08.03.2020 Méi Kënschtlerinnen – Reforméiert de Programm!

Plakater mat kenschtlerinnen um FraenstreikMir fuerderen, dass 50% vun deene Konschtschaffenden um Premièresprogramm vun de Konschtsektioune Frae sinn – aktuell sinn et der 5,6%.

Aktuell gi ganzer dräi Kënschtlerinnen am Konschtgeschichtsprogramm ob der Première E behandelt. Dat si 5,6% Kënschtlerinnen an 94,4% Kënschtler. Mir fuerderen, dass 50% Fraen an der Konschtgeschicht behandelt solle ginn, an zwar net am Kontext vun der Muse, der Duerstellung, der Interpretatioun oder als Partnerin, Affär oder Mamm, mee als schaafend Kënschtlerin.

Wou sinn d’Fraen? Wou sinn d’Kënschtlerinnen, d’Konschthistorikerinnen, d’Schrëftstellerinnen an d’Wëssenschaftlerinnen? Baséierend op feministescher Konschtgeschicht weise mir, dass Frae schonns ëmmer wesentlech méi schlecht Viraussetzungen hate fir sech der Konscht widmen ze kënnen. Dass sou wéineg Kënschtlerinnen an der Schoul Virbiller si weist d’ongläich Viraussetzunge déi och nach hait bestinn. Déi gutt Noriicht ass: Et ginn immens vill Kënschtlerinnen, se gi just net thematiséiert an och wann se immens wichteg waren (a sinn), ginn se einfach “vergiess”.


Zines

Am Kader vun der Kampagne fir een ausgeglachenen Konschtgeschichtsprogramm verëffentlecht Richtung22 Zines (Kuerzform vu Magazine). Dës Publikatiounen sinn —> hei ze fannen.


Eng ausgeglachen Alternative fir de Schoulprogramm

Dadaismus:

Hugo Ball –> Emmy Hennings
Marcel Duchamp –> Elsa von Freytag-Loringhoven
Raoul Hausmann
Kurt SchwittersHannah Höch

Surrealismus:

Giorgio de Chirico –> Frida Kahlo
Max Ernst
Salvador Dali
René Magritte
Joan Miró –> Leonora Carrington
Man Ray –> Lee Miller

Abstraktion nach 1945:

Europa:
Jean Dubuffet –> Aloïse Corbaz
Hans Hartung –> Anna-Eva Bergmann
Georges Mathieu
Antoni Tàpies

Amerika:
Willem de Kooning –> Elaine de Kooning
Jackson Pollock –> Janet Sobel
Mark Rothko
Barnett Newman
Frank Stella –> Lee Krasner

Pop Art:

Jasper Johns
Robert Rauschenberg
Richard Hamilton –> Pauline Boty
Roy Lichtenstein
Tom Wesselmann –> Evelyne Axell
Andy Warhol
Claes Oldenburg
Georg Segal –> Marta Minujín

Erweiterung des Kunstbegriffs:

Alexander Calder
Jean Tinguely
Yves Klein
Daniel Spoerri
Arman –> Maria Sol Escobar
Niki de Saint Phalle
Donald Judd –> Yoko Ono
Sol Lewitt –> Emily Kame Kngwarreye
Dan Flavin
Richard Serra –> Yayoi Kusama
Joseph Kosuth
Mario Merz
Robert Smithon
Richard Long –> Agnes Denes
Christo und Jeanne-Claude
Joseph Beuys
Anselm Kiefer –> Judy Chicago
Hermann Nitsch –> Gina Pane

Zwischenzeit: 1925-1955

Lucian Freud
Francis Bacon

Fotorealismus:

Chuck Close
Duane Hanson
Wolf Vostell

Postmoderne:

Georg Baselitz –> Vlada Ralko
Gerhard Richter
Cindy Sherman


Virschlag Kënschtlerinnen


Pressespiggel

“”Al wäiss Männer? Brauch kee Mënsch”: Sexismus huet kee Profil” (RTL, 12.03.2020)
“La quatrième vague” (Reporter.lu, 24.03.2020)


palakt mat kenschtlerinnen um fraenstreik