036 – Eis Press: Notzlos a peinlech

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
036 - Eis Press: Notzlos a peinlech
/

Richtung22 Radiosendung November 2019

Thema vun der R22-Sendung dëse Mount ass de Journalismus zu Lëtzebuerg. Donieft rifft och de Fred Keup an d’Sendung un an den DJ JC Hollerech mécht sech Gedanken iwwert seng Zukunft am Vatikan. Am zweeten Deel vun der Sendung analyséieren mir dat desastréist Scheiteren vun der Press bei der Beriichterstattung iwwer d’Weltausstellung zu Dubai 2020.


Hannergrënn

Wéi ee Notzen huet eng “divers” Presselandschaft wann bei wichtege Sujeten zur Aussepolitik, Grondrechter a Wirtschaft all gréissert Medium hei am Land de Pressecommuniqué vun der Regierung kopéiert? An Beriichterstattung iwwer d’Expo 2020 gëtt systematesch de Framing vun der Regierung iwwerholl.

Fir dës Sendung hu mir zwee Momenter an der Beriichterstattung iwwer Dubai analyséiert.

a) Éischte Spuetstéch (ab 28:30)
Fir d’éischt de Moment vum éischte Spuetstéch fir de lëtzebuerger Pavillon, den 29.04.2018 zu Dubai. Zum gläichen Zäitpunkt probéieren d’VAE, déi am Yemen Krich féieren, entgéint dem Vëlkerrecht eng Insel z’annektéieren [1] [2]. Am nämmlechte Moment kënnt de Beriicht iwwer d’Folterung vum prominentesten politeschen Gefaangenen an den VAE un d’Effentlechkeet [1] [2]. An zum gläichen Moment sëtzt zu Lëtzebuerg ee Mann op Wonsch vun den VAE am Prisong, deen der Prinzessin Latifa vun Dubai beim Versuch gehollef huet vun hierem tyrannesche Papp fortzelaafen.

“Erster Spatenstich für den luxemburgischen Pavillon für die EXPO 2020” Communiqué vun der Regierung
– “Expo 2020 Dubaï : la construction du pavillon luxembourgeois lancée” Le Quotidien
– “EXPO 2020: premier coup de pelle du pavillon luxembourgeois à Dubaï” wort.lu
– “Top départ pour le pavillon à Dubaï” Paperjam
– “Le chantier du pavillon luxembourgeois est lancé” RTL 5 minutes

b) Pressekonferenz Maggy Nagel (ab 47:20)
Deen zweete Moment, deen mir analyséieren ass eng Pressekonferenz vum Maggy Nagel am Juni 2019. Och hei kopéiert d’Press de Framing vun der Regierung a verzicht komplett op Recherche, kritesch Nofro a fällt op déi vun den VAE opgestallten Fal ronderëm d’Fro vun den Aarbechtsrechter an den Emirater ran.

“La présence luxembourgeoise à l’Expo 2020 Dubai se concrétise” Communiqué vun der Regierung, 25.06.2019
– “La présence du Luxembourg à l’Expo de Dubaï se précise” Paperjam
– “Le pavillon du grand-​​duché à dubaï se précise” L’essentiel
– “Dubai 2020: Lëtzebuerger Pavillon hëlt Konturen un” 100komma7
– “Luxemburg bei der Expo 2020: Die Vorbereitungen laufen auf Hochtouren” wort.lu
– “De Lëtzebuerger Pavillon op der Weltexpo zu Dubai” RTL


Eng Hëllef fir d’Press

Fir eist Theaterstéck iwwer d’Expo 2020 zu Dubai hu mir eppes gemaach, wat d’Press bei dësem Thema bis elo nach net fäerdeg bruecht huet. Mir hu recherchéiert an eis Recherche online zougänglech gemaach – an der Hoffnung dass een anere Framing wéi deen, deen d’Regierung sech wënscht, méiglech gëtt.