Capitani 2: Rassistesch a sexistesch

Statement
De Castingopruff fir Capitani 2 hat zejoert fir eng Debatt iwwer Stereotyppe gesuergt. Elo ass déi ganz Staffel raus – an et weist sech: de Castingopruff war just d’Spëtzt vun engem rassisteschen a sexisteschen Äisbierg.

D’Serie spillt am Garer Quartier. Engem Garer Quartier, wéi eng wäiss, privilegéiert, lëtzebuergesch Minoritéitet erlieft: hier grouss Suerge sinn net d’Aarmut, Wunnengsnout, Gentrifikatioun an eng repressiv Asylpolitik, mee d’Klengkriminalitéit. An d’Klengkriminalitéit huet genee wéi bei der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an RTL och bei Capitani eng Hautfaarf. “Nigerianer” ass dat neit “N”-Wuert. All d’Klischeeën si present. Plommen a Pouletsschanke fir Voodoo-Ritualer, den obligatoreschen Europäesch-Futtballsekippen-Outfit an den Job als Drogeverkeefer oder Sexworkerin. Schwaarz Personnagen hu keng Déift, kaum eng Virgeschicht a ginn a kolonialer Traditioun geduzt a just mam Virnumm ugeschwat. Se ginn net eens, dierfen och vum Capitani ronderëmgeschubst ginn a kréien der bei all Geleeënheet an d’Schnëss. En Re-enactment vum George Floyd sengem Dout gëtt onkommentéiert als Stilmëttel benotzt. D’Verfügbarkeet vu schwaarze Kierper gëtt zelebréiert. An déi vu Fraekierper. Den “White Saviour”, alias Luc Capitani, rett net just Migrant*innen, mee och schwaach Fraen. D’Fraerollen si Männerphantasien deenen hir eenzeg Funktioun et ass, d’Entwécklung vum Personnage Capitani virun ze dreiwen. Wéi schonn a Staffel 1 leeft d’Polizistin Elsa Ley hannendrun, versteet näischt a léisst sech manipuléiere bis si schlussendlech vum Capitani gerett gi muss.

Capitani 2 ass net just schlecht, an zwar sou schlecht dass an der leschter Folg eng Figur iwwer 15 Minutten d’Plottwists erkläre muss, mee se ass d’Showcase vum verënnerlechte Rassismus a Sexismus vum Produktiounsteam an dem Kreateur Thierry Faber. Dës Serie ass de Prestigeprojet vum Lëtzebuerger Filmsecteur a gouf mat 3,5 Mio. € finanzéiert. Se verstäerkt e rietsextremen Diskurs an der aktueller politescher Diskussioun ronderëm de Garer Quartier. Dass et nach keng Reaktiounen an Diskussiounen iwwert dës offensichtlech Problemer gouf, weist wéi normaliséiert Sexismus a Rassismus an der Lëtzebuergescher Gesellschaft ass. Mir mussen driwwer schwätzen.

En français
L’appel au casting pour Capitani 2 avait suscité l’année dernière un débat sur les stéréotypes. Aujourd’hui, la saison entière est accessible et il s’avère que l’appel au casting n’est que la partie visible de l’iceberg raciste et sexiste.

La série se déroule dans le quartier de la gare. Un quartier de la gare tel que le perçoit une petite minorité luxembourgeoise privilégiée et blanche. Leur préoccupations ne sont pas la pauvreté, la crise du logement, la gentrification ou la politique d’asile répressive, mais la petite délinquance. Cette petite délinquance a une couleur de peau que ce soit pour la bourgmestre Lydie Polfer, pour RTL ou pour Capitani. “Nigérian” est le nouveau “N”-Word. Tous les clichés y sont présents. Plumes et os de poulet pour les rituels woodoo, tenue européenne de foot obligatoire et le boulot de vendeur de drogue et de travailleuse du sexe. Les rôles noirs n’ont pas de profondeur, guère d’antécédents et, par tradition coloniale, on les tutoie et on ne les appelle que par leur prénom. Iels ne sont pas autonomes, peuvent être bousculé.es à la moindre occasion par Capitani et battus par d’autres. Une reconstitution de la mort de George Floyd est utilisée sans commentaire comme moyen stylistique. Les corps noirs sont disponibles comme des objets. Il en va de même pour les corps des femmes. Le “chevalier blanc”, alias Luc Capitani, ne vient pas seulement à la rescousse des migrantes, mais aussi des femmes faibles. Les rôles féminins sont des fantasmes d’hommes, dont leur seule fonction se résume à soutenir l’évolution du rôle principal. Comme dans la première saison, la policière Elsa Ley n’arrive pas à suivre, ne comprend rien et se laisse manipuler jusqu’à ce qu’elle doive finalement attendre d’être sauvée par Capitani.

Capitani n’est pas seulement mauvais, au point que dans le dernier épisode, un personnage doive expliquer pendant 15 minutes les plotwists, mais il est la vitrine du racisme et du sexisme intériorisés par l’équipe de production et le créateur Thierry Faber. Cette série est le projet de prestige de l’industrie cinématographique luxembourgeoise et a été financée avec 3,5 millions d’euros. Elle renforce un discours d’extrême droite au sein du débat actuel sur le quartier de la gare. Le fait qu’il n’y ait pas eu de réactions ou de discussions à l’égard du racisme et du sexisme manifestés dans cette série montre à quel point ces problématiques sont normalisées dans la societé luxembourgeoise. Il est temps d’en parler.


Gruppephoto Gerard Cravatte Richtung22

Analyse an Hannergrënn

Déi zweet Staffel vu Capitani ass sexistesch a rassistesch. D’Haaptfigur ass d’Inkarnatioun vum “White Savior”, dee schwaach Fraen an Migrant*inne rett. An enger Welt, déi d’Baach erofgeet soll hien déi lescht Bastioun vu Moral duerstellen. Dat heescht wuelgemierkt net, dass hie keen draschloen, wiergen, erpressen oder erschéissen dierft, souvill politesch Onkorrektheet muss erlaabt sinn, ëmmerhin huet de Luc et och net einfach. D’Serie ass awer net einfach just e komplett mësslongene Schimanski-Remake. Capitani ass als staatlech finanzéiert kulturell Kontributioun mat wäiter Distributioun en richtege Problem mat deem sech auserneegesat gi muss. Och dréit d’Serie en Deel zur rietsextremer Eskalatioun vun der Debatt ronderëm d’Politik am Garer Quartier bäi.

D’Virgeschicht: D’Diskussioun ronderëm de Casting

Virun eppes méi ewéi engem Joer huet de Castingopruff fir déi zweet Staffel vu Capitani eng gréisser Diskussioun iwwer rassistesch Stereotyppen ugestouss. Gesicht gouf ënner anerem no “2 hommes entre 25 – 55 ans d’origine africaine savoir manier/tenir un pistolet” an “5 hommes africains entre 16 – 35 ans pour jouer des dealers”. D’Produktiounsfirma Samsa wollt d’Kritik un hirem Prestigeprojet sou fréi wéi méiglech ënnert den Teppech kieren. Schold wier d’Casting-Agence an déi eigentlech Geschicht wier jo vill méi “komplex an nuancéiert”. D’Film-Equipe huet e Bild vum Set publizéiert dat d’Diversitéit vum Cast beweise sollt. Zousätzlech gouf et eng Zort Bekennungsschreiwen no enger Entrevue vu Samsa mat der Organisatioun Finkapé an deem festgestallt gouf: “La représentation de personnes afro-descendantes dans des rôles négatifs (dealers, criminels, prostitué-e-s) a tendance à perpétuer ces représentations et à produire un impact négatif sur le quotidien de ces personnes”. Am selwechte Statement gouf sech virgeholl “de dépeindre de façon responsable la réalité de la société luxembourgeoise, sans renforcer des stéréotypes racistes”. En Artikel vum Tageblatt, deen de Kritiker*inne vum Castingopruff en “intellektuelles Vakuum” virgeworf huet, gouf séier nees verschwanne gelooss fir d’Polarisatioun ze beenden. Domat war de Capitani, d’Flaggschëff vum Lëtzebuerger Filmsecteur an Netflix-Sensatioun (wat och ëmmer Sensatioun hei heescht), éischt mol gerett. Bis elo.

Eng politesch Campagne vun RTL

Fir déi zweet Staffel huet de Setting vu Capitani geännert. D’Serie spillt net méi am Disneyland fir ADR-Wieler*innen, engem Dierfchen wou d’Existenz vun Auslänner*innen op eng eenzeg Nieweroll (déi awer vun enger Lëtzebuergerin gespillt gëtt) reduzéiert gi konnt, wou Fraen just den Nowuess an de Partner am Kapp hunn a wou Leit mat Behënnerung siichtbar duerch d’Droen vun ridiculiseierender Kleedung gekennzeechent sinn. De Sujet ass elo d’Klengkriminalitéit am Garer Quartier. D’Dréibuch kopéiert iwwer ganz Passagen d’Geschicht vun engem Drogereseau, dat schlussendlech 2015 zu Waasserbëlleg zerschloe gouf. Den Produzenten muss d’Aktualitéit an d’Brisanz vun der Thematik bewosst gewiescht sinn. Capitani 2 betrëtt d’Bün vun enger explosiver politescher Debatt.
De Co-Produzent vun der Serie, de RTL, féiert zanter Joren eng aggressiv Campagne ronderëm “d’Situatioun am Garer Quartier” an géint déi “Gelungener” déi sech do ophale géifen. Reegelméisseg a systematesch ginn d’Grenzen vu journalistescher Aarbechtsethik gebrach fir Drock auszeüben. RTL fungéiert dobäi als Blutthond vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi mam Kärcher duerch de Quartier fuere well. Och deen leschten Fleck um Territoire vun der Stad op deem iwwert déi lescht Joren d’Problemfäll zesummegedriwwe goufen soll gebotzt an deier ginn.

Déi eigentlech Problemer, d’Wunnengsnout, d’Aarmut, eng repressiv Migratiouns- an Asylpolitik an d’Kriminaliséierung vum Cannabiskonsum ginn ausgeblent. An d’Zentrum gedréckt gouf d’Sécherheetsgefill vun engem klengen, privilegéierten, lëtzebuergeschen Deel vun den Awunner*innen. Den Haaptgéigner ass séier ausgemaach. “Mir hunn eng nigerianesch Drogemafia op der Gare, déi deck aktiv ass”, sot den deemolege Policeminister Francois Bausch 2019 an offizialiséiert domat ee vu Grond op rassisteschen Diskurs. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer leet direkt no, d’Ausso vum Francois Bausch géif d’Praxis vum Racial Profiling legitiméieren. Eng Hautfaarf gëtt mat Kriminalitéit gläichgesat. Dubiéis privat Sécherheetsdéngschter gi patrulléiere gelooss bis zum Moment wou sech een Hond “vu selwem aus sengem Maulkuerf befreit” an sech an enger Persoun verbäisst. E Skandal ouni Konsequenze fir déi politesch Responsabel. RTL steet der Lydie Polfer weider zur Säit a freet: “Wat kann d’Police? Wat mécht d’Politik a wéi kënnen och déi Ofhängeg [Geschäftsleit] geschützt ginn? Mir weisen d’Situatioun wéi se ass a froen no“.

Natierlech freet RTL just bei deenen no, déi hir Vue bestätegen. E rietsextreme Verschwierungstheoretiker gëtt als d’Stëmm vun den “Garer Leit”, bzw. vun “deenen, déi sech trauen eppes ze soen” präsentéiert an däerf am RTL Journal vu senger Suerg virun deenen “Vollpigmenteierten” a senger Strooss erzielen, bei deenen hien “d’Gewaltbereetschaft an der Loft spiere” géif. Eng nëtzlech Rhetorik fir d’Buergermeeschtesch, déi hirer Partei d’Wieler*innestëmme séchere wëll. Nëtzlech och fir d’Police, déi gären méi repressiv Pouvoire, zB. den Platzverweis kréie géif a schlussendlech nëtzlech fir rassistesch Stereotyppe weiderzeeentwéckelen an d’Dominanz vu rietsen Diskursen ze behalen.
Ginn méi Drogen ronderëm d’Gare oder op der Finanzplaz um Kierchbierg verkaf? Sinn déi grouss Krimineller zu Lëtzebuerg wierklech déi, déi a futtissen Jacketten virum Abrigado stinn? Geet d’Kriminalitéit an d’Gewalt wierklech rop, ginn et Zuelen dofir? Gëtt et bei der Police ee strukturelle Problem mat Rassismus? Wat ass d’Liewensrealitéit vun der Majoritéit vun de Leit vum Garer Quartier, d.h. vun deenen 84% vun de Leit, déi do wunnen an net déi Lëtzebuergesch, mee eng vun 124 aneren Nationalitéiten hunn? Froen, déi weder d’Buergermeeschtesch, d’Police an och net RTL interesséieren. An offensichtlech och net d’Produzente vu Capitani.

Last minute Upassungen

D’Konsequenz fir déi lëtzebuergesch Serie ass fir d’éischt mol, dass se immens langweileg ass. Et gëtt keng nei Fro gestallt, keen Hannergrond beliicht mee just Klischeeën aus enger beschränkter Weltsiicht reproduzéiert. Dobäi hate sech d’Capitanis-Cheffen, d’Dräifaltegkeet Claude Waringo, Christophe Wagener an de Kreateur Thierry Faber, dach no der Casting-Polemik souvill virgeholl. Beim Kucke vun der Serie sinn déi a leschter Minutt bäigefléckte Verännerunge souguer ze gesinn: Eng Sequenz mat “bewaffneten Afrikaner” ass schlussendlech net méi am Script. Och goufen Schwaarz Statisten als Polizisten a beim Parquet dekorativ an den Hannergrond placéiert. Déi däerfen zwar net schwätzen, mee ginn am Schnëtt sou peinlech laang am Bild gehalen, bis och bei der allerleschter Persoun den Diversitéitsmessage ukomm ass. Séier kruut och nach d’Roll vun der Polizistin Ley ee puer Sätz bäigeschriwwen, mat der d’Bewosstsinn signaliséiert gi soll, dass d’Verhaftung vun den Dealer just “e puer jonk Kärelen trëfft, déi d’Suen heemschécken” (Episod 10). Dës punktuell Ausso steet awer net a Koherenz mat sengen Handlungen an Aussoen an deenen néng Folge virdrunner an huet och keen Impakt op d’Handlung oder d’Roll u sech. Et ass also ze spéit an vill ze mann driwwer nogeduecht ginn, wat een hei eigentlech mécht.

Rassistesch Stereotyppen

De gesamt “Plot” vun der Serie ass op Stereotyppen opgebaut. “Nigerianer” gëtt bei Capitani zum neien “N”-Wuert. D’Nationalitéit vun iwwer 200 Mio. Mënschen op der Welt an iwwer 300 Persounen zu Lëtzebuerg gëtt Synonym fir eng Mafia. Well Hingerschanken a Plommen um éischten Tatort bei der Läich fonnt ginn ass et net just fir de Capitani, mee och fir all Mënsch an der Serie plausibel, dass d’Mäerder d'”Nigerianer” gewiescht si missten. Wie sinn d’Leit vum “Nigerianeschen” Drogereseau? Bei Capitani schéngt d’Reegel ze sinn, dass ee wäiss si muss, fir eng elaboréiert Hannergrondgeschicht ze hunn. Vun den zwee Leaderen an deenen aneren Drogendealer vum Reseau ass näischt gewosst. D’Fluchtursaachen, legale Status an Europa an och all anere Kontext fir ze verstoen, firwat Mënschen aus Westafrika zu Lëtzebuerg an dës Situatioun gerode sinn onkloer.
Just bei zwee Net-Wäisse Figure ginn et méi Detailer: Eng Kéier beim Grace, enger Voodoo-Zauberin, déi enger méi aflossräicher Famill unzegehéieren schéngt, zu Lëtzebuerg als Sexworkerin schafft a mat Plommen, Schanken a Blutt d’Zukunft liest. Dann den “Lucky”, deen a gudder kolonialistescher Traditioun natierlech vun all Mënsch just mam Virnumm ugeschwat a geduuzt gëtt. Hien ass de Brudder vum Grace, trëtt am obligatoreschen europäeschen Futtballsoutfit op, an huet als eenzegt Zil d’Grace heemzebréngen. Hien rutscht allerdéngs, wéi wann dat een onëmgänglechen Automatismus wier, direkt bei senger Arrivée an den Drogereseau ran. Niewebäi leeft hien orientéierungslos duerch d’Stroosse, muss Iessen aus der Poubelle fëschen a verfält bei schlechten Noriichten direkt dem Alkohol a wëll sech vun der Bréck stierzen. Gerett gëtt hien doduerch, dass hien um Fluch vun de Vigel erkennt, dass déi schlecht Noriichten net wouer sinn. Méi Informatioune ginn et net. D’Serie stellt de Lucky an och d’Grace als d’Affer duer, praktesch onfäeg selbststänneg ze handelen. De Lucky muss vum Capitani gerett a bei all Occasioun vum Capitani senger Schwëster nees zesummegefléckt ginn wann en schonn nees verletzt gouf.

Wäitgoend rassistesch Vuen an Duerstellungen

Gewalt géint Leit mat schwaarzer Hautfaarf ass bei Capitani normaliséiert. Et ass net d’Duerchstellung vun enger Realitéit, mee et ass ee filmesche Choix. Et gëtt ee richtegt Gewaltspektakel géint schwaarz Kierper ausgedroen: Si zerklappen sech entweder ënnerteneen, gi vum Bordellbesetzer geschloen (a “Bimbo” genannt) oder gi vun der Police zesummegeschloen. Obwuel de Capitani de Lucky paternalistesch an d’Häerz geschloss huet, schubst a rappt hien de Lucky hin an hier (zB. Ep. 5). D’Serie bréngt souguer ee Re-enactment vum George Floyd sengem Dout zustan, dat onnéideg ass an onkommentéiert bleift an domat dëst fir Millioune vu Leit traumatescht Ereegnis als Stilmëttel mëssbraucht. Dëst normaliséiert d’Gewalt déi Schwaarz Leit och an Europa iwwerméisseg vill erfueren entgéint der wäit verbreeter Meenung, dass et en Rassismusproblem nëmmen an AmeriKKKa gëtt. Hir Kierpere sinn net wierklech hir eegen an hir Liewe sinn net wierklech liewens- a schützenswäert. D’Serie normaliséiert doduerch Gewalt géint Schwaarz Männer, déi ouni Beweiser als Drogendealer ofgestempelt ginn – genee wéi d’Lydie Polfer se an der Honds-Affär gemaach huet.
Capitani geet nach weider an referenzéiert déi rietsextrem Theorie vum groussen Austausch. Symbolesch dofir steet ënner anerem d’Ausso vum Valentina (Ep. 2): “Wir sind die letzten Alten in diesem Viertel, die neuen [Nigerianer.innen] kommen und nehmen alles ein.” Etabléiert gëtt d’Bild, dass Leit vun ausserhalb vun Europa plangen, an Europa ze komme fir “Iwwerhand ze gewannen” – well wäiss Europäer*innen sech net genuch fortplanzen, an Leit of Colour méi Kanner kréien an domat de gefaarten “Austausch” stattfënnt.

Gutt Krimineller si Lëtzebuerger

Firwat et problematesch ass Stereotyppen opzebaue steet präzis formuléiert am Schreiwes vu Samsa a Finkapé, dat no der Casting Polemik erausgi gouf. Et besteet d’Gefor, dass sech genee déi Stereotyppen an de Käpp vun de Leit festsetzen an déi strukturell Diskriminatioun verstäerken. Diskriminéierung a Stereotyppe schéngen awer d’Leitmotiv vu Capitani 2 ze sinn an dat an enger Welt, an der déi Gutt schlussendlech awer d’Lëtzebuerger sinn. Fir just ee Beispill ze nennen: De Capitani suergt fir d’Verhaftung vun “den Albaner”, déi ee Prostitutiounsréng mat Mannerjärege bedreiwen – doduerch gëtt tëscht gudden a béise Bordellbedreiwer ënnerscheet. Deen Gudden ass de lëtzebuerger “Kinnek vun der Nuecht”, gespillt vum Änder Jung, deen sech weigert an d’Drogegeschäft eranzeklammen (eng bei Godfather geklaute Linn vum Plot). Hien erënnert sech un déi gutt al an éierlech Zäit, däerf politesch onkorrekt si fir sympathesch riwwerzekommen a suergt schlussendlech souguer an engem absolut onnéidege leschte Plottwist dofir, dass dem Capitani seng End-Géignerin awer net iwwerlieft. Wou mer bei de Fraerolle wieren.

Desastréis Fraenrollen

Och de Sexismus an der Serie ass net auszehalen. En ass natierlech och bildlech ugeluecht, mat filmesche Choixen an engem male Gaze wéi aus laang vergaangenen Zäiten. De Capitani als wäisse Ritter, deen d’Frae schützend un d’Broscht dréckt, Fraekierper als Dekoratioun an d’Prostitutiounsthematik als Ausried fir Fraen ze objektifizéieren.
D’Fraerolle si wéi bei Capitani 1 nees een Desaster. Ween noom Enn vun der éischter Staffel d’Chance gesinn huet, dass dës zweet Staffel d’Roll vun der Polizistin Ley stäerke géif, ass enttäuscht ginn. Nees leeft d’Ley allen Entwécklungen hannendrun, gëtt vum Capitani corrigéiert an zurechtgewisen, versteet näischt, fält op de Mäerder eran a léisst sech manipuléieren. Schlussendlech muss si vum Capitani gerett ginn. Well si nach traumatiséiert ass wéinst dem Verloscht vum Kand an der Staffel 1, neigt si hei dozou sech Gewalt unzedoen. Permanent gëtt si vun engem anere Polizist belästegt a souguer physesch aggresséiert (Ep.3). Déi kloer Ofneigung an den “Nee” vum Ley ginn awer net seriö geholl a schlussendlech léisst hatt sech awer op de Polizist an, et kënnt zu enger brutaler Sexzeen, déi natierlech wesentlech méi am Detail gewise gëtt wéi hätt si mussen (Ep.6) – eng vu ville Sequenzen, déi just der Macho-Phantasie vum Produktiounsteam entsprange konnt.

Eng weider Männerphantasie ass déi eenzeg “staark” Fraeroll, déi vun der Chefin vum Nuetsclub fir deen de Capitani schafft: D’Valentina, eng äiskal Ex-Sexworkerin mat staarkem Ostblock-Akzent. D’Roll vum Valentina schéngt sech staark un der Protagonistin vun “Queen of the South” ze orientéieren, an dat net nëmme wéinst senge wäisse Blazeren. Bal wier och d'”Cousine Paulette”, déi d’Uspriechpersoun vum Capitani beim Parquet eng staark Fraenroll, schlussendlech ass si awer dem Capitani ënnerleeën a gëtt just nach dozou benotzt seng Onschold ze beweisen. An natirlech dofir an der leschter Folge eng Véierel Stonn laang dem Capitani an dem Public all Plottwists ze erklären, well d’Serie dat selwer net fäerdeg bréngt. D’Schwëster vum Capitani huet och keng eege Perséinlechkeet, mee déngt dozou dem Capitani säin Hannergrond auszebauen. D’Carla, d’Ex-Frendin vum Capitani an eigentlech dem Kapp vun engem Drogereseau, hätt och Potential gehat, mee gouf ouni Grond eng vun deene schwächste Figuren, déi vum Capitani ugebläert, gewiergt, op de Buedem geschmass an da vun aneren erschoss gëtt. Si ass an all Zeen ënnerleeën an ënnerwërfeg. Passend zu deene Fraerolle goufen zwee vun deenen talentéiertste Schauspillerinnen, déi d’Land de Moment huet an déi béid portugisesch Wuerzelen hunn, op absolut eidel Rolle vu Prostituéierte gesat, deenen hiert eenzegt Zil et ass, mam Capitani ze flirten an hien ze verféieren. Dat mécht Sënn, well déi ganz Serie jo schlussendlech just op d’Entwécklung vun engem eenzege Charakter ausgeriicht ass: dee vum Capitani.

D’Serie Capitani ass ee Problem

De Sexismus an de Rassismus a Capitani si kaum op bewosst Choixe vum Produktiounsteam zeréckzeféieren. D’Serie ass sou grausam schlecht, dass et bal net si kann, dass et méi wäitgoend Intentiounen hannert de filmesche Choixe gouf. D’Plotlinnen si sou konfus, dass den Capitani selwer iwwer e puer Folgen net weess, wat eigentlech grad seng Aufgab ass. D’Reproduktioun vu sexisteschen a rassistesche Reflexer geschitt praktesch onbewosst an ass domat ee Spigelbild vum strukturelle Problemer an eiser Gesellschaft.
Déi Fro, déi lo onbedéngt gestallt gi muss ass deemno firwat esou eng Produktioun vum Filmsecteur, vu RTL an och Deeler vun der Press hei am Land zum nationale Prestige-Objet gemaach gëtt. Dass esou eng Serie e Budget vun 3,5 Mio. krut ass e Problem. Dass d’Suen gréisstendeels vum Filmfong koumen, obwuel dësen rechtlech dozou verflicht ass keng Suen un diskriminéierend Produktiounen ze ginn ass ee Skandal. Mee mat Skandaler ouni Konsequenze kennt sech de Filmfong jo aus. Konsequenze wäert et keng gi soulaang net nees eng ëffentlech Debatt ugestouss gëtt. Dës Kéier geet et net ëm e Casting-Opruff, mee ëm 12 Folge vu rassisteschen a sexistesche Stereotyppen, deen déi national Filmindustrie als wichtegst Errongenschaft feiert.


Pressespiggel

“„Pardon, et war net sou gemengt“” (Land100komma7, 22.04.2022)
“Eine Welt der Silhouetten” (Tageblatt, 14.04.2022)