[15] 04:00 Wéini geschitt eppes géint d’Wunnengskris a firwat stinn sou vill Haiser eidel?

Hei ass keng Plaz fir eis
Hei ass keng Plaz fir eis
[15] 04:00 Wéini geschitt eppes géint d’Wunnengskris a firwat stinn sou vill Haiser eidel?
/

Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.


Podcast Place de la ResistanceEt ass 4 Auer an der Nuecht op der Brillplaz zu Esch. D’Barbara schwätzt fir d’éischt nach kuerz weider iwwert d’Thema vun der Stonn virdrun, an dann wiesselt hat zum Thema vum Logement. Leerstand gëtt et och hei am Land, an dogéint kéint een eppes maachen – wien dat mécht a wien net héiert dir an dëser Episod. Lauschtert eran wann dir eppes léiere wellt zu Hausbesetzungen, Foussgängerzonen, an zum Zongebriecher “unbebautes bebaubares Land”.