[16] 05:00 Wéi soll een*t mam Mindestloun iwwerliewen? (LU)

Hei ass keng Plaz fir eis
Hei ass keng Plaz fir eis
[16] 05:00 Wéi soll een*t mam Mindestloun iwwerliewen? (LU)
/

Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.


Podcast Place de la ResistanceZanter 15 Stonnen ass d’Barbara op der Brillplaz an elo stellt hat sech d’Fro, wat ee sech mat engem lëtzebuergesche Mindestloun iwwerhaapt leeschte kann. D’Sonn ass opgaang. Firwat geet zu Letzebuerg méi wéi d’Hallschent vun der Paye vu Leit déi Mindestloun verdéngen drop, just fir de Loyer ze bezuelen? Wat soll e “soziale” Mindestloun sinn? Wat bleiwt um Enn nach dovun iwwreg? Ausschnëtter vu myguichet.lu zum Thema gi virgelies, fir Äntwerten ze fannen, an d’Barbara rechent eis vir, wat genee am Mindestloun dran ass.