D’Enn vun RTL Lëtzebuerg

Zanter dem 1. Januar 2024, dem Startdatum vum neien Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an der CLT-UFA (dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg), präsentéiere mir eise Projet iwwer RTL.

Zil ass et eng Diskussioun zu Lëtzebuerg ze lancéieren: iwwer Journalismus a Reklammen, iwwer de Role an d’Muecht vun RTL an iwwer d’Zukunft vun de Medien hei am Land. D’Diskussioun muss elo ufänken, an der Press, an der Politik an ganz breed an der Gesellschaft well schonns an dëser Legislaturperiod decidéiert gi wäert, wéi et 2030 mam “Service Public” an de Medien weidergoe wäert. Kritt Lëtzebuerg endlech staark ëffentlech-rechtlech Medien? Oder subventionéieren mir weider dat gréisst kommerziellt Medienimperium an Europa?

Mat enger Reih vun ënnerschiddlechen Deel-Projeten huele mir dräi verschidden Aspekter ënnert d’Lupp. Et geet ëm d’Aarbecht vun RTL, et geet ëm d’Struktur hannert RTL an et geet ëm den Afloss vun RTL op d’Lëtzebuerger Gesellschaft.


Kapitel 1: Qualitéitsmedium


De Logo vun RTL Eent

1) RTL Eent [Website]

(Januar) – RTL Eent lancéiert säin Internetsite. Tëscht de Fotoen vun Dëppefester an Autosaccidenter sinn hei Artikelen ze fannen, an deenen d’Aarbechtsweis vun den RTL Medien ënnersicht gëtt. Copy-Paste, Schleichwerbung a Plagiater sinn bei RTL keng Seelenheet. Déi vaste Recherche, déi um Site Dag fir Dag publizéiert gëtt, ëmfaasst och eng “People”, eng “Wirtschaft” an eng “News”-Rubrik.

Website “RTL Eent”


Den Luc Slay stet Ried an Äntwert

2) Pacha am Pacha [Clips]

(Januar) – En modernen Internetsite kann natirlech net op Video-Content verzichten. Op RTL Eent leeft nieft aneren Clips och déi beléiften Seire “Pacha am Pacha” an der sech d’CEOs präsentéieren.

All d’Clips op RTL1 Play


Godzilla géint déi zwee Tierm um Kierchbierg

3) Wien huet Angscht virun RTL? [Communiqué]

(Januar) – Richtung22 bekennt sech zum Site RTL1.lu a stellt kloer, wat dat gréissewahnsinnegt Zil vum Projet ass: Den Ënnergank vun RTL Lëtzebuerg.

Den Statement


RTL Eent Radio Logo

4) RTL Eent lauschteren [Webradio]

(Februar) – En 24/7 Radiosender ass keng Hexerei. Musék a Reklammen, teschenduerch e puer casual Spréch an all voll Stonn déi lescht Police-Rapporten a Traffic-Infos virgelies: Schonn steet den “Service Public” Radio à la RTL.

Elo eralauschteren.


Logo vum Spill Heielei Knips elei

5) Hei Elei, Knips Elei [Computerspill]

(Mäerz) – Sou mécht d’Aarbecht fir RTL Spaass: RTL Eent setzt d’Spill “Hei Elei, Knips Elei” online. Als Reporter vun RTL1 fiirs du duerch d’Stroossen a méchs Fotoen vun Accidenter fir se um Site ze publizéieren.

D’Computerspill “Hei Elei, Knips Elei” online spillen.


Kapitel 2: D’Bertelsmänner



Affiche vum Theatersteck iwwer RTL

6) Ween stoppt RTL? [Theater]

(Mäerz) – Richtung22 huet d’Geschicht hannert dem Medienmonopolist RTL an ee spannenden Thriller verpackt a präsentéiert sou d’Recherche iwwer d’Verwécklungen, Interessenskonflikter a Gesetzesbréch vun RTL am Kasemattentheater.

D’Theaterstéck “Ween stoppt RTL?” gouf och verfilmt.