Den Escher Kulturbudget als Walkampfkeess

Banner op der Faceade vum Bâtiment4



Le budget culturel d’Esch comme caisse de campagne électorale

(FR) Version française

Le budget culturel d’Esch comme caisse de campagne électorale

Début de l’été 2023 : La “Konschthal” et le “Bridderhaus” sont entièrement rénovés, le Minett-Trail est ouvert et chaque week-end, il y a même un festival avec des stars internationales. Esch est-elle enfin capitale européenne de la culture ? Ce n’est certainement qu’une coïncidence si tout cela a lieu juste avant les élections. Ou même pendant les élections : le 11 juin, les Eschois.es gâté.e.s par la culture pourront danser aux concerts des Francopholies-Megastars directement depuis leur isoloir, et iels sauront alors à qui iels doivent tout cela, n’est-ce pas ?

Bien placée dans l’avalanche d’événements, une autre cerise sur le gâteau arrive peu après la Nuit de la Culture et juste avant la (ré)ouverture de la Konschthal : le “tiers-lieu autogéré” Bâtiment 4, cœur de la création locale avec plus de 20 organisations et créateurs indépendants, est sauvé ! Mais que dire alors de notre critique de décembre, dans laquelle nous qualifiions de farce la “durabilité d’Esch2022” si souvent évoquée ? Des millions d’euros d’argent public ont surtout été engloutis dans des rénovations de luxe, dans le gonflement des administrations culturelles et dans les poches du grand business international de la musique (exemple : 1,6 million d’euros d’argent public ira en 2023 aux “Francopholies”, mais le pass 3 jours coûtera quand même 150€). Mais a-t-on pensé un peu plus durablement à la création locale ?

Autour de la promotion promise à la création locale, de la mystérieuse “Carte Blanche”, de l’avenir du Bâtiment 4 et de la poursuite des projets locaux d’Esch2022 une construction mensongère et bancale a été mise en place. Le Bâtiment 4 est maintenue aussi longtemps qu’il doit faire bonne impression pour les élections, et immédiatement après, il peut s’effondrer. La commune pourrait annoncer cette semaine déjà un accord avec ArcelorMittal. Ce qui ne sera pas dit avant les élections : cela ne sauvera pas les ateliers artistiques du Bâtiment 4. Ces ateliers doivent céder leur place aux bureaux des administrations des grands festivals. Dès fin juin, les Francopholies et la Nuit de la Culture devraient s’y installer. Quelle image symbolique pour les priorités de la politique culturelle d’Esch.

Au cours des derniers mois, la part du budget qui doit aller aux groupes et artistes locaux a été continuellement réorganisée et réduite jusqu’à devenir ridicule. L’argent est en effet nécessaire pour payer DJ Snake, Angèle et Louise Attaque (et les directeurs). Certains groupes locaux se font déjà mousser depuis septembre, dans l’espoir qu’ils finiront par abandonner d’eux-mêmes. Toutes les demandes de subvention ont finalement été redirigées vers la “Carte Blanche”, sur laquelle un jury aurait dû se prononcer il y a un mois. Mais malgré la confidentialité de cette possibilité de subventions, “trop” de projets ont été déposés. Ce pot a donc été à nouveau dissous et réduit, et de nombreux projets sont à nouveau renvoyés à d’autres procédures. Le budget du Bâtiment 4 ne sert plus qu’à camoufler les coûts d’autres institutions artistiques. En février déjà, l’échevin de la culture Pim Knaff a retiré au collectif du Bâtiment 4 tous les droits à l’autogestion – mais le site web dit le contraire et le collectif est maintenant prié par la commune de se réunir à nouveau pour sauver les apparences. Une clause spéciale dans le renouvèlement des contrats d´utilisation du Bâtiment4 permet en outre à la commune de mettre à tout moment les artistes du B4 à la porte. Un climat d’insécurité, de pression et de mensonges a été établi pendant des mois. Tout ce qui a été sauvé, promis ou annoncé avant les élections est là pour être immédiatement découpé en morceaux après.

Richtung22 ne se laissera pas utiliser pour des manœuvres électorales sournoises. Nous continuons à nous opposer à ce que le budget culturel soit utilisé pour des fêtes électorales, des événements au champagne et des meubles coûteux dans des espaces vides. Nous nous battons pour une politique culturelle vraiment durable, qui ne vole pas aux petits pour faire encore plus de place aux grands. Ce n’est qu’ainsi qu’Esch pourra vraiment rendre justice au potentiel de sa scène artistique active et à la diversité culturelle de sa population. Sinon, la capitale culturelle ne verra jamais le jour ici.


Den Escher Kulturbudget als Walkampfkeess

(LU) Summerufank 2023: D’Konschthal an d’Bridderhaus si fäerdeg sanéiert, souguer de Minett-Trail ass prett an all Weekend ass ee Festival mat internationale Stars. Ass Esch elo endlech europäesch Kulturhaaptstad? Et ass sécher just en Zoufall, dass dat alles knapps virun de Wale geschitt. Oder souguer wärend dem Wielegoen: den 11. Juni kënnen déi kulturverwinnten Escherinnen an Escher vum Francopholies-Megastars-Concert direkt an d’Walkabinn danzen, a wësse jo dann, wiem se Merci ze soen hunn, gell?

Banner op der Facade vum Bâtiment4 Gutt getimed an der Lawin vun Events kënnt kuerz no der Nuit de la Culture a kuerz virun der (Re-)Ouverture vun der Konschthal eng weider Kiischt op de Kuch: Den “Tiers-Lieu autogéré” Bâtiment 4, d’Kärstéck vun der lokaler Kreatioun mat iwwer 20 onofhängegen Organisatiounen an Konschtschafenden, gëtt gerett! Mee wat ass da mat eiser Kritik vum Dezember, an der mir déi vill zitéierten “Nohaltegkeet vun Esch2022” als Farce bezeechent hunn? Milliounen un ëffentleche Gelder sinn haaptsächlech a Luxussanéierungen, d’Opblose vu Kulturadministratiounen an an d’Täsche vum groussen internationale Muséksbusiness gefloss (Beispill: 1,6 Mio. Euro ëffentlech Gelder ginn 2023 un d’ “Francopholies”, den 3-Deeg-Pass kascht awer trotzdeem 150€). Mee gouf ëmmerhin nohaltegerweis och e bëssi un déi lokal Kreatioun geduecht?

Et gesäit esou aus, mee et ass net sou. Ëm déi versprache Fërderung vun der lokaler Kreatioun, ëm déi mysteriös “Carte Blanche”-Subsiden, ëm d’Zukunft vum Bâtiment 4 an ëm d’Weiderféierung vun de lokalen Esch2022-Projeten gouf ee wackelegt Ligekonstrukt opgebaut. Dëst bleift sou laang erhalen, wéi et fir d’Walen e gudden Androck maache soll, an direkt duerno däerf et zesummefalen. D’Gemeng kéint schonn dës Woch en Deal mat Arcelor Mittal bekannt ginn. Wat virun de Walen net gesot gëtt: Domat ginn awer net d’Konschtateliere vum Bâtiment 4 gerett. D’Konschtateliere musse Plaz maache fir Büroe fir d’Administratioune vun de grousse Festivaller. Schonns Enn Juni solle Francopholies an Nuit de la Culture hei eraplënneren. Wat ee Symbolbild fir d’Prioritéite vun der Escher Kulturpolitik.

Iwwert déi lescht Méint gouf den Undeel u Budget, deen un déi lokal Associatiounen a Konschtschafender goe soll, kontinuéierlech ëmgeschicht a bis an d’Lächerlechkeet reduzéiert. D’Suen gi jo gebraucht fir den DJ Snake, Angèle a Louise Attaque (an d’Direkteren) ze bezuelen. Lokal Gruppe ginn deelweis schonn zanter September waarde gelooss an der Hoffnung se géifen iergendwann vum selwen opginn. All d’Fërderunträg goufe schlussendlech op d’ “Carte Blanche” ëmgeleet, iwwert déi eng Jury virun engem Mount hätt entscheede sollen. Do goufen awer, trotz Geheimhaltung vun dësem Fërderinstrument, “ze vill” Projeten agereecht. Also ass dëst Dëppen nees opgeléist a reduzéiert ginn a vill Projete ginn nees op aner Prozedure vertréischt. Den Budget vum Bâtiment 4 déngt just nach der Verschleierung vun de Käschte vun anere Konschtinstitutiounen. Schonn am Februar huet de Kulturschäffe Pim Knaff dem Kollektiv vum Bâtiment 4 sämtlech Rechter zur Selbstverwaltung entzunn – mee um Site steet de Géigendeel an dem Kollektiv gëtt vun der Gemeng opgedroen, sech rëm ze treffen*. Eng speziell Klausel an de Verlängerungen vun den Verträg zur Notzung vum Gebeih erlaabt et de Gemengeresponsabelen zousätzlech, déi Kreativ aus dem B4 zu all Moment op d’Strooss ze setzen. E Klima vun Onsécherheet, Drock a Lige gouf iwwer Méint etabléiert. Wat och ëmmer virun de Wale gerett, versprach oder annoncéiert gëtt ass do, fir direkt duerno ausernee geholl ze ginn.

Richtung22 wäert sech net fir hannerhälteg Walkampf-Manöveren benotze loossen. Mir wieren eis weider dogéint, dass de Kulturbudget fir Wahlkampfpartien, fir Schampes-Events an deier Miwwelen an eidelen Hale benotzt gëtt. Mir kämpfe fir eng wierklech nohalteg Kulturpolitik, déi net vun deene Klenge klaut fir deene Groussen nach méi Plaz ze maachen. Just esou kann Esch wierklech dem Potential vun der aktiver Konschtzeen an der kultureller Diversitéit vu senger Populatioun gerecht ginn. Soss gëtt dat jo ni eppes hei mat der Kulturhaaptstad.


Banner op der Facade vum Bâtiment4 UPDATE, 18.05.2023

D’Black Box ass ëmmer nach zou a muss endlech opgemaach ginn!

Gëschter hat frEsch, de Kulturzerwiss vun Esch, bzw d’Fassad, hannert der sech dës Politiker*inne verstoppen, seng Assemblée Générale. Gëschter Owend krute mir op informellem Wee Bescheed gesot, dass Richtung22 d’Hallschent vun der Zomm kritt, déi mer iwwert d'”Carte Blanche” ugefrot haten. Dat ass mega gutt! Oder? Mir kruten och d’Nouvelle matgedeelt, dass tëscht frEsch an ArcelorMittal en Deal gemaach gouf, dass de Bâtiment4 nach 6 weider Joer bestoe bleiwe kann. Ass dat net eng grouss Victoire?

En Deel vun eis ass erliichtert a stolz ze gesinn, dass den Drock, dee mir ausgeüübt hunn, eppes bruecht huet: mir krute Suen an och d’Verspriechen, dass “nëmmen” 4 Leit vun der Nuit de la Culture am Bâtiment4 hire Büro wäerte kréien. Mee wa mer un déi Froen zréckdenken, déi mer elo seit Méint stellen, da si mer am grousse Ganzen ëmmer nach do, wou mer ugefaang hunn.

Mir hu keng Informatiounen dozou, wien wéieng Büroe kritt, ob dëst fir kuerz oder laang ass an ob dat an Zukunft erweidert wärt ginn. Mir ginn an dës Decisiounen ëmmer nach net mat abezunn a mir hu keng Anung wéini oder ob iwwerhaapt eng Facilitatiouns-Persoun fir d’Gebai agestallt gëtt. Mir kruten ëmmer nach keng Alternativ zur Autogestioun vum Gebai virgeschloen, déi vum Escher Kulturzerwiss fir t’éischt accordéiert an dono nees zerstéiert gouf.

Vun den 28,2 Milliounen, déi de gesamte Kulturbudget vun Esch ausmaachen, sinn 200.000€ un d’Carte Blanche gaangen, obwuel Demanden iwwert méi wéi 739.000€ eragereecht goufen. Op eise Versuch, eng reegelméisseg järlech Finanzéierung ze kréien, gouf nach ëmmer net reagéiert an et ass och keng Ried dovun fir aner Gruppen, déi hir Finanzen no 2022 stabiliséiere wëllen. Mir kruten zwar Suen, mee vill vun den anere Gruppen ronderëm eis kruten näischt. Vun den 200.000€ Carte Blanche krut Richtung22 iwwert en Drëttel, obwuel iwwert 10 Gruppen e Projet eragereecht haten. De Budget, dee soss dem Bâtiment4-Kollektiv zur Verfügung stoung, gëtt weider ëmfonctionéiert, fir un déi ze goen, déi sech fir d’Carte Blanche gemellt haten.

Ouni wéi verwinnte Kanner kléngen ze wëllen, verurteele mir ëmmer nach d’Aart a Weis, wéi mat Suen ëmgaange gëtt a wéivill fir wéi eng Zwecker zur Verfügung steet. Hei geet et ëm vill méi wéi eis – d’Black Box ass ëmmer nach zou an et gëtt Zäit dass se opgemaach gëtt. Vill Froen bleiwen onbeäntwert. Wat sech wéi eng Victoire ufillt, ka genee sou e Versuch sinn, e Skandal virun de Walen ze verhënneren. Mee mir sinn dovun iwwerzeegt, dass mir grouss Wellen am Büro vun enger gewësser Black-Box-Organisatioun geschloen hunn an d’Resultat vun hirer Réunioun duerch eise Protest verännert hunn.

Mir bleiwen wuechtsam bis no de Walen a mir probéiere weiderhin, de Projet vum Bâtiment4 ze stabiliséieren. Et sollt e kreative Raum sinn, deen duerch Zesummenhalt a Kollaboratioun fonctionnéiert, an net duerch perséinlech a politesch Interessen. Fir eis ass et elo kloer, dass et sech lount, fir Selbstbestëmmung an eng aner Form vu Kulturpolitik ze kämpfen. Dass et sech lount onbequeem, haart an nerveg ze sinn, amplaz einfach drop ze hoffen, dass d’Leit un der Muecht gnädeg genuch sinn, eis e puer Grimmele vum Kuch ofzeginn, wa mer schéi brav de Bak halen.


Pressespiggel

“Le choc des cultures”https://www.tageblatt.lu/headlines/le-choc-des-cultures-divergences-entre-occupants-et-gestionnaires-du-batiment-4/
“Ceci n’est pas une campagne électorale” (Land, 19.05.2023)
“Kulturpolitik: Esch2022: 
Scherben oder Erbe?” (Woxx, 26.05.2023)