Gedenktafel Bouneweg

D’Gedenktafel gouf den 11.04.2019 zu Bouneweg opgehaangen.

Genee ee Joer nodeems d’Police een Automobilist zu Bouneweg erschoss huet gouf haut op dёser Plaz an der rue des Ardennes eng Gedenktafel opgehaangen.

“An dëser Strooss gouf den 11.04.2018 e Mënsch vun engem Polizist erschoss.
De Polizist gouf suspendéiert, d’Bewaffnung vun der Stroossepolice a Fro gestallt an d’Police-Ausbildung reforméiert. D’Press huet kee Copy-Paste vum Police-Rapport gemaach, mee Ongereimtheeten ugeschwat an d’Opklärung vum Fall erméiglecht. D’Justiz an d’IGP hunn transparent geschafft an d’Ëffentlechkeet informéiert. Weder d’Police nach d’Politik hunn Drock gemaach, mee sech vum Täter distanzéiert. All d’Leit zu Lёtzebuerg hunn sech gefreet an engem funktionéierende Rechtsstaat ze liewen.”


Hannergrënn

Den 11. Abrëll 2018 gouf zu Bouneweeg ee Mann ënner net gekläerten Emstänn vun der Police erschoss. Kloer wor fir Police, Parquet, Politik a grouss Deeler vun der Press vun Ufank un just eent: Dass de Polizist onschëlleg wier.

Den Beamten deen geschoss huet duerft kuerz drop nees zeréck an den Déngscht an ass trotz Uklo op fräiem Fouss. An deenen éischten Deeg noom déidlechen Schoss hunn déi meescht Presseorganer onkritesch d’Police-Versioun iwwerholl (Domat hu mir eis an enger Radiossendung zum Virfall ausernaaner gesat, hei fannt dir och eng komplett Lëscht mat de Medieberiichter vun deemols) an domat d’Bild vun engem Polizist deen aus Noutwier handelt an engem drogéierten, héichgeféierlechen a schwéierkriminellen Automobilist geprägt.

Richtung22 versicht sech reegelmässeg zu dësem Fall ze äusseren, en ass fir eis zum Symbol fir den onreflektéierten Emgank mat der Aarbecht vun der Police ginn. An enger eeschtzehuelender Demokratie muss d’Kontroll vun der Police klappen, d’Fehlverhalen vun der Police muss opgeschafft ginn grad och fir d’Vertrauen an d’Rechtsstaatlechkeet z’erhalen. Et ass eben och un der Zivilgesellschaft den ëffentlechen Drock héich ze halen fir Opkläerung z’erméiglechen.


Pressespiggel

Bonneweg: Künstlerkollektiv montiert kritische Gedenktafel (Wort, 11.04.2019)
«Gedenktafel» erinnert an getöteten Fahrer (L’essentiel, 11.04.2019)
Denkmal für Opfer von Polizeigewalt (Woxx, 11.04.2019)
Gesellschaftskritische Kunst: Richtung22 bringt Gedenktafel für erschossenes Opfer an (Tageblatt, 12.04.2019)


D'Gedenktafel gouf den 11.04.2019 zu Bouneweg opgehaangen