Firwat d’RTL.lu “Pin-Up”-Rubrik ofgeschalt gi muss

Plädoyer géint Sexismus an de Medien.

Iwwersiicht:
1) Och RTL dréit Verantwortung
2) RTL Pin-up
3) Sexismus an Objektivéierung
a) Sexismus
b) Fraen als Objet
c) “Schéinheet” an Stereotypen
d) Wéi eng Sexualitéit?
4) Konsequenzen
a) Vue op “d’Fraen” am Allgemengen
b) Scheinheetsidealer
c) Sexuell Belästegung
d) Sexualiséiert Gewalt
e) Muechtverhältnisser erhalen
Fazit


Bekannt a kritiséiert fir d’Verbreedung vu sexisteschen Duerstellungen iwwer d’Press si virun allem Beispiller aus dem Ausland. Grouss Dageszeitungen, wéi déi däitsch “Bild” an déi britesch “The Sun”, sti schonn zënter Joerzéngten ëmmer nees wéinst geschlechtsspezifescher Diskriminéierung ënner Beschoss an hu sech opgrond vun de Protester och schonn deelweis moderniséiert. Och Lëtzebuerg huet ee Pendant zum “Bild-Girl” oder dem “Page-3-Girl”: d’RTL.lu-Rubrik “Pin-up”, an där de Visiteure Modelen als Sex-Objeten presentéiert ginn.

1) Och RTL dréit Verantwortung

RTL.lu ass dee meescht frequentéierten Medienoptrëtt zu Lëtzebuerg. Domat prägt d’Säit wesentlech d’Vue vun de Leit op eis Gesellschaft an huet en direkten Afloss op Wäertvirstellungen. 122.500 Persoune besichen RTL.lu all Dag (25,7% vun de Leit iwwer 12 Joer) [1]. RTL hätt domat och d’Méiglechkeet zu engem positive Klima vu géigesäitegem Respekt an der Gesellschaft bäizedroen.

Mä am Géigendeel verweigert sech RTL engem verantwortungsvollen Ëmgank an hëlt geschlechtsspezifesch Diskriminatioun (an anere Persounegruppen) a Kaf.
RTL ass zwar e privaten Akteur op engem fräie Marché, mä ass net ongebonnen. RTL huet nämlech eng Konzessioun mam Staat [2] an et sëtzen dräi Vertrieder*inne vum Staat am Opsiichtrot vun der CLT-UFA. Och ass RTL Deel vum lëtzebuerger Presserot an huet sech domat un de “Code de déontologie” vun der Press ze halen. Am Artikel 5, “Du respect d’autrui”, huet sech RTL deemno engagéiert “à éviter et à s’opposer à toute discrimination pour des raisons de sexe”.
Wann et ëm Sexismus an ëm d’Duerstellung vum weibleche Kierper als Sex-Objet geet, kann RTL net weider no der Logik fueren, alles ze brénge wat Klickzuele generéiert. Och RTL dréit eng gesellschaftlech Verantwortung.

2) RTL Pin-up

D’Rubrik Pin-up, déi fréier “Models uncovered” geheescht huet, gëtt et schonn zanter 2001 um Site vun RTL. Se ass an der Kategorie “Life&Style” ze fannen, dacks an der fester Sidebar an heinasdo an de Pop-ups.
Fotograféiert goufe Modelen am Duerchschnëttsalter vun 21 Joer, bis op zwou Ausnahme mat wäisser Hautfaarf an all mat den nämmlechte Moossen, déi zesumme mam Alter an der Gréisst als Zort “technesch Detailer” opgelëscht ginn. Dës Modele poséieren an Ënnerwäsch oder plakeg, op Better, a Schlofkummeren, Buedzëmmeren oder viru Schminkdëscher. Presentéiert ginn d’Modelen jeeweils mat Spréch wéi “De komplette sprëtzegen an naasse Shooting mam Marta” oder “Dem Oriana seng Kaddoen huet nach keen ausgepak!”

3) Sexismus an Objektivéierung

D’Duerstellung vun dëse Modelen, déi RTL.lu lo zanter ville Joere mat ëmmer nees neie Biller an Texter nom nämmlechte Schema virundreift, ass problematesch. Se ass sexistesch, degradéiert di fotograféiert Persounen zu Sex-Objeten a setzt Norme fir Schéinheet a Sexualitéit.

a) Sexismus

“D’Christine weist sech vu senger beschter Säit.” (10.05.2015)
D’RTL Pin-up Rubrik ass sexistesch [3], dat heescht se stäipt sech op d’Diskriminéierung an d’Ofwäertung vu Persounen opgrond vum Geschlecht an dréit zur Erhalung vum ongläiche Status tëscht de Geschlechter bäi. D’Duerstellung baséiert op Viruerteeler a Klischeeën an zwar an engem negative Sënn. D’Modele ginn als passiv duergestallt, a Schlofkummeren oder Buedzëmmeren op Männer waardend. All Zort vu Selbststännegkeet gëtt hinnen ofgeschwat a se ginn op hiert Ausgesinn an hir Sexualitéit reduzéiert.

b) Fraen als Objet

“Eist Sofia weess an all Dress an Dekor eng gutt Figur ze maachen!” (20.02.2015)
Persoune ginn objektivéiert, wann hiert Ausgesinn als dee wichtegsten Deel vun hirer Identitéit duergestallt gëtt a versicht gëtt hinnen all Zort vu komplexer Perséinlechkeet, Autonomie, Gefiller, eegene Wënsch a Perspektiven ofzeerkennen. D’RTL Pin-up Rubrik setzt komplett op sexuell Objektivéierung vun den duergestallte Modelen a verstäerkt dësen Androck nach mat Indikatiounen zu Gréisst, Alter a Moossen. Doduerch konstruéiert RTL d’Modelen als materiell Objeten, déi zur Verfügung stinn, fir benotzt ze ginn. Hinne mënschlech Eegeschaften ofzeschwätze féiert och dozou, dass et als moralesch onproblematesch ugesi gëtt hinne wéizedoen oder se ze beleidegen.

c) “Schéinheet” an Stereotypen

“Magdalena, weiblech Kurven an ee laszive Bléck. Weiblechkeet huet en neien Numm.” (03.10.2015)
D’Duerstellung vun de Modelen an der RTL Pin-up Rubrik ass op den Typ vu Weiblechkeet reduzéiert, deen an de leschte Joere vu Moud-, Kosmetikindustrie a Medien zur Norm erkläert gouf. RTL follegt dem 90-60-90 Prinzip sou präzis, dass ee sech froe kann, ob déi Moossen, déi bei all Model ugi ginn, net erfonnt sinn, fir dem Public d’Erreeche vun dëser Norm ze vermëttelen. Aner Kierperformen, souwéi anere Alterskategorien oder Hautfaarwen, sinn net present a ginn domat zur Verfeelung vun der Norm. RTL-Lieserinne ginn duerch dës Fotoen also dozou ugehalen, dat propagéiert Schéinheetsideal unzestriewen, zu egal wat fir engem Präis, a géinteneen an e Konkurrenzkampf ëm (männlech) Opmierksamkeet unzetrieden.

d) Wéi eng Sexualitéit?

“Nina – schéi gezillt” (28.01.2015)
Genee sou wéi d’RTL Pin-up Rubrik just eng genormte Vue op Schéinheet a Weiblechkeet demonstréiert, gëtt och eng genormte Vue op Sexualitéit vermëttelt, an där Fraen eng passiv Roll zougeschriwwe kréien. De Fokus läit dobäi um Ausgesinn an um “sech Presentéieren”, wat de Fraen d’Aufgab vun der Männerbefriddegung zouschreiwt. Dëst eesäitegt a sterilt Bild vu Sex a Sexappeal gouf duerch Playboy a co. zementéiert a beaflosst bis haut d’Virstellunge vun deem wat als “sexy” gëlt.

4) Konsequenzen

D’Konsequenze vum RTL-Sexismus si schlussendlech d’Festege vu patriarchalesche Muechtstrukturen an der Gesellschaft. D’Vue op Fraen als schwaach Memberen vun der Gesellschaft gëtt gefestegt, d’Frae ginn u Schéinheetsidealer gebonnen, d’Hemmschwell fir sexuell Belästegung a sexuell Gewalt ginn ofgebaut.

a) Vue op “d’Fraen” am Allgemengen

Duerch d’Widderhuele vu sexistesche Representatioune an duergestallt als (feste) Bestanddeel vum “Life&Style”, gëtt genee dës Vue op “d’Fraen” normaliséiert. Als meeschtkonsomméiert Medium dréit RTL.lu mat dëser Rubrik eng Verantwortung fir d’Festegung vun engem diskriminéierende Bild vu Fraen an der Gesellschaft – mat alle Konsequenzen, déi dat mat sech bréngt.

b) Scheinheetsidealer

D’Definitioun vun „Schéinheet“, déi RTL mat der Pin-up Rubrik virundreift, ass därmoosse spezifesch dass se vu bal kengem erreecht ka ginn. Gläichzäiteg gëtt d’Problematik verstäerkt, andeems Fraen, déi net an hiert Ausgesinn investéieren, net wouer- an eescht geholl ginn, a Fraen, déi vill an hiert Ausgesinn investéieren, als iwwerflächlech gëllen an, alt erëm, net eescht geholl ginn. Déi propagéiert Norme vun Ausgesinn, Gewiicht, Stil, Race an Gender hunn en negativen Afloss op d’Bild an d’Selbstbild vu Fraen [4].

c) Sexuell Belästegung

D’Opruffe vun der Pin-up Rubrik gëlt, je no Kontext an deem se opgeruff gëtt, als sexuell Belästegung. A villen europäesche Länner zielt d’Ophänken an/oder d’Affichéieren um Computer vu Pin-up Posteren an/oder pornografesche Biller op der Aarbechtsplaz als sexuell Belästigung, wa se sou affichéiert ginn, dass aner Persounen net derlaanscht kommen[5]. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer an déi Richtung. Natierlech steet d’Handele vun deenen, déi dës Säiten opruffen am Virdergrond, mä u sech sollt RTL.lu, wéi aner softpornografesch Inhalter, vum Employeur op der Aarbechtsplaz gespaart ginn, well ee bei der Visite vum Site praktesch net laanscht d’Pin-up Biller kënnt.

d) Sexualiséiert Gewalt

An der Pin-up Rubrik ginn d’Modele generell just mat Sexualitéit verbonnen an déi Duerstellung als schwaach a passiv Membere vun der Gesellschaft dréit zur héijer Zuel vu sexuelle Gewaltdote géint Frae bäi. D’Zesummenhäng tëscht der Reduktioun op bestëmmt (kierperlech) Eegeschaften, der Objektivéierung an der Gewalt sinn zanter laangem wëssenschaftlech nogewisen (ënnert anerem duerch eng gréisser Etude vum briteschen Inneministère http://webarchive.nationalarchives.gov.uk/20100418065544/http://homeoffice.gov.uk/documents/Sexualisation-of-young-people2835.pdf?view=Binary). An der Pin-Up Rubrik ginn d’Kierpere vu Fraen als ëffentleche Produit duergestallt, iwwer deen een, wéi ee grad Loscht huet, verfüge kann. Doduerch gëtt och d’sexuell Belästegung vu Meedercher a Fraen normaliséiert.

e) Muechtverhältnisser erhalen

Et geet bei der Ausübung vu Sexismus a sexueller Gewalt net ëm Sexualitéit, mä dorëm Muechtstrukturen z’etabléieren an z’erhalen. Och haut nach ass eis Gesellschaft a wäiten Deeler patriarchalesch opgebaut an d’Grupp vun de Männer steet iwwert der Grupp vun de Fraen. De gesellschaftleche System, an deem mir liewen, ass haaptsächlech vun a fir wäiss, heterosexuell Cis[7]-Männer konzipéiert, a benotzt Sexismus, Rassimus, Homophobie an aner Ënnerdréckungsinstrumenter, fir de Status Quo ze erhalten. Am Kampf géint dës Ennerdréckungsstrukturen ass eng Reflexioun vun all Mënsch an Institutioun iwwer déi eege Roll a Verstréckung bannend dësem System onëmgänglech.

Fazit

Wann een iwwer d’Verbreedung vu Sexismus an der Gesellschaft schwätzt kënnt een och zu Lëtzebuerg net derlaanscht fir iwwer d’Verantwortung an déi negativ Roll vun de Medien ze schwätzen. D’Pin-up Rubrik vun RTL steet fir de Versuch mat sexistesche Klischeeën an der Objektivéierung vu Fraen eng méiglechst héich Zuel u Klicks z’erreechen. Wat RTL praktizéiert ass eng direkt Diskriminatioun op Basis vum Geschlecht an däerf, genee sou wéi all aner Zort vun Diskriminéierung, net gesellschaftlech toleréiert ginn.