Kulturpräis 2013

Iwwersiicht: Opféierungen; Beschreiwung; Team; Script; Photoen; Press


Opféierungen

17., 18., 19. und 20. September 2013 um 20.00 am Théâtre National du Luxembourg


Plakat Kulturpräis 2013

Programmtext Kulturpräis 2013

De Ministère Théâtral du Tourisme et des Classes Médiocres huet d’Éier, Iech op déi alljährlech, feierlech Iwwerreechung vum national renomméierte Kulturpräis z’invitéieren.

Dir hutt zum Kulturprogramm 2012/13 näischt bäigedroen? Kee Problem, mir och net! Mä deen Owend däerf jiddereen dobäi sinn. Eng spannend Moderatioun leed duerch e sënnlosen Owend, op deem Dir vill iwwer Konscht, Theater an aner Beschäftegungstherapien léiere kënnt.
Fir Cremant an en Toast mat Paté ass gesuergt. Applaus!

De Jury
D‘Intendantin vum TN-iste de la Grande Ville: Leed een Theater an der Stad, ass do haaptsächlech mat der Leedung vun deem Theater an mat Theaterstécker vun dësem Theater op theatralesch Aart a Weis beschäftegt.

De bekannte Kënschtler Potsdam Whisky: Ass ee bekannte Kënschtler. Duerch seng Konscht ass hien am ganze Land, an iwwert d‘Grenzen eraus bekannt ginn.

D‘Directrice vun de Lëtzebuerger Symphoniker: D‘Directrice weess, wei si d‘Zuschauer an hirem Etablissement mat exoteschen Kläng aus der 3ter Welt an aus dem Weltall verzaubere kann.

D‘Kulturredactrice vum Le Pays: Schreift fir eng grouss Zeitung mat klenger Oplo grouss Artikelen, déi vun engem klenge Krees vu groussen Konschtkenner gelies ginn.

D’Favorit*innen
Bastien Kalzong: Ass ee bekannte Museker. Duerch seng Musek ass hien am ganze Land, an iwwert d‘Grenzen eraus bekannt.

Sophie Beck: Ass eng bekannt Schrëftstellerin. Duerch hir gestallte Schrëft ass si am ganze Land, an iwwert d‘Grenzen eraus bekannt.

Bernard Box: Ass ee bekannte Schauspiller. Duerch seng Reklamme fir eng lokal Assurance ass hien am ganze Land, an iwwert d‘Grenzen eraus bekannt ginn.

Dégouté Nossschnaps: Ass eng bekannt Schauspillerin. Duerch hir Sitcom „Wem sägst du es“ ass si am ganze Land vernannt ginn


Team

Gruppephoto Kulturpräis 2013

Schauspieler*innen: TEXT
Fabrice Bernard
Jérôme Burelbach
Frédérique Colling
Mirka Costanzi
Natascha Ewert
Máté Horvath
Lara Mack
Yannick Maurice
Jasmine Mohtashami
Raphael Lemaire
Jacques Schiltz
Frederik Schlechter
Gilles Seyler
Maurice Sinner
Selma Weber
Natascha Ewert, Lea Fauth, Jacques Schiltz, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Photoen
Michelle Kleyr
Design
Michelle Kleyr, Lars Schmitz
Maske
Lucie Wahl
Toun
Michelle Kleyr
Kamera
Tessy Troes

Script

Kulturministesch: De Kulturpräis? Do si mer nach an den Virbereedungen…
Visiteur 1: Gëtt et eigentlech nees ee spezielle Motto fir dëst Joer?
Kulturministesch: Jo… Konscht.
Visiteur 2: Konscht?
Visiteur 1: Ah, Konscht, äh… Konscht–
Kulturministesch: Konscht am Allgemengen.
Visiteur 1: Konscht am Allgemengen?
Kulturministesch: Ech géif nawell soen, Konscht am ganz Verallgemengerten.
Visiteur 1: Ah jo, natierlech.
Visiteur 2: Sensationell!
Kulturministesch: Konscht ass eben villsäiteg. Ech hu bemierkt, datt Dir Iech auskennt, sidd dir och an deem Beräich aktiv?[…]Kulturpräis 2013

Komplettes Script hier runterladen (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Photos


Pressespiegel

“D’Spill vum schéine Schäin” (Land, 27.09.2013)
“Der Kulturpreis 2013 geht an…?” (MyWort, 19.09.2013)

Jury und Kulturministerin