Zanter Mäerz 2016 huet Richtung22, zesummen mat Jonk Lénk, der Studéierendenorganisatioun UNEL an der Gewerkschaftsjugend OGBL-Jeunes eng Sendung mam Titel “Ënnert dem Pavé” um RadioARA. All véierte Freiden am Mount send Richtung22 um 16:00 Auer um Radio ARA.
Den Revolutiounspodcast
Iwwer 4 Joerzéngte gëtt Lëtzebuerg elo schonns vun deem däischteren Onrechts-Regime beherrscht. D’Land befënnt sech komplett an den Hänn vun der Bankomatokratie an all Organismen sinn hier ënnerworf. Richtung22 wäert all Mount mat engem neie Plang probéieren d’Schreckensherrschaft ze beenden.