039 – Quarantän fir d’Demokratie

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
039 - Quarantän fir d'Demokratie
/

Richtung22 Radiosendung Abrëll 2020


Iwwersiicht vun den Themen an dësem Podcast:
01) ab 00:00 – D’Police seet Merci!
02) ab 06:30 – Richtung22 an d’GD Charlotte encouragéieren d’Vollek
03) ab 08:30 – E Beotmungsgerät fir d’LSAP
04) ab 10:10 – Dem Serge Tonnar seng supper Initiative
05) ab 15:10 – Mir erkläeren den Etat d’urgence
06) ab 22:40 – Mir hunn den éischten réglement grandducale GELIES!!
07) ab 30:17 – Romanteschen Reportage mat eisen Deputéierten
08) ab 41:50 – Rubrik Liggepress
09) ab 51:25 – Den Nico Graf wor nees akafen
10) ab 53:50 – Hudd dir Symptomer?
11) ab 56:30 – Sachlech Äntwerten op pauschal Froen, déi nach ze brisant sinn fir gestalt ze ginn.


Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer, mir wëllen iech matdeelen, dass dir net alleng sidd. Virun allem net alleng, wann de Virus net dat eenzegt ass, wat iech an dësen Zäiten Bauchwéih verursaacht. Oder de Kapp zerbrécht. Also haaptsaach kee Féiwer.

Dir sëtzt zanter Deeg dobannen aus Solidaritéit mat de Risikogruppen, gitt passiv-aggressiv vum Xavier Bettel ugemotzt a versicht den opdrénglechen Live-Tickeren (D'”Press”) aus dem Wee ze kommen? Mat dëser Sendung duerchbriechen mer zesummen den Schockzoustand an deem sech dat ëffentlecht Liewen zanter Wochen befënnt.

Forgotten Heros: eis Police

Als éischtes wëlle mer mat dëser Sendung deene vergiessenen Held*innen vun der Krise endlech méi Visibilitéit ginn. Nee, mir schwätzen hei net vu Leit aus Klinicken, Supermarchéen a Fleegeheemer an deenen déi doheem op d’Kanner oppassen. Dat si jo haaptsächlech Fraen déi souwisou Suen, Visibilitéit an Unerkennung vun all Balcon nogeschmass kréien. Mir schwätzen vun eiser Force Public, eisem Grand Duc an Allengherrscher a vun eisen daperen Députéierten, déi sech an d’Demokratie direkt mat isoléiert hunn. Mir schwätzen vum Serge Tonnar, deen dat ganzt Land alleng ënnerhale muss, vun RTL déi den Service Public iwwerhëllt wann et drëms geet genee dee richtegen Level vu Panik ze verbreeden a mir schwätzen vum Fred Keup an aneren rietsextreme Kräft, déi sech am Etat d’urgence op ee mol verstaanen a puddelwuel spieren.

Mee eis Sendung huet och een onseriöt Uleies: Mir wëllen iwwer de Wäert vun der Demokratie schwätzen. Dass eis Politik den Rechtsstaat beim éischten Houscht iwwer Bord geheit huet fanne mir problematesch.