![Richtung22 um Radio ARA Richtung22 um Radio ARA](https://richtung22.org/wp-content/uploads/2018/04/cover_richtung22-podcast_01-150x150.jpg)
/
RSS Feed
Radiosendung #021 – Februar 2018
D’CSV steet kuerz virun der éiweger Muechtergräifung, eist Recherche-Team huet erausfonnt, dass déi blo-rout-gréng Rietsparteien der CSV just de Réck fräigehalen hunn fir sech op hier 1000-jähreg Schreckensherrschaft virzebereeden. Mir maan e Stréch duerch déi Rechnung.
Rubriken: D’Wourecht vum Cobra7, d’Liggepress an hier Verbindungen an d’Politik, dräi CSV-Politiker an eng Fra, PWC-Prophezéiungen an dem DJ JC seng Priedegt. Op der schwaarzer Lëscht stinn dës Kéier déi grujlegsten 10 CSV Politiker.
Special Guest: D’Amiperas-Lobbyistin Astrid Lulling.