Expo2020Dubai – The Happy End Of Democracy

Iwwersiicht: Opféierungen; Beschreiwung; Team; Quellen; Hannergrënn; Press



Fir d’Ënnertitel am Video “CC” uklicken. / To activate subtitles, click on “CC”.


Opféierungen

En Informatiounsspektakel iwwert d’Bedeelung vu Lëtzebuerg un der Weltausstellung 2020 zu Dubai.
24., 25., 26., 27. an 28. September 2019 am Théâtre du Centaure


Expo 2020 Dubai

Corrupting Minds – Creating a future for the rich

Zu Dubai steet 2020 eng Weltausstellung un, do däerf Lëtzebuerg natierlech net feelen. Fir och ee Stéck vum gëllene Steak ofzekréie schécke mir eis cleverste Strategen an d’Wüst – an eben den Etienne. Spannend bleift d’Fro op mir fir d’Rees an d’Emirater eis Moral doheem loosse mussen oder op mer vun Ufank un guer keng Moral haten.

Kommt iech dësen Informatiounsspektakel vu Richtung22 am Centaure ukucken. Fir Amusement a Gruselmomenter suergen och an dësem Stéck nees eng ganz Rei vu Quellen an Originaldokumenter déi mir fir iech zesummegesicht hunn.

Längt: ca. 70min.
Sprooch: Lëtzebuergesch


Team

Gruppephoto Expo2020Dubai Richtung22

Schauspiller*innen: Text a Recherche
Julia Ariete
Anne Gillen
Luc Lamesch
Raphael Lemaire
Roxanne Peguet
Manon Roukoz
Magaly Teixeira
Anne Gillen, Raphael Lemaire, Lars Schmitz, Tessy Troes, Lucie Wahl
Design
Lucie Wahl
Fotografie
Michelle Kleyr
Luucht- an Tounregie
Claire Greter, Lars Schmitz
Luucht
Antoine Colla

Recherche

Informatiounen sinn déi wichtegst Resource fir dem zyneschen Expo2020 PR-Coup vun den Emirater a vu Lëtzebuerg entgéintzewierken. Mir hunn dowéinst eis komplett Recherche online gestallt.

– Dir fannt hei um Site eng Zesummefaassung vu eiser Recherche iwwer D’Emirater an d’Weltausstellung.
– Op iwwer 350 Quellen an Dokumenter baséiert eist Theaterstéck. Dir fannt all déi Quellen an deser Versioun vum Script vum Stéck.


Script a Quellen

Nagel: Mir kruuten een éischte Modell, Här Minister, et ass eng Metaform – ehm, nee Moment, et ass vu Metaform, sou heescht den Architektur-Büro deen d’Ausschreiwung gewonnen huet. Mir hunn eis do schlussendlech fir een vun den deiersten, ehm, schéinsten entscheed.
Schneider: Gesäis de mol Luc, dat hei ass eppes aneschtes wéi dat Hexenhéischen, dat dir zu Shanghai opgeriicht hat.
Friederatu: Dräi chineschesch Banken kruut ech domat op Lëtzebuerg!
Schneider: Jo, mee däi Pavillon hat keng Ausso, kee Message…
Nagel: D’Form spiggelt d’Iddi vun der Zirkumzisiär Economie erëm… ehm, Zirkulär Economie.
Friederatu: Wat soll dat sinn?
Schneider: Dat ass vum Rifkin.Expo2020Dubai - QUELLEN

De komplette Script mat Quellen hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Campagne fir den Réckzuch vum Konschtsecteur aus dem Projet Luxembourg@Expo2020Dubai

Dëst Theaterstéck ass Deel vun eiser Kampagne mam Zil d’Bedeelegung vum lëtzebuerger Konschtsecteur un der Weltausstellung zu Dubai ze stoppen. Konscht soll Realitéiten opdecken amplaz se ze verschleieren an Konscht däerf sech och net fir wirtschaftlech Zwecker, bzw. fir den Nation Branding mëssbrauche loossen. An den Vereenegten Arabeschen Emirater gëtt et keng Konscht-, Meenungs- a Pressefräiheet – et muss verhënnert ginn dass Konscht hei dofir agesat gëtt fir vu Problemer ofzelenken an d’Weltëffentlechkeet ze täuschen.

Eng Rei Kulturinstitutiounen sinn, an engem “comité artistique” regroupéiert, un der lëtzebuerger Missioun zu Dubai bedeelegt. D’FOCUNA finanzéiert an de Kulturministère ënnerstëtzt d’Abannen vu Konschtperformatiounen am lëtzebuerger Pavillon.

Mat enger symbolescher Aktioun op der Stäreplaz, déi den Emirater gehéiert, hate mir eis Campagne lancéiert. An engem Oppene Bréif un d’Kulturministesch an un de Präsident vun der FOCUNA hu mir de Réckzuch vun dësen Institutiounen aus dem Projet Expo2020Dubai gefuerdert. All Informatioun iwwer weider Aktiounen fannt dir hei.


Pressespiggel

“Gegenöffentlichkeitsarbeit” (Land, 27.09.2019)
“In it for the money” (Tageblatt, 27. September 2019)


Affiche vum Stéck Expo2020Dubai hänken an der Groussgaass