Police. Verantwortlech fir dech.

Den 11. Abrëll 2018 gouf zu Bouneweeg ee Mann ënner net gekläerten Emstänn vun der Police erschoss. Kloer wor fir Police, Parquet, Politik a grouss Deeler vun der Press vun Ufank un just eent: Dass de Police keng Schold trëfft. Richtung22 huet sech zu dësem Fall geäussert fir dozou bäizedroen den ëffentlechen Drock héich ze halen


Alles ënner Kontroll

Ongekläerte Fall mat gekläerter Onscholdsfro

Am Revéier ass lo Summer, de Büro gëtt verlooss,
neie Logo, nei Revolver, den Tesla muss op d’Strooss.

Stramm steet an Uniform, de Stoussnéckel vu fréier,
Keng ellen Sich noom Job, d’Rekrutement goung séier.
Geet däin Däitsch knapps duer fir am Rapport eis Versioun z’erdenken?
Selbstsécherheet, déi brauchs du net, wa mir eng Waff dir schenken!
D’Ausbildung ass ganz kuerz, dir gitt just fex gedrillt.
Dann lass, eraus op d’Strooss, do gëtt Gendarm gespillt.

Bléist de Wand am Quartier, sou rau, sou friem, an sou suspekt?
Hat nees kee Mënsch v’run Autoritéiten genuch Respekt?
T’wor Adrenalin? D’Roserei, wa laanscht d’Kontroll ee fiert.
Sot, wat ass hei geschitt? E Polizist huet sech geiert?

Och aner Aarbechten, hunn Drock- a Stresszäiten
Jobs bei bei deene grave Feeler den Dout bedeiten

Halt, Stop, Falsch. Dat war kee Feeler. Gëtt am Rapport beléiert.
Kee Feeler, kloer, denkt sech och d’Press, déi deen Text kopéiert.
De Parquet stäipt sech och dorops, “kee Feeler” gëtt zitéiert.
Kee Feeler, jo sou huet dach och, de Schneider reagéiert.

Oh dir do uewen, déi är Hänn zum Schutz iwwer d’Police haalt
Wat notzt iech d’Ausblennen vun de Feeler vun der Brigad?
Chauvinismus, Muechtmëssbrauch, Gewalt an vill weider Mëssstänn
Fir Vertrauen a Rechtstaatlechkeet: Just d’Wourecht notzt um Enn

Eng Uniform eleng stécht är Leit net an d’Heldenroll
droe vun Waffe mécht nach kee Mënsch verantwortungsvoll.