[08] 21:00: Firwat sollen Leit bauen a botzen, däerfen awer net matbestëmmen? (LU)

Hei ass keng Plaz fir eis
Hei ass keng Plaz fir eis
[08] 21:00: Firwat sollen Leit bauen a botzen, däerfen awer net matbestëmmen? (LU)
/

Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.


Podcast Place de la ResistanceDe Jos Barthelmy, Ex-Chefredakter vun der Lingua Rossa della Minett, katzt et un, dass d’Hallschent vun de Leit am Land net wielen dierfen. Hien katzt sech awer net nëmmen doriwwer aus, mee och iwwert den ADR, Nationalismus, an d’Chamber. Dat an nach villes méi gëtt et an enger Aart Radio-Kolumne vun “Et katzt mech un”.
Déi 2. Hallschent iwwerhëlt de Mr X, deen eis erkläert, firwat et op der Welt nach ni eng Demokratie gouf, an nieft engem ausgedeenten Geschichtscours iwwert d’Antikt an d’Mëttelalter och nach geheim Informatiounen iwwert de Prisong um Colmar-Bierg reveléiert.