frEsch wëll Richtung22 aus dem Bâtiment4 geheien

Mir si richteg rosen. frEsch, eng ASBL déi vun der Escher Gemeng benotzt gëtt fir Kultur-Ausgaben ze verschleieren, wëll eis aus eise Raim am Bâtiment4 geheien. Si wëllen eis aus Esch raus hunn.

Firwat? Mir kruute keng Grënn genannt, kruute keng Virwarnung a kréien elo och zanter iwwer 2 Wochen keng Äntwert. Nodeems lescht Joer schonn de Projet F.U.T.U.R.E vu CELL, a Bunker, souwéi noc.turn rausgeschmass goufen, soll et elo eis treffen, offensichtlech well mir de Mond opgemaach hunn an d’Mëssstänn ugeschwat hunn amplaz, wéi am Kultursecteur üblech, brav Merci ze soen a soss de Bak ze halen.

Et geet net just ëm eis, hei geet et drëms, wat fir eng Kulturpolitik an dësem Land gemaach gëtt a wien oder wat hei am Land eng Zukunft huet oder net. frEsch huet e Budget vun iwwer 7 Mio. € (!), gëtt awer zanter dësem Joer keen Cent méi fir dei lokal Kreatioun oder fir de Bâtiment4 aus.

frEsch selwer ass geprägt vun Intrigen, Interessenskonflikter an verstoppten Finanzskandaler. Et geet bei frEsch net ëm Konschtfërderung mee ëm Prestige-Events mat méiglechst groussen VIP-Terrassen.

D’Lag ass fir R22 ganz geféierlech. An eise Räim am Bâtiment4 steet d’Bünebild vum Theaterstéck “Ween stoppt RTL?” fir eng Reprise am Hierscht. Mir hu keng aner Plaz. Alles wat mir eis an deene leschten 3 Joer zu Esch opgebaut hunn ass a Gefor. Zanter de Bréif uganks Abrëll ukomm ass, versiche mir Leit z’erreechen an Informatiounen ze kréien, mir hunn eis elo och un de Gemengerot adresséiert.

Haut wëlle mir virun allem eppes kloerstellen. Wa sech Leit bei frEsch der Illusioun higinn hunn, eis mat engem Bréif aus eisen Atelieren raus ze kréien: Dir hudd iech getäuscht. Mir hunn net vir, de Bâtiment 4 sou ze verloossen. Mir si richteg rosen, genervt, enttäuscht an traureg – mee mir si virun allem prett ze kämpfen a wëssen, dass mir net alleng sinn.


Iwwersiicht Austausch an Dokumenter

a) Kommunikatioun tëscht frEsch A.s.b.l. a Richtung22 zanter dem 18. November 2023
– 04.04.2024: Recommandé vu frEsch u Richtung22: R22 soll Bâtiment4 bis den 31.05. verloossen
– 05.04.2024: Äntwert vu Richtung22 u frEsch: Fro no Grënn an Austausch
– 13.04.2024: Richtung22 relancéiert Demande no Explikatiounen u frEsch
– 21.04.2024: Richtung22 schreift dem Gemengerot vun Esch
—> Dossier fir de Gemengerot: Den Historique vun den Aktivitéiten vu R22 am Bâtiment4
—> Dossier fir de Gemengerot: D’Zukunft vu Richtung22 zu Esch
—> Dossier fir de Gemengerot: Den CV vu Richtung22, Iwwersiicht Projeten
– 23.04.2024: Richtung22 publizéiert Statement
– 24.04.2024: frEsch widderhëlt Opfuerderung u R22 de Bâtiment4 zum 31.05. ze verloossen
– 24.04.2024: Richtung22 schreift frEsch a Reaktioun op Bréif, freet nees Grënn an Austausch
– 25.04.2024: Pressecommuniqué vu frEsch zum Statement vu Richtung22
– 27.05.2024: Reaktioun vu Richtung22 zu de Virwërf vu frEsch


Pressespiggel

“frEsch macht Ernst: Richtung22 kämpft gegen Rauswurf” (Tageblatt, 25.04.2024)
“Kulturzentrum „Bâtiment 4“: Richtung22 fliegt raus” (Woxx, 25.04.2024)
“De Sträit tëscht frEsch ASBL a Richtung 22 geet weider” (100komma7, 25.04.2024)
“frEsch bezieht Stellung: Warum Richtung22 gehen muss” (Tageblatt, 25.04.2024)
“Richtung22 gegen frEsch: Kampfrunde oder Versöhnung?” (Tageblatt, 01.05.2024)