Villverspriechend Volleksvirbereedung

Iwwersiicht: Déi 4 Referendumsfroen; Wéi dat mat der Partizipatioun ofleeft; Press


Villverspriechend Volleksvirbereedung

Laang gouf en ugekënnegt, endlech ass en do: Deen groussen, partizipative Biergerforum zur Verfassungsreform an zu de Referenden. Mir hunn eng Villverspriechend Volleksvirbereedung virbereed déi Iech et erméiglecht, dass Dir Iech objektiv a sachlech iwwer d’Verfassung informéiere kënnt. A wann der Iech un d’Spillregelen haalt, däerft Dir souguer um Biergerdialog deelhuelen.

Consultéiert w.e.g. och den Facebook-Optrëtt zu eiser Volleksvirbereedung, fir nach besser virbereed ze sinn.


Déi 4 Referendumsfroen

D’Vollek mécht sech prett fir de Referendum. Mir hunn eis vun offizieller Säit aus bis elo wéi versprach zeréckgehale fir dat méiglechst vill sachlech Desinformatioun entsteet a keen herno Saache freet wéi “Ween huet sech dann déi Froen ausgeduecht?” oder “Wat ass mam Recht vun der Verfassung?”

Lo presentéiere mer hei awer déi offiziell an informativ Opklärungsvideoen, an deenen Dir d’Referendumsfroen eenzeln virgestalt kritt.

D’Fro zur Staatsform

Kinnekshaiser uechtert d’Welt verléieren ëmmer méi Pouvoir. Gott sei Dank kann eise Grand-Duc nach d’Demokratie ausser Kraaft setzen, wann hien d’Gefill huet, et wier eng national oder international Kris. Mä wéi laang nach wa geschwënn jiddweree matschwätzen däerf?


D’Fro vun der Laizitéit

D’kathoulesch Kierch verléiert uechtert Europa ëmmer méi Pouvoir. Mee zu Lëtzebuerg bleift eis d’Konventionéierung erhalen. Gott sei Dank gëtt d’Vollek beim Thema Kierch ëmmer nees mëssbraucht.


D’Fro zum Staatrot

Ondemokratesch Beroderkreesser uechtert d’Welt verléieren ëmmer méi Unerkennung. Eise Staatsrot ass déi lescht Bastioun am Mier vun der Demokratie. Mä wéi laang nach wa geschwënn alles hannerfrot gëtt?


D’Fro vun de Mënscherechter

Verfassungen uechtert d’Welt ëmfaassen ëmmer méi Rechter, an déi Rechter ginn ëmmer méi progressiv. Awer net zu Lëtzebuerg!



Wéi dat mat der Partizipatioun ofleeft

Tadaaa!
Dir hutt geduecht, dat “Partizipatioun” just e Bluff wor? Well iech dat schonn zanter Oktober versprach gouf an lo de Referendum alles anescht an de Schiet stellt?

Falsch geduecht! No méintelaangem Programméieren, no intensive Berodungen iwwert d’Grondzich vun demokratescher Partizipatioun am Internet an nodeems d’Zougänglechkeet zum komplexen Text och fir Net-Juristen hiergestallt gouf presentéiert d’Chamber dës KOMMENTARFUNKTIOUN.

Politiker erkläeren d’Verfassungsreform

Passt just op, dat der eppes Relevantes schreiwt, an net schonn nees méi Menscherechter oder ähnlech Banalitéiten fuerdert: dat sprengt dann wierklech de Kader vun enger Verfassung.

Dir mengt lo vläit: “Do hätt ech dem Bodry och einfach eng Mail schreiwe kënnen”, mä falsch: do hätt dir jo net Är Telefonsnummer mat ugi mussen. Sidd der lo zefridden? Mir freeën eis op Är Virschléi! Wat mer duerno domat maachen? Loosst Iech iwwerraschen!

P.S.: Am Bodry sengem Spam-Fichier land är Iddi allerdéngs trotzdem, mir hunn bis lo leider nach keng Ahnung, wat mat deenen Iddie geschéie soll…

Froen, déi net dru kommen


Pressespiggel

“Une campagne loufoque pour le référendum” (L’essentiel, 16.01.2015)
“Eppes Wonnerbares” (Tageblatt, 01.06.2015)
“L’ironie sur les gouttières” (L’essentiel, 05.2015)
“Le referendum tourné en dérision” (L’essentiel, 06.2015)
“D’Froe goufen hannert zouenen Dieren zesummegebastelt…” (100komma7, 07.06.2015)


Villverspriechend Volleksvirbereedung