/watch?v=oXP_DroGJ3M (Dpcumentary)

Margaret Atwood (born 1939)
Margaret Atwood – One in August (1984) – https://www.youtube.com/watch?v=wG2QMomM0Fk (Documentary)

Mary Shelley (1797 – 1851)
Mary Shelley (2018) – https://www.youtube.com/watch?v=2Mc4o56QPk4

Mazo de la Roche (1879 – 1961)
The Mystery of Mazo de la Roche (2012) – https://vimeo.com/209753908 

P. L. Travers (1899 – 1996)
Saving Mr. Banks (2013) – https://www.youtube.com/watch?v=a5kYmrjongg

Sylvia Plath (1932 – 1963)
Sylvia (2004) – https://www.youtube.com/watch?v=rPK5dnE9CS4&t=20s

Virginia Woolf (1882 – 1941)
The Hours (2002) – https://www.youtube.com/watch?v=CkPWXUxIiXs

Performing Arts:

Alice Herz Sommer (1903 – 2014)
The Lady In Number 6 – Music Saved My Life (2014) – https://www.youtube.com/watch?v=WWVNUVIQOZU (Documentary)

Amy Winehouse (1983 – 2011): 
Amy (2015) – https://www.youtube.com/watch?v=_2yCIwmNuLE (Documentary)

Backup Singers of the 21st century 
Twenty Feet From Stardom (2013) – https://www.youtube.com/watch?v=tWyUJcA8Zfo (Documentary)

Billie Holiday (1915 – 1959)
The Lady sings the Blues (1972) – https://www.youtube.com/watch?v=LLMlK7-_wjA

BLACKPINK (founded
Blackpink – Light Up the Sky (2020) – https://www.youtube.com/watch?v=7jx_vdvxWu0 (Documentary)

Judy Garland (1922 – 1969)
Judy (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=g4ynUq8TjYA

Loretta Lynn (born 1932)
Coalminer’s Daughter (1980) – https://www.youtube.com/watch?v=pcOu3yW6PPA

Marilyn Monroe (1926 – 1962)
My week with Marilyn (2011) – https://www.youtube.com/watch?v=NeHDZODFKNw&t=2s

Nina Simone (1933 – 2003)
What happened Miss Simone? (2015) – https://www.youtube.com/watch?v=z7jIOawq8y8 (Documentary)

Patti Smith (born 1946)
Patti Smith: Dream of Life (2008) – https://www.youtube.com/watch?v=5Nyj7YIVNlQ (Documentary)

Sister Rosetta Tharpe (1915 – 1973)
The Godmother of Rock & Roll (2014) – https://vimeo.com/101093967 (Documentary)

TLC (founded 1990)
CrazySexyCool: The TLC Story (2013) – https://www.youtube.com/watch?v=U2Dsrb8CI5k

Toni Braxton (born 1967)
Toni Braxton – Unbreak my heart (2016) – https://www.youtube.com/watch?v=z2X0OOwNlZE

Visual Arts:

!Women Art Revolution (2011) – http://womenartrevolution.com/

Agnes Varda (1928 – 2019)
Faces Places (2017) – https://vimeo.com/ondemand/facesplacessg/254846624
The Beaches of Agnes (

Annette Messager (born 1943)
Plaisirs / Déplaisirs (2001) – https://www.youtube.com/watch?v=GkkoJqEYs0E&feature=youtu.be
Pudique et publique (2010) – https://www.youtube.com/watch?v=GkkoJqEYs0E&feature=youtu.be

Amrita Sher-Gil (1913 – 1941)
Amrita Sher-Gil (1969) – https://youtu.be/XQsbbGlfu78 

Artemisisa Gentileschi (1593 – c.1656)
Artemisia (1997) – https://www.youtube.com/watch?v=mwe78Rdz8FI
Artemisia Undaunted (2011) – https://youtu.be/xHVeyUbG1b8

Berthe Morisot (1841 -1895)
Berthe Morisot (2012) – https://www.youtube.com/watch?v=DsNZcXN-7co

Bauhausfrauen
Lotte am Bauhaus (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=E1pHxZFmKRo
Bauhausfrauen – Im Schatten der Männer (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=mlBbnL_nQiQ

Camille Claudel (1864 – 1943)
Camille Claudel (1989) – https://www.youtube.com/watch?v=TCkCl3E_5I8

Caroline Weldon (1844 – 1921)
Woman Walks Ahead (2017) – https://www.youtube.com/watch?v=kFFwknK6iUI

Charlotte Salomon (1917 – 1943)
Life? Or Theater? (2012) – https://youtu.be/SK545mqpdgY

Cindy Sherman (born 1954)
Guest of Cindy Sherman (2008) – https://www.youtube.com/watch?v=8opkBineiWY (Documentary)

Dora Carrington (1893 – 1932)
Carrington (1995) – https://www.youtube.com/watch?v=w60AMje46pA
Female Houman Animal (2019): https://www.youtube.com/watch?v=w8NrWEy3CS8

Elisabeth King (born 1950)
Double Take: The Art of Elizabeth King (2017)https://vimeo.com/277309456

Eva Hesse (1936 – 1970)
Eva Hesse (2016) – https://youtu.be/3TsvwE7dcoM

Eva Svankmajerova (1940 – 2005)
Storia della Pittura e della Scultura (2001) – https://youtu.be/-d0zI0RY7Ro

Frida Kahlo (1907 – 1954)
Frida (2002) – https://www.youtube.com/watch?v=uOUzQYqba4Y
Frida Kahlo’s Corset (2000)

Georgia O’Keeffe (1887 -1986)
Georgia O’Keeffe (2009) – https://www.youtube.com/watch?v=VvVjBPVAkeI

Hilma af Klint (1862 – 1944)
Beyond the visible – Hilma af Klint (2019) – https://www.youtube.com/watch?v=5DwG0p0En_g (Documentary)

Invisible Women (2013) – https://www.youtube.com/watch?v=9kmFsbJsqW0

Katsushika Ōi (c.1800 – c.1866)
Kurara – Hokusai no Musume (2016) – https://youtu.be/Vr2_A2AFzMk

Kenojuak Ashevak (1927 – 2013)
Eskimo Artist: Ashevak (1961): https://youtu.be/r_lpYsWubDg (Documentary)

Louise Bourgeois (1911 – 2010)
Louise Bourgeois: The Spider, the Mistress, and the Tangerine (2008): https://www.youtube.com/watch?v=JMdWNwOWnng (Documentary)

Margaret Keane (born 1927)
Big Eyes (2014) – https://www.youtube.com/watch?v=2xD9uTlh5hI

Margaret White (1904 – 1971)
Double Exposure (1989) – https://www.youtube.com/watch?v=EdiFfTFCesI (Documentary)

Marina Abramović (born 1946)
The Artist is Present (2012) – https://www.youtube.com/watch?v=YcmcEZxdlv4 (Documentary)

Marie Krøyer (1867 – 1940)
The Passion of Marie (2012) – https://www.youtube.com/watch?v=hB9nq_8h8Lg

Mary Cassatt (1944 -1926)
Mary Cassatt: An American Impressionist (1999) – https://youtu.be/ZqIFbkt_8vo

Maud Lewis (1903 – 1970)
Maudie (2016) – https://youtu.be/2AoPasWzXwo

Maya Angelou (1928 – 2014)
Maya Angelou: And Still I Rise (2017) – https://www.youtube.com/watch?v=fthuqMaPe0Y (Documentary)

Maya Deren (1917 – 1961)
In the mirror of Maya Deren (2001) – https://www.youtube.com/watch?v=Bfg3Ya-LQzc (Documentary)

Maya Lin (born 1959)
Maya Lin, A Strong Clear Vision: The Story of The Vietnam Veterans Memorial and it’s Inspiring Creator (1995) – https://www.youtube.com/watch?v=yGxtGxVZiAM (Documentary)

Oda Jaune (born 1979)
Who is Oda Jaune (2016) – https://youtu.be/kt_3snO9lE8

Our City Dreams: Featuring Swoon, Ghada Amer, Kiki Smith, Marina Ambramovic, Nancy Spero (2014) – https://www.youtube.com/watch?v=kmoqfHLpvOU (Documentary)

Paula Modersohn-Becker (1876 – 1907)
Paula – Mein Leben soll ein Fest sein (2016) – https://youtu.be/mXegTcCiQr8

Plautilla Nelli (1524 – 1588)
Plautilla Nelli – Convent Art and Devotion (2017) – https://www.youtube.com/watch?v=B-uRmRsKKGI#t=408.0783183 (Documentary)

Séraphine de Senlis (1864 – 1942)
Séraphine (2008) – https://www.youtube.com/watch?v=HpK_qugNHCM

Tove Jansson (1914 – 2001)
Tove (2020: https://youtu.be/pw_JrV8HYHE
Moominland Tales: the Life of Tove Janson (2012) – https://youtu.be/tYgC0nKyF0g

Violante Siries Cerroti (1709-1783)
The Lady who paints (2017) – https://www.youtube.com/watch?v=T78n9xojsh4

Vivian Maier (1926 – 2009)
Finding Vivian Maier (2013) – https://www.youtube.com/watch?v=er8-Vq__cRE (Documentary)

Women Make Film: https://womenmakefilm.tcm.com/ (Documentary)

Yarn (2016) – https://www.youtube.com/watch?v=_44B_AwU3gU (Documentary)

Made by women*:

Céline Sciamma – Portrait de la jeune fille en feu (2019)

Funds:

Adolph and Esther Gottlieb Foundation: https://www.gottliebfoundation.org/grants/

Anonymus Was a Woman: https://www.anonymouswasawoman.org/

Barbara Deming Memorial Fund (Money for Women Grant): https://demingfund.org/apply-pd-11.php

Inge Morath Award: http://ingemorath.org/award/

Judy Chicago Art Education Award: https://throughtheflower.org/judy-chicago-art-education-award/

NLAPW Art Grant For Mature Women: http://www.nlapw.org/grants-and-scholarships/

The Bennett Prize: https://thebennettprize.org/

The Leeway Foundation: https://www.leeway.org/grants/

Women’s Studio Workshop Grants: https://wsworkshop.org/opportunity-calendar/

Newspapers/Zines:

Missy Magazin: https://missy-magazine.de/online-magazin/

Richtung 22 – Méi Kënschtlerinnen – Reforméiert de Programm: https://richtung22.org/konschtgeschicht/

Organizations/Collectives:

Advancing Women Artists: http://advancingwomenartists.org/

And She Was Like: BÄM!: http://andshewaslikebam.de/

Centre audiovisuel Simone de Beauvoir: https://www.centre-simone-de-beauvoir.com/

CID: https://cid-fg.lu/fr/

Combahee River Collective: https://combaheerivercollective.weebly.com/

Die jungen Meister:innen: https://www.jungemeister.net/aktuell/

Goldrausch Künstlerinnen: https://goldrausch.org/de/

Guerilla Girls: https://www.guerrillagirls.com/

Old Boys Network: https://www.obn.org/

Pro Quote Film: http://proquote-film.de/#object=page:216

Superrr: https://superrr.net/

The Free Black Women Library: https://www.thefreeblackwomenslibrary.com/

Through the Flower: https://throughtheflower.org/

VNS Matrix: https://vnsmatrix.net/

Women Arts: https://www.womenarts.org/funding-resources/index/

Women who draw: https://www.womenwhodraw.com/

Women who write in Film: https://womenwhowriteinfilm.com/

Podcasts:

Dead Ladies Show: https://deadladiesshow.com/

The Great Women Artists: https://www.thegreatwomenartists.com/

Les Couilles sur la Table: 

Series:

She’s gotta have it (2019)

Pose (2018 – )

Social Media:

Facebook:

Instagram:

@thegreatwomenartists

Youtube:

Be Kind Rewind: https://www.youtube.com/channel/UCNiolZNLiJplmCCzqk9-czQ

The Art Assignment: https://www.youtube.com/c/thetake

The Take: https://www.youtube.com/c/thetake

Where can I find ressources?

Öffentliche Bibliotheken:

CID:  https://cid-fg.lu/fr/

Online Portale: 

Artstor: https://www.artstor.org/get-artstor/

Getty Research Institute: https://www.getty.edu/research/tools/

https://www.radcliffe.harvard.edu/schlesinger-library

Mubi (Free for film students): https://mubi.com/showing

Judy Chicago Research Portal: https://judychicagoportal.org/node/1