E Monument fir de Marx

Marx Monument virun der Chambre de CommerceKierchbierg: Lëtzebuergescht Marx-Monument enthüllt.

Um Kierchbierg gouf haut (05.05.2018) an de fréien Moiesstonnen d’Claude-Marx-Monument am Rond-Point virun der Chambre de Commerce enthüllt. Mat dësem Monument éiert d’Land ee vu senge groussen Kapitalisten.

200 Joer no der Gebuert vum Philosoph, Soziolog an Ökonom Karl Marx zu Tréier, ass dësem säin Albdram e puer Kilometer weider westlech sou lieweg wéi nach ni. D’Finanzoligarchie gëtt duerch déi national, lëtzebuergesch Gesetzgebungen virum Proletariat vun alle Länner geschützt.

Sënnbildlech fir dëse Systeem steet och d’Bankenopsiicht CSSF. Wéi déi international Press hieren Direkter Claude Marx am Zesummenhang matt dem Skandal ronderem d'”Panama Papers” genannt huet gouf et amplaz Kritik Réckendeckung vun der Politik.

Lëtzebuerg feiert deemno haut léiwer säin eegene Marx, an kuckt erof op déi däitsch Provënz, déi naiv genuch ass e Mann fir säi Striewen no globaler Gerechtegkeet ze éieren.

Kapital vun alle Länner, vereeneg dech. (Zu Lëtzebuerg)


UPDATE Mäerz 2019: Klo wéinst Marx-Monument

D’Opstellen vum Claude-Marx-Monument krut ee juristescht Nospill, eng Klo wéinst Diffamatioun gouf agereecht an d’Police huet enquetéiert. Dobai ass d’Police souwäit gaangen souguer DNA Spuren sécherzestellen. Glécklecherweis gouf d’Ennersichung schlussendlech “sans suite” klasséiert.


Biller vum Marx-Monument


Hannergrënn

Am Fréijoer 2016 gëtt duerch d’Veröffentlechung vun de Panama Papers e globale Finanzskandal opgedeckt. E groussen Volume u Daten gouf opgeschafft, haaptsächlech vum ICIJ an der Süddeutschen Zeitung. Den Claude Marx ass just kuerz ier dass den Skandal publik gouf vum Finanzminister Pierre Gramegna zum Direkter vun der Finanzplaz- a Bankenopsiicht CSSF ernannt ginn (Communiqué vum Finanzministère, Februar 2016).

Enn Abrëll 2016 publizéiert déi belsch Zeitung Le Soir als éischtes een Artikel iwwer d’Verbindungen vum Claude Marx a sengem fréieren Job bei der HSBC (Offshore Leaks Database (ICIJ)) zur panamesescher Firma Mossack Fonseca, déi am Zentrum vun dëser Affär steet (“Le gendarme de la finance luxembourgeoise est lui aussi dans les Panama Papers”, Le Soir, 26.04.2016), ouni allerdéngs konkret ze ginn. Just e puer Deeg virun den Veröffentlechungen vum Le Soir hat den Claude Marx an engem Interview mam Land nach iwwert seng Aufgab als Chef vun der CSSF bei der Opkläerung vun de Panama Papers geschwat:
“LAND: Sie haben selbst jahrelang in der Privatkundenabteilung von HSBC gearbeitet. Haben Sie in dieser Funk­tion Offshore-Gesellschaften für Kunden eröffnet?
CLAUDE MARX: Nein, die Bank hat solche Treuhanddienste nie angeboten, keine Firmensitze gestiftet oder Verwaltungsratsmitglieder gestellt.”
(Lëtzebuerger Land, 29.04.2016 – Den Interview gouf virum 26.04. gefouert).

Direkt kritt den Direkter vun der CSSF Réckendeckung aus dem Finanzministère (“Panama Papers: Claude Marx (CSSF) ne portera pas le chapeau”, Le Jeudi, 26.04.2016).

Et dauert baal ee Joer bis d’Süddeutsche noleet (Süddeutsche, 14.03.2017), dës Kéier gëtt ganz konkret opgewisen wéi eng direkt Verbindungen et zu Mossack Fonseca gouf (Beispiller vun Emailen déi d’Süddeutsche verlinkt: [1] [2]). Och d’letzebuergesch Press reagéiert (“Vielen Dank für die Bestellung”, Lëtzebuerger Land, 17.03.2017; “CSSF-Chef doch in Panama-Papers verstrickt?”, Tageblatt, 14.03.2017). De Claude Marx (Wort, 15.03.2017) an de Pierre Gramegna versichen sech ze verdeedegen (Le Quotidien, 05.04.2017).
Fazit: Den Claude Marx ass Direkter vun der CSSF bliwwen.


Pressespiggel

Claude statt Karl: Luxemburger Künstler ätzen mit eigenem “Marx”-Denkmal (Tageblatt, 07.05.2018)
»Lëtzebuergescht Marx-Monument« auf Kirchberg enthüllt (Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, 07.05.2018)
Punkt für die Kunstfreiheit: Klage von CSSF-Direktor gegen „Marx-Statue“ abgewiesen (Tageblatt, 22.03.2019)