Heng Over
Wéi dem Grand-Duc säi Status – a seng Bezéiung mam Tréiss – duerch e Referendum un d’Wackele geréit, fänkt eisen Heng un sech an seng Aufgab a Fro ze stellen. Längt: 92min.
Richtung22 ass ee jonkt Kënschtler*innekollektiv a produzéiert satiresch Filmer an Theaterstécker. Och mat Monumenter, Konscht-Aktiounen a Campagnen, mat enger Radiossendung a ville klengen Initiativë versiche mir, kreativ Kritik unzebréngen an wichteg Diskussiounen ze lancéieren. Mir wëlle polariséiere fir Problemer siichtbar ze maachen a d’Konscht aus hirem elitäre Kader rappen. Weider Informatiounen zu Richtung22