[19] 08:00 Zanter wéini ass Krich nees eng Optioun? (LU)

Hei ass keng Plaz fir eis
Hei ass keng Plaz fir eis
[19] 08:00 Zanter wéini ass Krich nees eng Optioun? (LU)
/

Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.


Podcast Place de la Resistance (Au début de cette épisode Barbara nous résume en Francais la discussion de l’heure précédente sur l’histoire populaire du Luxembourg, ce qu’elle omet et qui profite de ces omissions.)
D’Ausbriechen vu Krich an der Ukrain bréngt d’Barbara dozou, sech ze froen, wéi et ka sinn, dass dat am Joer 2022 nach ëmmer en Thema ass. Mee et geet him net just ëm dee Konflikt, deen eis um notsten ass, mee och ëm all déi aner Konflikter, déi ausserhalb vun Europa stattfannen (an deenen Europa awer och involvéiert ass). Wat heescht Krich fir déi, déi en erliewen, déi flüchte mussen, déi kämpfe mussen? Wéi koum et sou séier erëm zu enger Krichsrhetorik, och zu Lëtzebuerg? E besonneg schwéieren an emotionalen Deel vun der 22-Stonnen-Ried.