015 – Geldpress

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
015 - Geldpress
/

GeldpressRadiosendung #022 – Mäerz 2018

Eis Demokratie ass a Gefor! Den Internet gefährdet net nëmmen eis national Souveränitéit, eis humanistesch Meenungsfräiheet an eis politesch Iwwerleeënheet. En ass och e Problem fir eis fräi, demokratesch, onofhängeg, professionell, objektiv, éierlech, sympathesch, cool a richteg Press (An hire Geschäftsmodell).

Mir brauchen also nei Helden; Een Independant–Macron, deen dem Putin weist wou den Hummer hänkt, een Mahdeen–Shulß-Express deen de falsche Journalistin*innen versprecht, dass et “rijtij döia” gëtt an ee Xavier-Bettel, deen am Kampf géint Desinformatioun der Lëtzebuerger Press versprécht: Fir déi richteg journalistesch Aarbecht, wäert et méi Suen ginn! Schan iwwer déi Leit, déi mengen, dass do net alles sou einfach ass wéi et kléngt!

Rubriken: D’Wourecht vum Cobra7, d’Liggepress vertuscht hier eegen Kris, een Expert an dräi Fraen diskutéieren, PWC-Prophezéiungen, den Gilbert vum 100komma7 mécht Musék an Nico Graf mellt sech.