032 – Spannend Fäll fir d’IGP

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
032 - Spannend Fäll fir d'IGP
/

Folge 547: “De Pitbull vun Zéisseng”
Folge 548: “De falsche Marx”
Folge 549: “Bis dräi Schёss ass et Noutwier”
Folge 550: ” Kee Sex mam ADR”


Däischter Wolleken hänken iwwert der Zentral vun der IGP zu Gaasperech, ёmmer méi Fäll leien onbeaarbecht an de Casen vun de Kommissären. Well ёmmer méi Zäit iwwert déi verdäiwelt Zäitspuerkonten ofgerechent gёtt falen och ёmmer méi vun de Beamten dem Stress zum Affer a si krankgeschriwwen. Aus dem Dechiffréier-Service fir Police-Rapporten gouf dowéinst d’Stagière Liz Goedert kuerzerhand an d’Positioun als Asaz-Kommissärin promovéiert a konnt sech schonn bei der Opléisung vun deene skurilste Fäll beweisen. Hier gutt Aarbecht huet allerdéngs déi al Garde vun der IGP géint hatt opbruecht, et gellt also virsiichteg ze sinn. Dass et eng schwiereg Zäit ass weess och den Generalinspekter Hirn, den Géigespiller vun der Kommissärin Goedert. Op der Policeinspektioun laascht net just den Drock vun der Regierung, vun der Öffentlechkeet an der Press, mee och deen vun de Koleegen vun der Police, déi sech net gären bei hierer Aarbecht iwwer d’Schёller kucke loossen.