Visite guidée: Lëtzebuerg dekoloniséieren!

Affiche Letzebuerg dekoloniséieren
Lëtz Rise Up a Richtung 22 starten d’Kampagne “Lëtzebuerg dekoloniséieren!”

Béid Organisatiounen hu sech zesummengedoen fir eng Kampagne an eng Visite Guidée duerch déi verstoppten Kolonialgeschicht vum Land.

Schonns zanter e puer Méint ass d’Konschtkollektiv Richtung22 mat de Recherchen ronderëm d’Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg befaasst. Aus dem Zesummentreffen mat Lëtz Rise up huet sech d’Iddi fir d’Visite Guidée duerch d’Stad erginn.

De Kolonialismus ass schonn zanter Joerzéngten keen Thema méi zu Lëtzebuerg. Dobäi prägt dëst däischtert Kapitel eisen Alldag an och d’Stroossebild vun der Stad Lëtzebuerg. Den Involvement vu Lëtzebuerger*innen geet wäit iwwert hier Präsenz am “belsche Kongo” eraus: Dës Visite duerch d’Stad erzielt vun de Mënschenausstellungen a Kolonialkongresser, der Botanik an Exotik, de Kolonialwueren, den Lëtzebuerger an der hollänescher, franséischer a portugiesescher Kolonialgeschicht, den Diamanten, der Finanzplaz a ville weideren Themen.

D’Zil ass et ee Bewosstsinn iwwert dës verstoppten Realitéit ze schafen an een Debat ze lancéieren. De Kolonialismus ass eng vun deene wichtegsten Wuerzelen vum Rassismus an eiser Gesellschaft. Amplaz se ze verdrängen mussen Konsequenzen aus der lëtzebuerger Kolonialgeschicht gezu ginn – Lëtz Rise Up a Richtung22 hunn dofir Fuerderungen opgestallt.

version française
english version

Daten fir d’Visite Guidée

Reservéiert elo är Plazen fir een Tour guidée duerch d’Stad. D’Visite ass gratis an dauert ca. 1h10 – eng Auswiel vun 10 Statiounen gëtt besicht.
– 25.06. 19h00 – in english
– 26.06. 14h00 – en français
– 27.06. 10h00 – op lëtzebuergesch
– 02.07. 19h00 – in english
– 03.07. 14h00 – en français
– 04.07. 10h00 – op lëtzebuergesch
– 09.07. 19h00 – in english
– 10.07. 14h00 – en français
– 11.07. 10h00 – op lëtzebuergesch
– 16.07. 19h00 – in english
– 17.07. 14h00 – en français
– 18.07. 11h00 – op lëtzebuergesch
– 23.07. 19h00 – in english
– 24.07. 11h00 – en français
– 25.07. 11h00 – op lëtzebuergesch
– 30.07. 19h00 – in english
– 31.07. 11h00 – en français
– 01.08. 11h00 – op lëtzebuergesch


Eng App fir d’Visite Guidée

[DEN TOUR GËTT DEN 26.07.2021 OP DËSER PLAZ FRÄIGESCHALT] Mat eiser App kanns du dech selwer op de Wee duerch d’Kolonialgeschicht maachen. Alles wats du brauchs ass däi Smartphone an Kopfhörer.

Du kanns entweder fräi duerch d’Stad laafen an dir eenzeln Punkten ulauschteren oder eng vun eise virgeloenen Routen maan.
A) Kolonial Wuerzelen vu Rassismus (ca. 30min.)
B) Kolonialwirtschaft a Räichtum (ca. 40min.)
C) Kolonialismus, Muecht an d’Institutiounen (ca. 40min)
X) Lëtzebuerg Dekoloniséieren: Den kompletten Tour (ca. 1h45)


D’Statiounen

D’Visite guidée ass graff an dräi Kapitel ënnerdeelt.

KOLONIAL WUERZELEN VU RASSISMUS
(A1) Villa Louvigny: Mënschen-Ausstellungen
(A2) Charlis Gare: D’Eisebunn am Kongo
(A3) Congr. Ste Elisabeth: Lëtzebuerger*innen missionéieren d’Welt
(A4) Musée Jean Pierre Pescatore: Luxus duerch Sklaverei
(A5) Parc municipal Edouard André: Botanik an Exotik
(A6) Bd Prince Henri: Hollänesch Kolonialgeschicht
(A7) Ambassade Cap Vert: Lëtzebuerger Kolaboratioun a Rassismus

B) KOLONIALWIRTSCHAFT A RÄICHTUM
(B1) KBL a Boulevard Royal: Eis neokolonial Finanzplaz
(B2) Groussgaass: Schokela an aner “Kolonialwaren”
(B3) Heintz van Landewyck: Kolonialen Tubback
(B4) Mossack Fonseca: Panamapapers an Neokolonialismus
(B5) Théâtre des capucins: D’Kapuziner an d’Louisiane
(B6) Nespresso: De Kaffi an säi lëtzebuerger “Entdecker”
(B7) Cercle Cité: Héije Besuch bei der Kolonialausstellung
(B8) 3t Welt Buttek: fair oder falsch?
(B9) Schroeder Juwelier: Päerelen an Diamanten fir d’Monarchie
(B10) D’Skulpturen vun der “Mohrenapotheke”
(B11) Dem Libraire Kuborn seng Kotténgsindustrie

C) KOLONIALISMUS, MUECHT AN D’INSTITUTIOUNEN
(C1) Statur Guillaume II: Hollänesch Kolonialkricher
(C2) Athenee: Lëtzebuerger an den Kolonialkricher vum 19te Joerhonnert
(C3) Kathedral: Mächteg Katholiken a Brasilien an am Kongo
(C4) Charlotte-Monument: Den zweete Weltkrich, d’Monarchie an de Kongo
(C5) Dresdener Bank an de lëtzebuerger Support fir d’Apartheid
(C6) D’Chamber: Déi politesch Vue op de Kolonialismus
(C7) D’Chamber 2: Den Deputéierten Maurice Pescatore
(C8) Staatsmusée: D’Wëssenschaft an de Kolonialismus
(C9) Europahaus: Déi kolonialistesch EU
(C10) BGL: De Kontroll vum Kongo duerch belsch Banken


Fuerderungen

Mat dëser Kampagne verfolge mir zwee Ziler:
a) Opmierksamkeet schafen
Mat Hëllef vu Visite Guidéen, déi mir op franséisch, lëtzebuergesch an englesch ubidden, wëlle mir de Public op déi verstoppten Präsenz vum Kolonialismus am Stadbild vu Lëtzebuerg – an doduerch op d’lëtzebuerger Kolonialgeschicht hiweisen.
b) Konsequenzen vum Lëtzebuerger Staat afuerderen
Ganz wéineg gouf bis elo gemaach fir eng Entschiedegung fir déi Verbriechen, déi vu Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger uechter d’Welt am Kontext vum Kolonialismus begaange goufen. Mir fuerderen:
– Offiziell an ëffentlech Excusë vun der Regierung, der Kierch an der Lëtzebuerger Monarchie fir d’Kolonialverbriechen
– Den Ofbau oder d’Kontextualiséierung vu Monumenter a Stroossennimm déi d’Kolonialzäit verherrlechen
– Den Drock vum Staat op d’Gemengen fir eng aktiv Dekoloniséierungs-Politik
– D’Promotioun vu Wëssen iwwer d’Kultur, d’Geschicht an de Patrimoine vu Leit mat afrikanescher Hierkonft, besonnesch duerch d’Integratioun an de Schoulprogrammer vun hirer richteger Geschicht an hirem Bäitrag
– Sécherzestellen dass Schoulbicher an aner pedagogescht Material historesch Fakten zum Kolonialismus an der Sklaverei och exakt an akkurat erëmginn. Iwwer historesch Opkläerung soll och d’Roll vu Länner déi verantwortlech fir d’Kolonialiséierung woren oder vum Kolonialismus profitéiert hunn gewise ginn. Och de Role vu Lëtzebuerg a besonnegt senger Bedeelegung um belsche Kolonialismus soll ervirgehuewe ginn.
– De Verbuet oder d’Kontextualiséierung vun der rassistescher Representatioun vu Leit mat afrikanescher Hierkonft an de Medien, Erzéiung an am ëffentleche Raum an de Medien, d’Erzéiung, d’Kultur an am ëffentleche Raum, wéi zum Beispill bei Figuren wéi de Jängeli, de Schwaarze Mann, den Houseker oder an der Capitani Serie, besonnesch am Fall vun staatleche Subventiounen
– Eng besser Representatioun vu rassifizéierten Minoritéiten an de Medien, op alle Verantwortungsniveauen, souwéi d’Formatioun vu Journalist*innen am Feld vun der Rassegerechtegkeet
– D’Schafen an d’Subventionéierung vun engem Fuerschungsdepartement iwwer d’Theema vun der Lëtzebuergescher Bedeelegung um Kolonialismus op der Universitéit Lëtzebuerg
– En Enn vun der Kooperatioun, der Ënnerstëtzung a der Subventionéierung vu Konzerner a Firmen déi Land, Ressourcen a Leit an verschidde Regiounen op Käschte vun der lokaler Bevëlkerung an Ökosystemer exploitéieren


Pressespiggel

“Activists offer tours dissing Luxembourg’s colonial links” (LuxTimes, 17.06.2021)
“Le Luxembourg a pris part active à la colonisation” (Le Quotidien, 18.06.2021)
“Local Non-Profits Launch “Decolonise Luxembourg” Campaign” (The Chronicle, 22.06.2021)
“Parcours à travers une ville néocoloniale” (WOXX, 24.06.2021)
“Contextualiser” ( Land, 25.06.2021)
“Déi Lëtzebuerger Kolonialgeschichte soll opgeschafft ginn” ( RTL.lu, 25.06.2021)
“Wo der Kolonialismus in Luxemburg noch sichtbar ist” (Wort, 25.06.2021)
“Kommentar: Ja, das ist Rassismus” (Wort, 25.06.2021)
“Un passé colonial toujours visible dans la capitale” (Wort.lu, 25.06.2021)
“Guided tour highlights Luxembourg’s colonial past” (RTL Today, 25.06.2021)
“„Ich schäme mich für mein Land“: „Richtung 22“ und „Lëtz Rise Up“ bauen Führungen aus” (Tageblatt, 21.07.2021)