D’Chambersbliedchen als Podcast

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
D'Chambersbliedchen als Podcast
/

Richtung22 Radiosendung Januar 2021


De Chamberspresident Fernand Etgen (DP) huet alleng der Onlinezeitung Journal (DP) fir d’Kopéiere vun e puer PDFen 30.000€ organiséiert. D'”Chambersbliedchen”, de schrëftleche Rapport vun deem wat am Parlament gesot gouf, fënnt een zwar och um Site vun der Chamber – mee do profitéiert jo keen dovunner an et soll professionell ausgesinn. Dofir suergt beim Journal dann eng Paywall.

Dat kéint elo als Korruptioun bezeechent ginn. Dat kéint an enger seriéiser Demokratie de Récktrëtt vum Parlamentspresident bedeiten. Mee mat der richteger moralescher Flexibilitéit kënnen och Koalitiounspartner*innen, Press, Oppositioun an Zivilgesellschaft hei eng éierbar Intentioun detektéieren.

De Fernand Etgen selwer erkläert dëse Virgank mam Argument: “mir däerfen eis den digitalen Netzwierker net verschléissen”. Et ass e Mehrwert fir d’demokratesch Participatioun (DP), wann eng eeschtzehuelend Zeitung d’Debaten hannert enger Paywall a Sécherheet bréngt.

Sou richteg modern ass d’Kopéiere vun engem PDF (1.600€) natierlech net. Dass grad de Journal, deen zanter kuerzem jo hipp, fresh a besse flashy (DP) ass, op dës stëbseg Publikatiounsform zeréckgräift ass erstaunlech.
Et wierkt esou, wéi wa si d’Aarbecht vun der Chamber guer net wierklech valoriséiere wollten. Dowéinst wëlle mir hëllefen. Mir hunn d’Chambersbliedchen als dynamesche Podcast vertount.

Well d’Kopéiere vu Fichiere vum Chamberssite duerch Radiostatiounen traditionell zu Perquisitiounen féiert, hu mir eis dozou entscheet hei direkt eng Rechnung matzeschécken, fir dass bei eis wéi jo och beim Journal dat kommerziellt Interessi kloer am Virdergrond steet.


Real Talk mam Fernand Etgen