035 – De Lëtzebuerger Klimawandel
Mir hu probéiert de Klimawandel vu Lëtzebuerg aus ze stoppen, mee d’ass leider näischt ginn. Schold sinn ëmmer déi grouss Länner an et ass jo och all Eenzelnen responsabel.
034 – Nazie géifen ADR wielen
An engem Communiqué beschwéiert sech d’ADR doriwwer mat rietsradikale Parteien gläichgesat ze ginn. Skandal! An eiser Radiossendung probéiere mer ze hёllefen an de Ruff vun der ADR ze retabléieren.
024 – Déi Jonk un der Heemechtsfront mussen nees d’Zänn zesummebäissen
Hei schwätzt är Zentralverwaltung. Eise Luew gëllt deenen daperen Jonken, déi sech un der Heemeschtsfront ënnert d’Rieder vun eisem Wuesstum geheien, fir dass eise FeierWon net am Bulli vun der Emverdeelung ënnergeet.
023 – [Special] DDX. Den ongekläerte Fall vu Bouneweg.
E Mann stierwt zu Bouneweg. Den déitleche Schoss kënnt aus enger Policewaff. Domat ass kloer, dass de Mann selwer Schold u sengem Doud ass.
021 – De Comeback vun der CSV
D’CSV steet kuerz virun der éiweger Muechtergräifung? Mir maan e Stréch duerch déi Rechnung.
(Sendung vum 23.02.2018)
020 – Néier mam Autosfestival
Den Autosfestival ass eng Erfindung vun der Bankomatokratie fir d’Mënschen ze isoléieren. Mir beenden an dëser Episode d’lëtzebuerger Autos-Ära.
(Sendung vum 26.01.2018)
018 – D’Enn vun der Frontalierssklaverei
Fir de Wuelstand vun de Staatsbedéngschteten ze sécheren gëtt zu Lëtzebuerg op d’Versklavung vu Frontalieren gesat.
(Sendung vum 24.11.2017)
017 – Buerger meeschteren!
D’Patriarchat huet d’Gemengepolitik fest am Grëff an dat ass net d’accord.
(Sendung vum 28.07.2017)
015 – Geldpress
Well d’Press zu engem Deel vum Establishment ginn ass an an hierem Konkurrenzkampf ënnerteen ëmmer weider d’Qualitéit zeréckschrauwt huet se hiert revolutionärt Potential verluer.
(Sendung vum 26.05.2017)