038 – Endlech: Dem Etienne säin Enn

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
038 - Endlech: Dem Etienne säin Enn
/

Richtung22 Radiosendung Januar 2020

Plakat Dem Etienne säin EnnMam Etienne Schneider verléiert eise Konschtkollektiv Richtung22 eng essentiell Inspiratiounsquell. Dofir hu mir eis entscheed dësem Visionär eng leschte Kéier eng Sendung ze widmen an op seng desastréis Karriär zeréckzeblécken. Mir hunn een Best-Of mat 10 Fails mam Etienne Schneider zesummegestallt.

Mir wäerten bei all deene Fäll, déi mer behandelen, ëmmer nees dat nämlecht Muster erkennen: Den Etienne Schneider leent sech (ze) wäit aus der Fënster, kritt dofir Unerkennung an mécht sech dann aus dem Stëpps ier dass d’Konsequenzen vu senge Projeten ze spieren sinn. Et ass eng Geschicht vu Skandaler, déi keng Skandaler gi sinn, well d’Ëffentlechkeet, d’Press an d’Oppositioun net fäheg woren vis-a-vis vun engem skrupellosen Egoman wéi dem Etienne Schneider opzestoen.