Expo2020Dubai: E Monument fir de Kulturministère

Monument virum KulturministèreHaut ass den Dag vun de Mënscherechter – stellt iech fir, et wier der Regierung net egal…

Expo 2020 Dubai: Keng Konscht fir Wirtschaftsmissiounen an autoritär Regimer.

Déi couragéiert Entscheedung vum Kulturministère, sech schlussendlech awer net un der Weltausstellung an den Vereenegten Arabeschen Emirater ze bedeelegen, gouf haut um 10. Dezember, dem internationalen Dag vun de Mënscherechter, mat engem uspriechenden Monument a Form vun engem Möbius-Band belount (©Metanform).

D’Sam Tanson, elo jo och Justiz-Ministësch an tatsächlech ëm d’Situatioun vun de Mënscherechter besuergt, zitéiert d’Koalitiounsofkommes vun der aktueller Regierung:

“Le Luxembourg défend […] les valeurs de liberté, de paix et sécurité, de démocratie, de respect des droits humains et de la dignité humaine, de solidarité, de tolérance, de pluralisme et d’égalité”.

Dëst Zitat ass dann och elo um Monument ze fannen, dat haut am fréie Moien virum Kulturministère abetonéiert gouf.

D’Monument gouf allerdéngs innerhalb vun wéinege Stonnen onerwaarterweis nees ofgebaut – wahrscheinlech fir d’Oppenheet vum Kulturministère vis-a-vis vu Kritik an fir de Stellewäert vu Konscht zu Lëtzebuerg z’ënnersträichen. Ëmmerhin wëlle mir eis vun autoritäre Regimer ënnerscheeden.

Monument virum Kulturministère

Lëtzebuerg zu Dubai

Ursprénglech haten sech eng Rei vun Kulturinstitutiounen ënner der Leedung vum Jo Kox (FOCUNA an/oder Kulturministère – wéi et grad passt) zesummegedoen, fir aacht Kënschtler*innen mat dem Animatiounsprogramm am lëtzebuerger Pavillon zu Dubai ze beoptragen. Dem Protest vun deene Kënschtler*innen, deenen Kulturinstitutiounen, dem gesamten Konschtsekteur, der Press, der grénger Mënscherechts-Partei an dem Mister Mënschefrënd Jean Asselborn gouf lo Rechnung gedroen – si all haten vehement op de Respekt vun de Mënscherechter gepocht an d’Expo 2020 Dubai als Versuch vun enger Diktatur entlarvt wirtschaftlech Ofhängegkeeten ze schafen vir weider a Rou folteren, vergewaltegen an Krich féieren ze kënnen.

Schlussendlech deelt de Kulturministère och mat, dass säi Budget prinzipiell net méi fir Wirtschaftsmissiounen zur Verfügung steet. – a finanzéiert domat elo, zesummen mam Educatiounsministère ee Molconcours fir Regierungsmemberen zum Thema Mënscherechter.


Hannergrënn

Dëst Aktioun ass Deel vun der Kampagne vu Richtung22 fir de Réckzuch vum lëtzebuerger Konschtsecteur aus dem Projet Expo 2020 zu Dubai. Mir hunn ë.a. een Theaterstéck zum Thema Expo2020Dubai opgefouert an eis Recherchen publizéiert.


Placque um Monument virum Kulturministère


Pressespiggel

La culture et Dubaï 2020 font-​​elles bon ménage? (L’essentiel 10.12.2019)
A wien interesséieren d’Mënscherechter? (100komma7 12.12.2019)