Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss

Iwwersiicht: Opféierungen; Beschreiwung; Team; Script; Photoen; Press


Opféierungen

19., 21., 23. und 24. September 2015 um 20.00 am Théâtre du Centaure


Plakat Freeport Richtung22

Eise Propose fir den Nation Branding

“D’Mark Lëtzebuerg soll mat Bléck op de Nation Branding kloer a verständlech definéiert ginn.” Kee Problem, mir këmmeren eis drëm!

Naiv Kulturschaafender loossen sech natierlech gäre mëssbrauchen, fir am Numm vun der Natioun e schützenden a faarwege Mantel ëm eis Finanzplaz an ëm d’Steierdumping-Skandaler ze leeën. Wat géif also besser passen, wéi während der EU-Presidence (“Ganz Europa kuckt op Lëtzebuerg”) d’Kulturproduktioun ganz an d’Zeeche vum Nation Branding ze stellen? Kultur ass authentesch, en Zeeche vu Liewensqualitéit a wierkt besonnesch gutt bei potentielle Clientë vun eisem Land. Dowéinst befaasse mir eis all brav mat folgende Froen a fannen et schéin, datt de Retour vum Nationalismus lo och marchés-konform kanaliséiert kann ginn.

Wat ass d’Identitéit vu Lëtzebuerg, wat ass eise Marke-Profil, wat sinn eis Markestäerkten a wat ass eist Markeverspriechen? An engem groussen, partizipativen Nation-Branding-Prozess goufen dës Froe lo vun der Chambre de Commerce a PwC beäntwert. Mir presentéieren Iech lo d’Resultater an zwar a Form vum Informatiounsspektakel.

Gruppephoto Nation Branding


Team

Schauspieler*innen: Photoen
Luca Born
Anne Gillen
Jessica Lagoda,
Raphael Lemaire
Yannick Maurice
Anna Mühlen
Roxanne Peguet
Jil Reinardt
Lars Schmitz
Maurice Sinner
Michelle Kleyr
Luucht- an Tounregie
Fabrice Bernard, Lucie Wahl
Luucht
Antoine Colla

Script

Big4: Wat ass dann w.e.g. d’Substanz vu Letzebuerg?
CC-4: Gutt Fro.
CC-2: Firwat gett et Letzebuerg, an ween géif Letzebuerg vermessen?
CC-3: Wat ass eemoleg, wat mecht dest Land aus.
Berchem: Jo mee merde, mer können lo net einfach eppes erfannen, well mer brauchen Beweiser.
CC-1: Beweiser fir d’Substanz vun desem Land? Oh Gott.
Berchem: Net just Beweiser, der musst iech virstellen, dat do lo eng Nouvelle, déi des Substanz beweist, 2 mol ronderem d’Äerd goe misst, an all Mensch sech dann soen géif: Ah jo, dat ass Letzebuerg.
CC-2: Mä dat ass jo onméiglech, wéi eng Nouvelle iwwer Letzebuerg géif 2 mol ronderem de Planéit goen an eis Substanz beweisen…
Big4: Mir fällt do absolut näischt an.[…]Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss

Komplette Script mat Quellen hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Photoen


Pressespiggel

“Richtung22: Nation-Branding vun ënnen” (Woxx, 17.09.2015)
“Bluffing statt Branding” (Wort, 20.09.2015)
“Die Imageverbesserer” (Tageblatt, 21.09.2015)
“Cloaque” (Wort, 22.09.2015)
“Ist Luxemburgs neues Image nur ein Etikett?” (L’essentiel, 24.09.2015)
“La ministre de la Culture défend «Luxembourg, espèce de tas de merde vicieux»” (Jeudi, 24.09.2015)
“Impertinents” (Land, 25.09.2015)
“Independent Little Luxembourg, du hannerhältegt Stéck Schäiss” (Pianocktail, 26.09.2015)
“Stéck vu Richtung 22 iwwer Nationbranding elo ganz am VIDEO” (RTL.lu, 01.10.2015)
“Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss” (L for Liberty, 03.10.2015)
“Rezensioun zu Lëtzebuerg du hannerhältegt Stéck Schäiss” (RadioARA, 05.10.2015)
“Luxembourg Goes in for an Image Makeover” (NewYorkTimes, 23.11.2015)
“Fünf Fragen und Antworten zum Nation Branding” (Wort, 21.01.2016)


Affiche Nation Branding Luxembourg