[10] 23.00: Wiem seng Kierper gi kontrolléiert a vu weem? (LU)

Hei ass keng Plaz fir eis
Hei ass keng Plaz fir eis
[10] 23.00: Wiem seng Kierper gi kontrolléiert a vu weem? (LU)
/

Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.


Podcast Place de la ResistanceD’Zelter sti prett an d’Sonn ass ënnergaangen, an et gëtt kierperlech. D’Barbara informéiert eis iwwert de Fall Roe v Wade an den USA an d’Recht op Ofdreiwung, reproduktiv Justiz a Medezin. Et gëtt och nach Segmenter zu den Themen Trans Rechter, Behënnerungen, Accessibilitéit, an medezinesch Diskriminatioun. Unhand vu perséinlechen Erfarungen weist eis d’Barbara, wei einfach et ass, duerch d’Lächer am Gesondheetssystem ze falen.