frEsch wëll Richtung22 aus dem Bâtiment4 geheien
Mir si richteg rosen. frEsch, eng ASBL déi vun der Escher Gemeng benotzt gëtt fir Kultur-Ausgaben ze verschleieren, wëll eis aus eise Raim am Bâtiment4 geheien. Si wëllen eis aus …
Richtung22 ass ee jonkt Kënschtler*innekollektiv a produzéiert satiresch Filmer an Theaterstécker. Och mat Monumenter, Konscht-Aktiounen a Campagnen a ville klengen Initiativë versiche mir, kreativ Kritik unzebréngen an wichteg Diskussiounen ze lancéieren. Mir wëlle polariséiere fir Problemer siichtbar ze maachen a d’Konscht aus hirem elitäre Kader rappen. Weider Informatiounen zu Richtung22