Wien huet Angscht virun RTL?

Statement vu Richtung22 zum Lancement vun RTL Eent

Gesetzesbréch, Verstéiss géint de Pressekodex, nawell zolidd politesch Verstréckungen, Favoritismus an Ofhängegkeete bis an d’EU Kommissioun eran, Täuschung a Vertuschung, ganz vill grotteschlecht redaktionell Aarbecht an natierlech: Reklammen, Reklammen, Reklammen. Bei RTL Lëtzebuerg wor des lëscht jo nees eng méi lass. Wéi mir mat Richtung22 am Mee lescht Joer mat der intensiver Phase vun der Recherche iwwer de Mediemonopolist ugefaangen hunn, wosste mer nach net, wat fir en däregen Dossier op eis duerkomme géif.

Monument virum Kulturministère
Zanter dem éischte Januar leeft elo eisen Internetsite RTL Eent. Vun dësem Datum un huet RTL nämlech vertraglech nach méi Sue vum Staat zegutt fir seng Aufgab als Service Public net z’erfëllen. Kann e Medium, dat säi Publikum als Konsument*innen versteet, wierklech ee vun de wichtegsten Déngschter an enger Demokratie erfëllen, nämlech dee vun der Opklärung an Informatioun vun de Bierger*innen? Offensichtlech net.

Richtung22 Informatiounen no huet RTL ee Wee fonnt, sech punktuell „Defiziter“ a Milliounenhéicht vum Staat ausgläichen ze loossen, wärend si am nämmlechte Moment an anere Beräicher an iwwer Schwësterfirmen ee Milliounegeschäft man. RTL verstéisst mat verstoppten an iwwerdriwwe villen Reklammen net nëmme géint e puer Reegelen aus dem Pressekodex, mee och géint d’Gesetz. Dat ganzt Konstrukt baséiert op enger systematescher Interessensvermëschung tëscht Politik an RTL. D’Interesse vum Konzern haten ëmmer Virrang virun den nationalen Interessen, woubäi déi responsabel Politiker*innen perséinlech profitéiert hunn. Involvéiert si bekannten Nimm wéi de Gaston Thorn, de Jacques Santer, d’Viviane Reding awer och de Jean-Louis Schiltz.

D’Enn vun RTL

D’Leit hunn eppes Besseres verdéngt. Mir sollten ophalen, Milliounen ëffentlech Gelder an d’Täsche vum Medienimperium hannert RTL Lëtzebuerg, Bertelsmann, ze stiechen. Mir sollten d’Selbstbewosstsinn hunn, staark ëffentlech-rechtlech Medien opzebauen. Déi Diskussioun fänkt elo un, just ouni d’Leit an hannert zouenen Dieren. Schonns an dëser Legislatur wäerten de Staat an RTL sech nämlech alt nees eng Kéier zesummesetze, fir de Reklamme-Konzern och no 2030 mat ëffentleche Gelder gnädeg ze stëmmen.

Egal wéi vill een sech de Batti stellt, wéi soll een eng ëffentlech Diskussioun ronderëm d’Machenschafte vun RTL ufänken, wann RTL selwer de facto ee Monopol op dem nationalen Discours huet? Richtung22 huet sech dowéinst entscheet selwer zum Monopolist ze ginn a mat RTL1 de Kontroll iwwer d’Land vum falschen RTL ofzezéien. Geplangt sinn nieft dem Site rtl1.lu, op deem deeglech neie Contenu publizéiert, weider Aktiounen a Projeten sou ewéi de Bau vun zwee Tierm um Kierchbierg, déi ee bëssi méi héich si wéi déi vun RTL. D’Theaterstéck Ufank Mäerz am Kasemattentheater ass eng weider Etapp.

Fir dass sech eppes ännert, däerf awer lo net ofgewaart ginn, op ee Konschtkollektiv eleng de gréisste Medienkonzern an Europa stierze kann – och wann d’Chancë ganz gutt stinn. All Eenzelnen zu Lëtzebuerg huet d’Recht anzefuerderen, dass d’Subventionéiere vun RTL mat Steiergelder gestoppt gëtt. Et mussen sech vill weider gesellschaftlech Acteuren aschalten. Dozou gehéiert Press, déi sech déi onfair Konkurrenz duerch de staatlech subventionéierte Site rtl.lu net mei bidde loossen däerf. Dozou gehéiert d’Politik, déi sech aus hirer gefillter Ofhängegkeet erausbeweegen an endlech d’Interesse vun der Bevëlkerung vis-a-vis vun RTL – an net ëmgedréint duerchsetze muss. An dozou gehéieren och d’Journalist*innen innerhalb vun RTL, déi warscheinlech besser wéi all anere wëssen u wéi enger Shit-Show si bedeelegt sinn.

Dëse Pressecommuniqué gouf Iech präsentéiert vu Luxair-Tours. D’Kopéiere vum Communiqué ouni d’Quell unzeginn ass ouni Weideres méiglech, sot eis just net Bescheed w.e.g.


Monument virum Kulturministère


Pressespiggel

“Editorial: Zur nötigen Medienkritik” (Tageblatt, 17.01.2024)
“RTL nous dévore” (Tageblatt, 17.01.2024)
“Künstlerkollektiv Richtung22 steckt hinter RTL Eent” (Wort, 17.01.2024)