#Expo2020Dubai: Oppene Bréif u Kulturministère a FOCUNA

Special Delivery un de Kulturministère an un d'FOCUNA

Pressecommuniqué
Kunstkollektiv Richtung22 fordert Stellungnahme von Kulturministerium und FOCUNA zur Expo2020Dubai

Die luxemburgische Beteiligung an der Weltausstellung 2020 in Dubai zeigt erneut, dass in unserem Land wirtschaftliche Interessen wichtiger sind als Menschenrechte und Moral. Als Kunstkollektiv schockiert es uns insbesondere, dass auch Kunst in Dubai zum Zweck des Nation Brandings eingesetzt werden soll und sich im “comité artistique” des Luxemburger Expo-Pavillons praktisch sämtliche Kulturinstitutionen vor den Karren dieser Wirtschaftsmission spannen lassen. Kunst hat die Aufgabe Realitäten aufzuzeigen, nicht diese zu verschleiern.

Letzte Woche starteten wir deshalb mit einer Aktion auf der “Stäereplaz”, die dem emiratischen Staatsfond ADIA gehört, unsere Kampagne für den Rückzug des Kunstsektors aus dem Pavillon. Die Resultate unserer Recherchen, welche die weitreichende Kolaboration Luxemburgs mit dem Regime in Abu Dhabi und Dubai aufzeigen, präsentieren wir kommende Woche in unserem neuen Theaterstück im Théâtre du Centaure. Als nächsten Schritt planen wir die Verantwortlichen zu kontaktieren und zur Rede zu stellen. In diesem Sinne haben wir schon jetzt einen offenen Brief an das Kulturministerium und an den FOCUNA verfasst.

Das Kulturministerium soll Kunst vor Missbrauch schützen, der nationale Kulturfond die Unabhängigkeit der Kunst garantieren. Beide Institutionen verfehlen durch ihre Beteiligung am Luxemburgischen Pavillon ihre Rolle. Von Sam Tanson und Jo Kox fordern wir deshalb eine Stellungnahme und den Rückzug aus dem Projekt Expo2020Dubai. Die offenen Briefe wurden letzte Nacht an den Fenstern des Kulturministeriums angebracht.


Léif Madamm Kulturministesch, léif Sam Tanson,

dir sot et géif Iech drëms goen, dass d’Konscht déi Bedeitung kritt, déi se verdéngt. Mir froen eis, wéi eng Bedeitung d’Konscht, anzortéiert tëscht Wirtschafts-Evenementer, am Lëtzebuerger Pavillon op der Expo2020 zu Dubai huet.

Souwuel fir d’VAE wéi och fir Lëtzebuerg ass d’Konscht een Instrument fir der superräicher Clientèle en héije Liewensstandard garantéieren ze kënnen. Konscht déngt donieft dem Nation Branding, ass Statussymbol, Spekulatiounsobjet a Verschleierungsinstrument. Eiser Meenung no soll Konscht Realitéite weisen an net vun hinnen oflenken.

D’Realitéit ass, dass eist Land just aus wirtschaftlechem Interessi un der Expo deelhëlt. D’Realitéit ass, dass d’Emirater eng aggressiv Krichsmuecht sinn, verwéckelt a sämtlech regional Konflikter an dass an de VAE Mënscherechter näischt wäert sinn. Kritiker*inne ginn ouni Uklo am Prisong verschwanne gelooss a gefoltert, dorënner och d’Latifa, Duechter vum Scheich vun Dubai – deen op dës Expo invitéiert.

Dir sidd och elo hei am Land fir d’Justiz verantwortlech a musst Iech d’Fro stellen op Konschtfräiheet a Grondrechter just Gadgete vun Lëtzebuerg sinn, déi mir iwwer Bord geheie soubal d’Wirtschaft et verlaangen. Mir gesinn et an Ärer Aufgab e Mëssbrauch vun der Konscht ze verhënneren.

Mir erhoffen eis vun Iech dowéinst kloer Signaler: De Réckzuch vun der Vertriederin vum Kulturministère aus dem “comité artistique” fir d’Expo2020 zu Dubai. Keng Suen aus dem Kulturbudget fir d’Projeten zu Dubai. Eng kloer Ausso a generell Mesurë géint de Mëssbrauch vu Konscht duerch den Nation Branding.

Richtung22
Oppene Bréif un d'Kulturministesch Sam Tanson


Léiwen Här Direkter vun der FOCUNA, léiwe Jo Kox,

d’Onofhängegkeet vun der Konscht ass esou wichteg, sot Dir. Wéi onofhängeg ass d’Konscht zu Dubai? Wéi onofhängeg ass d’Konscht aus Lëtzebuerg, déi Dir am Kader vun der Expo2020 do rof schéckt?

Äre Budget bestëmmt schlussendlech wéi eng Projete realiséiert ginn. Mat deene Sue gouf hei d’Konscht virun de Won vum Nation Branding gespaant fir zu Dubai déi Superräich vun der Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg z’iwwerzeegen.

Och d’Emirater ënnerstëtzen d’Konscht. Si hu vun Aarbechtssklaven op der “Isle of Happiness” Muséë baue gelooss an dann alleng 470 Milliounen Euro bezuelt fir eent dovunner “Louvre” nennen ze däerfen. Den Direkter vum och nei gegrënnten “Guggenheim Abu Dhabi” sot an engem Interview d’Emirater géife mat hirem Invest an d’Kultur “weisen, dass Kapitalismus funktionéiert”. Konscht gëtt an de Galerien an Ausstellungen an den Emirater, genee wéi am Lëtzebuerger Freeport, zum Spekulatiounsobjet degradéiert. Konscht gëtt zum Statussymbol: Dat deierste Bild vun der Welt, dem Da Vinci säin “Salvator Mundi” soll zu Abu Dhabi ausgestallt ginn, hänkt de Moment awer nach an der Yacht vum Saudesche Krounprënz. A schlussendlech gëtt Konscht zum Branding-Instrument mat deem ee Land vu senger tatsächlecher Identitéit oflenke wëll. Lëtzebuerg lenkt of vum Fait, dass mir e Steierparadäis sinn an d’Emirater vum Fait dass si eng aggressiv Krichsmuecht sinn an d’Mënscherechter ignoréieren.

Mir erhoffen eis, dass Dir d’Participatioun vun der FOCUNA un der Expo2020Dubai nach eng Kéier iwwerdenkt. Zitt Är Suen do eraus an zitt Iech selwer aus dem “comité artistique” vun dëser Missioun zeréck, déi de Géigendeel vun deem ass, woufir d’FOCUNA steet.

Richtung22
Oppene Bréif un de FOCUNA-Präsident Jo Kox


Pressespiggel

“Kultursektor: Dubai 2020 ist nicht.” (WOXX, 20.09.2019)
“Die Wüste ruft, Protest ist angesagt” (Wort, 23.09.2019)
“Kunst im goldenen Käfig” (Wort, 25.09.2019)
“Ausblick 2020: Mit dabei sein in Dubai” (Wort, 02.01.2020)


Opene Bréif an de Fensteren vum Kulturministère