Expo 2020 Dubai: Ëm wat et geet

Informatiounen sinn déi wichtegst Ressource fir dem zyneschen Expo2020 PR-Coup vun den Emirater a vu Lëtzebuerg entgéintzewierken. Leider scheitert d’Press zu Lëtzebuerg bis elo dorunner dem Framing vun der Regierung ze demontéieren (Eise Podcast zum Thema).

D’Virwërf däerfen net vague bleiwen. Et geet net duer uewerflächlech drop hinzeweisen dass “d’Mënscherechtslag net gutt ass” oder et “Problemer beim Aarbechtsrecht” ginn – géint sou schwammeg Kritik leien passend Oflenkungs-Argumenter parat. Mir hunn fir eist Theaterstéck zur Weltausstellung eng breed Recherche gemaach, mat Fokus op d’Verstréckung vun der lëtzebuerger Wirtschaft, Hannergrënn zum Pavillon an der Konschtmissioun, zum Spin a Framing vum Wirtschaftsministère an zu Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg an den Emirater.

Hei versiche mir elo eis Recherche sou kuerz an iwwersiichtlech awer sou pointéiert wéi méiglech duerzestellen, fir dass se als zousäzlech Basis fir fundéiert Diskussiounen genotzt gi kann.


1) Kooperatioun mat enger Diktatur

a) Déi militaristesch Aussepolitik vun den VAE

D’VAE gi militäresch géint d’Prinzipien an aussepolitesch Interessen vu Lëtzebuerg (MAE 2018) an der EU vir. D’VAE sinn eng aggressiv (Times 2018, RealClearDefence 2019) an héich opgerëscht (SIPRI 2019, Simmons 2019) Militärmuecht mat héichem Afloss am mëttleren Osten an och op Saudi-Arabien(NYTimes 2019).

D’VAE sinn d’Zentrum vum Waffenhandel an der Regioun (IDEX 2019, BICC 2019). Si kämpfen ausdrécklech mam Zil Demokratiebestriewungen an anere Länner z’ënnerbannen (Ragab 2019, van Slooten 2019). 2019 huet d’UN zu Geneve d’VAE wéinst Krichverbriechen wéi Folter a sexuelle Mëssbrauch vu Gefaangenen während dem Yemen-Krich veruerdeelt (NYTimes 2019).

Konflikter an déi d’VAE de Moment verwéckelt sinn (Washington Post 2019) sinn ë.a.:
De Krich am Yemen (Deutschlandfunk 2019), de Krich a Syrien (AGSIW 2019), d’Kris a Somalia (Spiegel 2019), den Embargo géint de Katar (BBC 2019), de Konflik mam Iran (Reuters 2018), de Konflikt am Sudan ( Guardian 2019) a souguer de Konflikt an der Ukraine (Huffpost 2015).

— Beispill 1: D’VAE ënnerstëtzen den Generol Haftar, een Warlord, deen a Libyen e Krich géint déi vun der EU unerkannten Regierung féiert. Dronen aus den VAE suergen do fir eng héich Zuel vun zivilen Affer (Guardian 2019, Guardian 2019(2)) an d’Bommenattack op d’Flüchtlingsheem bei Tripolis gouf den aktuellen Erkenntnisser no vun engem Jet vun den UAE geflunn (BBC 2019)
— Beispill 2: D’Emirater stoungen hannert dem Militärputsch an Ägypten, deen déi éischt demokratesch gewielten Regierung ofgesat huet an domat d’EU an hierem bestriewen d’Demokratiebeweegungen z’ënnerstëtzen virgefouert huet (NYTimes 2015).
 

b) D’Verletzungen vu Grond- a Mënscherechter an den VAE

D’VAE sinn eng Diktatur: Et gi keng onofhängeg Institutiounen a keng fräi Wahlen. Et gëlt Zensur fir Press an Internet, Versammlungsverbuet, Aschränkung vu fräier Meenungsäusserung, onbegrënnt Verhaftungen, onfair Geriichtsprozesser a Folter an de Prisongen. Journalist*innen, Affekot*innen an Aktivist*innen gi verfollegt. Fraenrechter, Rechter vu Migrant*innen, Rechter vu Kanner, Rechter vu Minoritéiten sinn an engem desolaten Zoustand. (Freedomhouse 2018, Reporter ohne Grenzen 2019, Amnesty 2018, HRW 2017, UNHCR, Gleissner 2019). Public gi meeschtens just déi Fäll, an deenen et westlech Auslänner*innen trëfft. (Spiegel 2019, Guardian 2018)

— Beispill 1: Verhaft gouf de Jurist a Menscherechtsaktivist Dr. Mohammed Al-Roken, well hien sech fir fräi Wahlen ausgeschwat huet (Amnesty 2019). E weideren prominenten Gefaangenen ass den Menscherechtsaktivist Ahmed Mansoor (HRW 2019).
— Beispill 2: Eng Fra kann sanktionéiert ginn wa se refuséiert mat hierem Mann sexuell Handlungen duerchzeféieren, Fraen maachen sech strofbar wa se hiere Männer net follegen, zB. schaffen goen ouni d’Erlaabnis vun hierem Mann. Häuslech Gewalt géint Fraen an Kanner ass ausdrécklech erlaabt, Vergewaltegung am Bestiednis gëllt net als Crime. (HRW 2015, HRW 2019)
 

c) Eng Wirtschaftspolitik entgéint all Moral

Déi wichtegst Konzerner a Strukturen, wéi zB. den gréissten Uellechkonzern ADNOC oder den gréissten Investmentfong ADIA, leien an der Hand vun Famillje-Clans un der Spëtzt vun den Emirater. D’Wirtschaft baséiert nieft dem Uellech ë.a. op den Aktivitéiten an den “Free-Zones”, an deenen keng Bestéierung an och keng staatlech Kontroll stattfënnt (Gulfnews 2017, PFK 2018). D’VAE stinn ëmmer nees op der schwaarzer Lëscht vun de Steierparadaiser vun der EU Kommissioun (EC 2019) an d’VAE-Leaderen woren an divers Finanzskandaler verwéckelt – ë.a. well se hiert Verméigen am Ausland a Sécherheet bréngen (ICIJ 2016). Modern Formen vu Sklaverei bleiwen ee Problem an den VAE (GSI 2019, ICFUAE 2019)
Dubai ass d’Zentrum fir Geldwäsch (Transparency International, C4ADS 2018) an d’VAE si Facilitateur vu Korruptioun um afrikaneschen Kontinent (OCCRP 2018).

E Kampf géint de Klimawandel fënnt praktesch net statt (CAT 2019) mee duerch de séieren Wuesstum gëtt d’Lag méi eescht. D’VAE bedreiwen eng Iwwerkonsumatioun (ë.a. Iwwerfëschung a Verloscht vun Biotoper, Verschmotzungsproblematik) mat entspriechendem Impakt op d’Emwelt (Fazli 2017), d’VAE hunn mat deen héichsten Waasserverbrauch pro Kapp (US Export 2019) an gehéieren wéinst hieren Bauprojeten zu deenen gréissten Sand-Importeuren op der Welt (BBC 2016).

D’VAE profitéieren vun de Krisen an anere Länner an der Regioun (déi deelweis vun den VAE selwer initiéiert goufen) fir selwer zum Zentrum fir Tourismus a Kultur ze ginn (Motola 2016, BusinessInsider 2018).

— Beispill 1: D’VAE gehéieren zu deenen 3 Länner, déi den “Earth Overshoot Day” am fréisten erreechen, also am meeschten Resourcen verbrauchen an d’Äerd belaaschten (Overshootday 2019)
— Beispill 2: D’VAE sinn d’Dréikräiz fir de Schmuggel vu Gold aus dem afrikanesche Kontinent raus (Reuters 2019), hier Economie baséiert och op der Ausbeutung vun enger Rei afrikanesch Staaten (Beispill Somalia, NYTimes 2019).

 
 

2) D’Enjeuen vun der Expo 2020

a) Déi eenzeg Ziler si wirtschaftlech Ziler

Bei der Weltausstellung steet weder d’Vëlkerverstännegung nach den kulturellen Austausch, mee d’Wirtschaft am Zentrum. Dat ass souwuel fir Lëtzebuerg de Fall, wou en Groupement d’interets économique d’Missioun op Dubai leed (Chambre de Commerce 2019) wéi och fir d’VAE, déi sech ee grousse wirtschaftleche Gewënn erwaarden (EY 2019).

Den Tourismus ass ee weidere Facteur, souwuel fir Lëtzebuerg (Mat ULT, Voyages Flamang an CFL Evasion), wéi och fir Dubai (Jonesday 2019).

Problematesch ass dëse Fokus, well Lëtzebuerg seng wirtschaftlech Interessen vu sengen Prinzipien an international Verflichtungen trennt. D’Bedeelegung un der Expo hëlleft den VAE beim Erreechen vun hiere wirtschaftlechen a strategeschen Ziler, verfestegt hiere globale Role an normaliséiert hier politesch Verhältnisser. Mat aneren Diktaturen geet Lëtzebuerg aanescht ëm, d.h. et gëtt en “Double Standard”.

— Beispill 1: D’Weltausstellung ass am Kontext vum Wirtschaftskrich tëscht den VAE an dem Katar ze gesinn bei deem et och drëms geet, international Prestige-Events unzezéien – mat Hëllef vu Bestiechung a Korruptioun. Bekannt ass hei och de Versuch vun den VAE dem Katar d’Ausriichtung vun der FIFA-Fussballs-WM zumindest deelweis fortzehuelen (Deutschlandfunk 2019, Guardian 2018, Independent 2018).
— Beispill 2: Lëtzebuerg setzt bei sengem Space-Mining op d’Ennerstëtzung vun den Emirater: Et geet drëms fir UN-Gesetzer ze kippen, fir Resourcen am Weltraum ze kommerzialiséieren ( Regierung LU 2017).
 

b) Nation Branding: modern Propaganda

Bei der Weltausstellung geet et och ëm den sougenannten “Nation Branding”, d.h. den Image vum jeweilege Land. Souwuel Lëtzebuerg wéi och d’VAE wëllen Investisseuren a räich Individuen (UHNWIs) ugelackelen ( Delano 2019). Parallel soll den Nation Branding vun deenen negativen Beriichterstattungen oflenken an ee Wandel vum Land suggeréieren, bei Lëtzebuerg geet et drëms d’Machenschaften vun der Finanzplaz a rezent Skandaler ze verstoppen – bei den VAE dorëms sech als modern/westlechene Staat an gudden Allierten ze präsentéieren. Nation Branding ass eng modern Form vu staatlecher Propaganda mat der wirtschaftlech Ziler verfolgt ginn.

— Beispill 1: 2019 gouf vum Scheich vun Dubai zum “Joer vun der Toleranz” deklaréiert: eng Bréck vun der Toleranz gouf ageweit, een Toleranz-Institut opgemaach an eng Toleranzkonferenz aberuff (Regierung VAE 2019). Et wor een eidele Begrëff mat deem am Virfeld vun der Expo vun Negativ-Beriichterstattungen wéi zB. déi ronderëm de Yemen-Krich ofgelenkt gi sollt.
— Beispill 2: Lëtzebuerg präsentéiert sech op der Expo ënnert dem Motto “Resourcefull Luxembourg” a stellt Themen an d’Vitrine, déi zu kengem Moment duerch konkret Handlungen oder Fakten gestäipt ginn. Sou gëtt zB. behaapt Lëtzebuerg géif “aktiv d’Solidaritéit promouvéieren” (Pavillon LU 2019).
 

c) Eng Party fir den Tyrann vun Dubai

D’Weltausstellung ass e perséinleche Success vum Scheich Mohammed bin Rashid al Maktoum (Arabian Business 2013), dem Mastermind hannert dem wirtschaftleche Wandel vum Emirat Dubai. Hien huet d’Expo an d’Land geholl an huet déi aner Länner invitéiert (LU 2016). Den Scheich, zanter dem Dout vu sengem Brudder 2006 Premier an Vizepräsident vun den VAE, profitéiert selwer finanziell vun der Expo. Him gehéiert ë.a. d’Fluchgesellschaft Emirates an déi gréisst Hotels-Chaine Jumeirah. Senger “Dubai Holding” gehéieren eng grouss Unzuel u Konzerner, virun allem am Beräich Luxushoteler a Constructioun (Dubai Holding).

Den 70-jähregen Scheich MBR steet, zesummen mam Grand-Duc Henri op der Plaz vum 5. räichsten Monarch op der Welt (Business Insider 2018). En huet deen héichsten Tuerm vun der Welt baue gelooss(Business Insider 2019), sech déi deemols längsten Yacht vun der Welt kaaf an dat gréisstent Akafszenter vun der Welt an d’Stadvéierel mat sengem Numm baue gelooss (Forbes 2018). Den Scheich huet 6 Fraen an schätzungsweis 30 Kanner, seng 6t Fra ass aktuell am Exil zu London a klot géint de Scheich wéinst Zwangsbestiednis (Guardian 2019). En Erfolleg vun der Expo géif weisen a wéifern d’Weltgemeinschaft sech de Muechtphantasien vun engem gréissewahnsinnegen Diktator ënnerwerft.

— Beispill 1: Den Scheich MBR huet zwee vu sengen eegene Duechteren vum Geheimdéngscht afänken, an de Prisong sperren a Foltere gelooss. Besonnegt d’Geschicht vun der Prinzessin Latifa, déi 2018 probéiert huet aus dem gëllene Käfeg auszebriechen huet global schockéiert (Free Latifa).
– Beispill 2: Den Scheich MBR ass och de Kapp hannert der Vermarktungsstrategie vun den Emirater, hien huet d'”Year of Tolerance” lancéiert an huet ee Ministär fir “Happiness” agefouert an dem Etienne Schneider säi Buch “Reflections on Happiness and Positivity” geschenkt (Regierung LU 2017).


Dës sechs Recherche-Schwéierpunkten mat jeweils zwee konkrete Beispiller kéinten d’Basis liwweren fir ee grondsäzlecht A-Fro-Stellen vun der Bedeelegung vu Lëtzebuerg un der Expo2020 zu Dubai. D’Spins, de Framing an d’Oflenkungstaktiken vun der Lëtzebuerger Regierung, der Lëtzebuerger Ambassad an den Emirater an den Responsabelen vum Pavillon kéinten zu all Moment fundéiert widderluecht ginn – wann de Wëllen dofir do ass.

Et gëtt nach vill méi ze beschwätzen – hei verweise mer nach eng Kéier op eist Theaterstéck, wou d’Finanzplaz an d’Verstreckungen vu Lëtzebuerg an d’Verbriechen vun den VAE mee och de Konschtsecteur méi am Fokus stinn. An eiser Kampagne konzentréiere mir eis weiderhin op d’Präsenz vum Konschtsecteur bei der Weltexpo zu Dubai – mee mir hoffen och doriwwer eraus eng méi breet Diskussioun ustoussen ze kënnen.


Pressespiggel

“Die Kunst der unpolitischen Haltung” (Reporter.lu, 28.09.2021)