Däin alternativen Audio-Stream fir den Trounwiessel
De Live-Stream hei um Site
3. Oktober 2025 – Start um 10:00 Auer – Kréinung an der Chamber
4. Oktober 2025 – Start um 12:15 Auer – Den Tour de Luxembourg
Eisen Audio-Stream leeft parallel zum Video-Stream op trounwiessel.lu
Schéckt eis Är Froen, Analysen a Bemierkungen eran!
WhatsApp – Message un: +352 661 746 043
E grousse Moment fir eist Land
Woufir brauch Lëtzebuerg e Grand-Duc? Richteg, fir d’Touristebusser an d’Stad ze lackelen an op Wirtschaftsmissioune Smalltalk ze maachen. Kee Wonner also, dass den Trounwiessel den 3. a 4. Oktober als en Event vum Tourismusbüro dohier kënnt. Lëtzebuerg liwwert der ganzer vu Kricher an Autokratie geploter Welt ee Prinzessinne-Märchen: iwwer zwee Deeg als Live-Stream. Mam Léa Linster, mat engem Trams-Ballet op der Rouder Bréck a mat deem Haaptpersonnage, deen eis zanter Joerzéngte subtil Zeechen dofir gëtt, dass en einfach just fortlafe wéilt: Eisem Grand-Duc Guillaume a.k.a. Willy de Vten.
Du hues keng Loscht, een äerzkathoulesche Clan vu problematesche Superräichen ofzefeieren? Du fënns et net sou gutt, dass aus engem Rechtsstaat eng Dronen-Show-Party gëtt? Du bass entsat doriwwer, wéi vill Leit aus eisem Land sech fir sou ee penibele Jubel-Spektakel hierginn a fënns, dass dëst dat falscht Zeechen zur falscher Zäit ass? Mä trotzdeem wëlls du dëse PR-Super-GAU net verpassen, wéils den Trounwiessel Hate-watchen a Méindes matschwätze kënnen? Mir hunn eppes fir dech!
Richtung22 bitt den alternativen Audiostream zur offizieller Video-Iwwerdroung. Du schalts doheem de Stream vun trounwiessel.lu un, schals awer den Toun aus a léisst einfach eis Audio-Iwwerdroung amplaz lafen.
Mir liwweren dir all déi Informatiounen, déi’s du wierklech brauchs: Wéi wor dat scho méi mam Waringo-Rapport? Wat verréit eis dem Guillaume säi Stärenzeechen iwwert eisen neie Monarch? Wat ass d’Kolonialgeschicht hannert de Bijouen? Lauschtert de Guillaume grad den neien Taylor Swift Album? Wat wor déi Geschicht mam Autosaccident vum Bommeleeër virum leschten Trounwiessel?