Bouneweg 3 Joer duerno: D’Institutiounen entschëllegen sech?

Gedenkaktioun vu Richtung22 zu BounewegGëschter wor de Joeresdag vum Virfall zu Bouneweeg, bei deem 2018 ee Mënsch vun engem Polizist erschoss gouf. Mat enger Aktioun hu mir dorunner erënnert, wéi deemols sämtlech Institutiounen versot hunn fir de Fall opzekläeren. D’Policegewerkschaft SNPGL, gestäipt vun de Ministeren Schneider a Kersch, hat mat engem Oflenkungsmanöver d’Affer diskreditéiert an den Täter legitiméiert. D’IGP, de Parquet an praktesch déi gesamt Press hunn eng verfälschten Versioun intuitiv reproduzéiert.

Och no 3 Joer gouf de Virfall nach ëmmer net viru Geriicht verhandelt. Deen vum Staat bezuelten Star-Affekot vum Polizist mécht alles, fir de Prozess weider erauszezögeren. Och d’Police selwer versicht weiderhin déi Affär ze verschleieren. Nodeems mir lescht Joer ee Monument zu Bouneweeg opgestallt hunn, huet d’Police eng Plainte géint Richtung22 deposéiert. D’Unitéit vun deem Polizist, deen 2018 geschoss huet, huet géint eis ermëttelt – well mir “de Policekorps beleidegt” hätten.

Dëse Fall weist exemplaresch, dass e funktionéierende Rechtstaat net selbstverständlech ass. E weist och a wéifern Verbriechen jenodeem wien se begeet ënnerschiddlech behandelt ginn. Net zulescht gëtt siichtbar wéi eesäiteg d’Bild vun de “Problemer” am Garer Quartier an zu Bouneweeg ass. Eng Law-and-Order Strategie ass net Deel vun enger Léisung, mee Deel vum Problem.


Hannergrënn

Den 11. Abrëll 2018 gouf zu Bouneweeg ee Mann ënner net gekläerten Emstänn vun der Police erschoss. Kloer wor fir Police, Parquet, Politik a grouss Deeler vun der Press vun Ufank un just eent: Dass de Polizist onschëlleg wier.

Richtung22 hat direkt 2018 Aktiounen zum Virfall lancéiert. Emmer um Joeresdag hu mir un de Fall erënnert, mir hunn 2019 eng Gedenktafel ubruecht, 2020 ee Monument opgestallt an dëst Joer eng Gedenkstätte ageriicht.

D’Informatiounen ronderem d’Presseberiichterstattung hu mer an enger Radiosendung zesummegedroen.



Iwwersiicht zum Fall

D’Dot: E Mann souz zu Bouneweeg an der Rue du Dernier Sol an engem Auto, dat d’Police opfälleg fonnt huet a kontrolléiere wollt. De Mann huet sech awer geweigert d’Dier opzemaachen. E Polizist schléit mat senger Déngschtwaff d’Fensterscheif vum Auto an. Doropshin fiirt de Chauffer lass an duerch d’Rue des Ardennes.

Op der Kräizung mat der Rue Sigismond stellt sech him ee Policeauto an de Wee, et ass ee vun de Polizisten vun der Kontroll, deen ausklemmt. De Policewon blockéiert awer net déi gesamt Kräizung, sou dass de Chauffer nach probéiert laanscht ze kommen. De Polizist gëtt mindestens dräi Schëss aus kuerzer Distanz of. De Won vum getraffenen Chauffer fiirt nach bis op d’Place Leon XIII weider, wou en an engem Bam hänke bleift.

Éischt eng zweet Policepatrull, déi ee bëssi méi spéit sur Place ass, versicht de Mann ze reaniméieren. De Mann stierft, wéi d’Autopsie e puer Deeg drop bestätegt, duerch eng Kugel vum Polizist.

D’Police gëtt ee Communiqué raus, deen direkt vun der Press iwwerholl gëtt. Hier Versioun ass, dass den Chauffer mat sengem Auto versiche wollt de Polizist ëmzebréngen andeems hien direkt op den Beamten duergefuer wier. De Polizist huet säi Liewen mat senger Waff verdeedege mussen. Firwat hien d’Waff schonn am Grapp hat, firwat hien min. 3 mol an och vun der Säit op den Auto geschoss huet gouf net kommentéiert.

Fir d’Press ass um Ufank d’Police déi zentral an dax eenzeg Quell. Also iwwerhëllt d’Press déi Versioun, déi d’Police liwwert. D’Tageblatt schreift “Auf der Flucht hat er versucht, einen Polizisten umzufahren”, d’Wort schreift vun engem “Angriff auf Polizisten” an “Der Beamte eröffnet das Feuer in Notwehr auf den Wagen”.

D’Policegewerkschaft geet direkt an d’Offensiv a kritt vill Plaz an de Medien: Um 100komma7, um RTL, am Wort, am Tageblatt an am Essentiel kréien hier Spriecher eng Tribüne fir de Fall als “Selbstverdeedegung” ze bewäerten: Matleed fir den Polizist amplaz fir d’Affer. D’Thema gëtt changéiert: Amplaz iwwert den Gebrauch vun der Waff an den Dout vum Chauffer gëtt iwwer Gewalt géint Polizist*innen geschwat.

Zousäzlech gëtt d’Affer diskreditéiert. RTL rätselt op den Chauffer kriminell wier, gedronk an Drogen konsuméiert hätt. D’Tageblatt zeechnet ee Bild vun engem gesichten Verbriecher, engem Drogenhändler an verstreet Gerüchter ouni Substanz. Den L’Essentiel stellt an de Raum, dass de Virfall “à la suite d’un possible cambriolage” geschitt si kéint – fräi erfonnt. Emmer nees gett drop verwisen, de “Mann wier der Police bekannt”. Éischt vill méi spéit gëtt kloer, dass dat wéinst Verkéiersdelikter wor. D’Kommentarspalten ginn op fir ee Shitstorm géint d’Affer andeem hien als ee Kriminellen duergestallt gëtt. Hien gëtt net méi als Mënsch gesinn an säin Dout gëtt gerechtfäerdegt.

D’Story vun der Policegewerkschaft ass och déi, déi RTL an den deemolegen Policeminister Etienne Schneider an engem Interview widderhuelen: RTL suggeréiert dass ëmmer méi Polizisten bedrohnt géife ginn an den Etienne Schneider stellt sech hannert de Polizist deen geschoss huet – an versprécht, dass de Staat him een Affekot bezuele wäert.

De Parquet gëtt een Dag noom Virfall och ee Communiqué raus an widderhëllt dobäi d’Versioun vun der Police, gräift souguer Passagen vum Police-Communique op. Domat spréngt de Parquet nach virum Schluss vun der Enquete der Police op d’Säit. Dat ass net just ongewinnlech, mee ganz problematesch, well et duerno um Parquet ass, fir de Polizist unzekloen.

D’IGP, d’Inspection générale de la Police, fänkt mat hierer Ënnersichung un an entscheed ee Strategien-Wiessel: Ab elo gëtt sou mann wéi méiglech kommunizéiert. Net mol d’Unzuel vun de Schëss geet un d’Ëffentlechkeet. De Polizist ass e puer Deeg no der Dot nees am Déngscht.

An deenen 3 Joer zanter dem Virfall ass keng weider Informatioun rausgi ginn – mee de Parquet huet sech ee Joer noom Virfall entscheed de Polizist wéinst “Homicide volontaire” unzekloen. Den vun der Regierung bezuelten Star-Affekot vum Polizist verzögert bis haut erfollegräich de Prozess.