Iwwersiicht: En français; Op lëtzebuergesch; Beschreiwung; Team; Quellen; Hannergrënn; Press
La pièce en langue française
Representations:
Mardi 21. et mercredi 22. décembre 2021 à 20h00
MJC – 31 rue Leclerc, F-57390 Audun-le-Tiche
Gérard Cravatte
Le combat d’un industriel luxembourgeois contre la décolonisation au Congo.
Gérard Cravatte était le directeur de la plus grande mine au monde de diamants industriels. Cette pièce
illustre les événements à Bakwanga dans la région du Kasaï, le site de la Forminière juste avant
l’indépendance du Congo le 30 juin 1960.
Grâce aux archives de sa société, Richtung22 a suivi les traces de Gérard Cravatte. Le but n’est pas de
relater les exactions révoltantes de Gérard Cravatte, mais aussi d’explorer tout un chapitre méconnu de
l’histoire coloniale du Luxembourg.
D’Stéck op Lëtzebuergesch
Den Informatiounsspektakel “Gérard Cravatte” gouf den 5., 6., 7., 8., an 9. Oktober 2021 am Théâtre du Centaure opgefouert.
Weider Virstellung op franséisch den 21. an 22. Dezember 2021 am MJC zu Audun-le-Tiche.
De Kampf vun engem Lëtzebuerger géint d’Dekolonisatioun vum Kongo
De Gérard Cravatte ass den Lëtzebuerger Direkter vun der weltwäit bedeitenster Diamante-Mine, deen 1960 am Kongo d’Walen manipuléieren, Kanner bewaffnen, Attentater géint de Premier bezuelen, säin eegene Staat grënnen an d’Land an de Biergerkrich stierze wollt. An dat dunn och gemaach huet.
Am Archiv vu senger Firma zu Bréissel ass Richtung22 dem Gérard Cravatte op d’Spuer komm. Mat der Uneneenreihung vun de skandaléise Verbriechen vum Gérard Cravatte ass dëst satirescht Theaterstéck de Versuch een onbekanntent Kapitel lëtzebuerger Kolonialgeschicht opzeschaffen.
Längt: ca. 95min.
Sprooch: Lëtzebuergesch
Team
Schauspiller*innen: | Bühn, Requisite, Kostüm |
---|---|
Felix Adams (Gérard Cravatte) Julia Ariete (Colonel Dedeken) Emilie Berg (Aimé Marthoz) Lou Cames (Louis Wallef) Anne Gillen (Dr. Haveaux) Raphael Lemaire (A. Parmentier) Manon Roukoz (Dominique Urbany) Rick Schmitz (Eugène Schaus) Gabriel_le Taillefert (Benoit Moritz) |
Michelle Liesch ënnerstëtzt vum Kiki Salvador |
Text a Recherche | |
Lars Schmitz, Gabriel_le Taillefert ënnerstëtzt vum Gabriel Pinto Monteiro | |
Luucht- an Tounregie | |
Alpha Muyizere | |
Design | |
Anne Gillen | |
Fotografie | |
Michelle Kleyr | |
Luuchtinstallatioun | |
Antoine Colla |
Quellen
Kampagne “Decolonize Luxembourg”
Dëst Theaterstéck ass Deel vun der Kampagne “Decolonize Luxembourg”, déi mir zesummen mat der Associatioun “LëtzRiseUp” lancéiert hunn fir ee Bewosstsinn fir déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht ze schafen.
Ugestouss gouf eis Kampagne duerch déi global Beweegung Black Lives Matter. An Europa gouf vu ville Mënschen an deem Kontext eng méi déif Ausernaanersetzung mat der europäescher Kolonialgeschicht gefuerdert fir d’Wuerzelen vu Rassismus a wirtschaftlecher Ausbeutung siichtbar ze maachen. Verantwortung iwwerhuelen heescht fir eis, eis aktiv mat der Täter-Roll vu Lëtzebuerg ausernaanersetzen an ze versichen d’Verbriechen opkläeren, déi vun Lëtzebuerger*innen begaangen goufen.
Mat enger Installatioun um Monument vum “Kolonialpionéier” Nicolas Cito zu Käerjeng hate mir eis Aktiounen 2020 lancéiert. Mat engem Tour Guidée mat 29 Etappen hu mir eis Recherche präsentéiert an déi vill verschidden Kapitel vun der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht ugeschnidden. No dësem Theaterstéck, mat deem mer den Kampf vun engem Lëtzebuerger Firmendirekter géint d’Dekolonisatioun am Detail opzeechnen wëllen steet och nach eng Ausstellung am Casino am November 2021 un.
Pressespiggel
“Gérard Cravatte: Ein harter Brocken Kolonialgeschichte” (Culture.lu, 05.10.2021)
“Attacking the white saviour complex” (LuxTimes, 10.12.2021)