![Richtung22 um Radio ARA Richtung22 um Radio ARA](https://richtung22.org/wp-content/uploads/2018/04/cover_richtung22-podcast_01-150x150.jpg)
/
RSS Feed
Radiosendung #018 – November 2017
Fir de Wuelstand vun de Staatsbedéngschteten ze sécheren gëtt zu Lëtzebuerg op Sklaverei gesat. Sklav*innen ginn an hieren Heemechtslänner agefaangen an all Dag ënnert onmënschlechen Conditiounen fir d’Aarbecht op d’lëtzebuerger Aarbechtsfelder bruecht. An dëser Emissioun beende mir d’Sklaverei.
Rubriken: D’Wourecht vum Cobra7, d’Liggepress ignoréiert d’Sklaverei, dräi Experten an eng Fra diskutéieren, PWC-Prophezéiungen an dem DJ JC seng Priedegt. Op der schwaarzer Lëscht dës Kéier ganz vir: den Etienne Schneider.
Special Guest: Den As-Tea