Gudden Appetit #Expo2020Dubai


Dës Aktioun ass Deel vun eiser Kampagne géint d’Bedeelegung vum Konschtsecteur un der Weltausstellung zu Dubai. Op dësem Site fannt dir och Informatiounen zum Theaterstéck iwwer d’Expo an eisen oppene Bréif un de Kulturministère an de FOCUNA.


Menuvirschlag fir d'Weltausstellung 2020 zu Dubai op der Stäereplaz an der StadPlace de l’étoile: Kampagne géint d’Bedeelegung vun der lëtzebuerger Kulturszeen gestart.

Corrupting Minds – Creating a future for the rich

Richtung22 hannerfreet d’Bedeelegung vu Lëtzebuerg un der Weltausstellung 2020 zu Dubai. Dëst Event ass een PR-Coup fir vun der aggressiver Aussepolitik, den eklatante Verstéiss géint d’Mënscherechter an der ekologesch an sozial desastréiser Wirtschaftspolitik vun den Vereenegten Arabeschen Emirater ofzelenken. Och Lëtzebuerg geet et drëms, sech een neit Image ze verschafen a vu den Machenschaften vun der Finanzplaz ofzelenken.

An dësem Kontext kritiséiere mir virun allem de Fait, dass sech d’FOCUNA, den Kulturministère a weider Kulturinstitutiounen fir d’Weltausstellung virun de Wohn vum Nation Branding spane loossen. Et ass d’Aufgab vun der Konscht Realitéiten ze benennen an net fir sech fir staatlech oder economesch Propaganda mëssbrauchen ze loossen. Konkret fuerdere mir dowéinst de Réckzuch vun den Kulturinstitutiounen aus dem Projet Expo2020Dubai.

Mat eiser éischter Aktioun op der Stäreplaz (déi der Abu Dhabi Investment Authority gehéiert an domat symbolesch fir den gemeinsamen Versuch vun den VAE a Lëtzebuerg steet dekadent Réckzuchsuerter fir UHNWIs ze schafen) hu mir elo eis Kampagne gestart.


Starter: Eng schuckeleg Dubai-Vakanz & Bommeschlupp façon “Etienne”
Main: E fettege BusinessDeal mat gebrodenem Prisonéier am Jus
Dessert: Eng blanchéiert Expo mat Région flambée
Gudden Appetiti #Expo2020Dubai
Corrupting Minds – creating a future for the rich


Pressespiggel

“Richtung 22 protested against Luxembourg’s participation in the Dubai 2020 World Expo” (RTL Today, 11.09.2019)
“L’expo 2020 à Dubai dénoncée” ( L’essentiel, 11.09.2019)
“Weltausstellung in Dubai soll ohne Luxemburg stattfinden” (Tageblatt, 11.09.2019)
“Gréisser Aktioun vu Richtung22 géint d’Weltausstellung 2020 zu Dubai” (RTL.lu, 10.09.2019)


By night: Menuvirschlag fir d'Weltausstellung 2020 zu Dubai op der Stäereplaz an der Stad