Staatsgeheimnis – Keng Panik, näischt verfasst

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Biller aus dem Film; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Premiere: 27.12.2014 am Ciné Sura.
Produktion: Richtung22; Luxemburg 2014
Dauer: ca. 90 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12


Plakat Staatsgeheimnis

Staatsgeheimnis – Keng Panik, näischt verfasst

Beweiser am Bommeleeër-Prozess? E Mëssel vun engem Minister? Oder nees wéinst dausende vu geleakten Dokumenter Stress mat der Press? Keng Panik, de Service des Étouffements luxembourgeois (SEL) huet alles ënner Kontroll.

“Staatsgeheimnis – Keng Panik, näischt verfasst” ass de Film vu Richtung22 zur Verfassungsreform. D’Thema ass trotz Dauer-Medienpräsenz vum Alex Bodry net präsent – an dat opwuel d’Regierung nach ugekënnegt huet, dat et zur “gréisster Debatt, déi d’Land je gesinn huet” komme géif. Als trei Unhänger*innen vun der Regierung huet Richtung22 sech souguer un Zäitplang vun der Regierung gehalen – Leider alleng. De Film ass fäerdeg, an d’Debatt fënnt net statt.

Lues gëtt kloer, dat ni wierklech geplangt a gewënscht wor, d’Bierger*innen um Prozess vun der Verfassungsreform ze bedeelegen. D’Regierung reduzéiert déi gesamt Reform op e puer lusch Referendumsfroen an waart op déi näechst Wahlen. Wëlle mer wierklech op d’Debatt ronderëm eis demokratesch Gronduerdnung verzichten? Dës Fro steet am Zentrum vun dësem Film. Et geet ëm de Chef vum Geheimdëngscht “SEL”, deen an enger fulminanter Verfolgungsjuegd duerch d’Verfassung versicht, Reformen ze verhënneren. Op eemol sinn eng ganz Rei Froen um Dësch iwwert déi ni hätt dierfen diskutéiert ginn: Wéi kéint een d’Wahlrecht reforméieren? Ass d’Monarchie nach zäitgeméiss? Firwat brauche mir e Staatsrot? Wéi eng Grondrechter stinn an der Verfassung? Wéi gëtt déi national Identitéit an der Verfassung definéiert?


Biller aus dem Film


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)

Schauspiller*innen:
Daniel Burelbach SEL-Chef-Doubel
Jérôme Burelbach SEL-Chef aka J-G. Meyers
Natascha Ewert Moderatrice
Anne Gillen Moderatrice
R22 Team
Christian Gillen Regierungsmember
Sacha Hack Stemm vum Claude Meisch
R22-Team
Max Hein Premier
Sophie Jakobs Set-Assistentin
R22-Team
Tessie Jakobs Grand-Duchesse
Affer vum Kosovosiggi
R22-Team
Michel Klares Polizist
R22-Team
Anne Klein Riichterin
Leederin vum Wahlbüro
Michelle Kleyr Staatsrotsmember
R22-Team
Luc Lamesch Emil Wirtsen
Inlandsfrontex
Raphael Lemaire SEL-Agent
Staatsrotsmember
Botzmann
R22-Team
Yannick Maurice SEL-Agent
Kosovosiggi
Jasmine Mohtashami Réceptionistin
Historikerin
Roxanne Peguet Joffer Sufrang
Historikerin
Manon Roukoz Defence Geriicht
Jacques Schiltz Architekt PwC
Parquet
Robby aus dem Cactus Hobby
R22-Team
Lars Schmitz SEL-Agent
Alain Kreta
Staatsrotsmember
R22-Team
Rick Schmitz Staatsrotsmember
POIVRE-Agent
Christian Schummer Zakka Rousenhiwwel
Steierasylant
Gilles Seyler Bommeleeer-Zeien
Maurice Sinner Grand-Duc
Staatsrotsmember
R22-Team
Naema Sinner Tanja Dikkrecher
Gabrielle Taillefert Josephine Hänschenklein
Lucie Wahl Wahlbürossekretärin
R22-Team
Selma Weber Wilma McKenzie
PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Kamera 1 Paul Becht
Kamera 2 Michel Klares
Underwater Camera Michelle Kleyr
Technikteam Bianca Montobbio, Tessy Troes, Michel Klares
Luucht Paul Becht
Toun Sacha Hack
Toun-Team Tessie Jakobs, Sophie Jakobs
Aufnahmeleitung Lars Schmitz, Maurice Sinner
Kostüm, Make-Up, Styling Sophie Jakobs
Catering Selma Weber, Ann Steffgen – mat der Hellef vun: Danielle Kleyr, Famill Sinner, Gabrielle Taillefert, Jérôme Burelbach, Fabienne Boudot, Marcel Jakobs, Bianca Montobbio, Sophie Jakobs, Marie-Anne Reiter
Locationscouting Michelle Kleyr, Maurice Sinner
Set-Construction Michelle Kleyr, Maurice Sinner, Lucie Wahl, Rick Schmitz, Lars Schmitz
Requisite Michelle Kleyr, Sophie Jakobs
Set-Embau-Team Sacha Hack, Michelle Kleyr, Lars Schmitz, Rick Schmitz, Maurice Sinner
Set-Consulting Christian Sinner
Musek Nik Bohnenberger
Sounddesign Sacha Hack
Schnëtt Lars Schmitz, Maurice Sinner
Schnëtt-Team Jérôme Burelbach, Tessie Jakobs, Anne Klein, Roxanne Peguet, Jacques Schiltz, Tessy Troes
Animatioun, VFX Supervisor, Bildbearbechtung, Faarwkorrektur Michel Klares
Text Tessie Jakobs, Jacques Schiltz, Lars Schmitz, Tom Schmitz, Maurice Sinner


Trailer


Script

Grandduchesse: Ech hätt sollen a Kuba bleiwen.
Grandduc: Ech sinn een Näischt. D’Lametta vun enger Natioun. Ech sinn en Anachronismus, dat 5. Rad um Won. Den Tabasco op enger Madelaine vum Lea Linster. De Kir royal op engem Kannergebuertsdag. Ech kann domat net liewen, wat soll ech nëmme maachen?
Grandduchesse: Tjo, häss de deemols virun e puer Joer net géint d’Euthanasie gemault, hätt ech lo eng Äntwert op deng Fro.
(SEL-Chef kennt ragerannt)
SEL-Chef: Kee beweegt sech. Wou ass déi Delegatioun?
Grandduc: Ech hunn et, ech muss rëm eng Kéier vu ganz vir ufänken. Ech maache rengen Dësch mat méngem bisherege Liewen, Tabula rasa!
SEL-Chef (genervt): D’Delegatioun, wou ass se?
Grandduchesse (fänkt un mat kräischen): Ech well d’Scheedung.
SEL-Chef: Wou ass déi… Mä Madame, mat allem Respekt, dir kënnt dach net…Staatgeheimnis

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Making-Of Photoen

Photoen vum Tessy Troes.


Kritiken an der Press

“Interview Staatsgeheimnis” (100komma7, 28.12.2014)
“Tales of Disillusion” (Forum, 01.2015)
“Au coeur du système” (Land, 01.2015)
“Kunst muss politisch sein” (Woxx, 12.02.2015)
“Staatsgeheimnis – Keng Panik, näischt verfasst” (Tageblatt, 07.04.2015)
“Film „Staatsgeheimnis“ setzt sech mat Verfassung auserneen” (RTL, 12.04.2015)
“Film-​​Satire zieht Referendum durch Kakao” (L’essentiel 04.06.2015)


Är Partizipatioun ass bei der Verfassungsreform gefrot.