Heng Over

Iwwersiicht: Trailer; Premiere; Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung



Dëse Film ass un Nationalfeierdag den 23.06. am Ciné Sura ze gesinn!
Fir d’Virstellungen um 16h00, 18h00 an 20h00 sinn nach Plazen fräi! D’Plazen sinn insgesamt wéinst de Pandemie-bedingten Restriktiounen limitéiert.
Reservéiert onbedingt iwwer Mail: ticket@richtung22.org


Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Richtung22
Land: Lëtzebuerg 2019/2020
Dauer: ca. 92 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12


Plakat Heng Over

Heng Over

Wéi dem Grand-Duc säi Status – a seng Bezéiung mam Tréiss – duerch e Referendum un d’Wackele geréit, fänkt eisen Heng un sech an seng Aufgab a Fro ze stellen. Wéi géif säi Liewen als normale Bierger ausgesinn?
Mee et wier vläit besser gewiescht, déi Fro ouni d’Hëllef vum Wonschbrunnen ze beäntweren: hien land am Joer 20XX, net méi als Grand-Duc Henri, mee just nach als den Heng. A säi klengt Land ass elo an zwee nach méi kleng Länner gespléckt…



Synopsis an aner Sproochen

Deutsch
Français
English