D’ALIA ermëttelt géint RTL

D’Medienopsiicht ALIA huet op Basis vu Plainten, déi Richtung22 am Februar a Mäerz erageschéckt hat, eng Enquete géint RTL lancéiert, dat huet d’Behörd den 30.04.2024 an engem Communiqué matgedeelt. Dëst ass e wichtege Moment well d’Diskussioun ronderëm dëse Sender net just am Theater an am Kinossall stattfanne soll – an och real Konsequenzen hu muss.

RTL verstéisst géint Gesetzer, de Pressekodex an souwuel beim Contenu wéi bei de Finanzen géint den eegene Staatsvertrag. Wann een e bëssi méi genee kuckt ass dat offensichtlech. Mee RTL schéngt deene meeschten einfach ze grouss, ze mächteg an alternativlos ze sinn, fir genee e bëssi méi genee hinzekucken. Dat seet vill iwwert déi immens problematesch Monopol-Positioun vun RTL an eiser Gesellschaft aus.

Richtung22 begréisst ausdrécklech, dass d’ALIA elo de Courage fonnt huet, eng Ënnersichung ze lancéieren. Mir freeën eis, dass mir dozou den Ustouss gi konnten. D’ALIA selwer kann gestäerkt aus dësem Prozess erausgoen – och wann se bis elo ëmmer politesch ageenkt an souguer bekämpft gouf. Laang Joeren wor et d’Zil vun der Regierung d’Medienopsiicht sou kleng an oneffektiv wéi méiglech ze halen. Et wor och ëmmer am Interessi vun de Bertelsmann-Sender, zu deenen och RTL Lëtzebuerg gehéiert, staatlech Kontroll op ee Minimum ze reduzéieren.

D’ALIA wäert elo anhand vu Beispiller déi mir liwwere konnten d’Virwërf vun verstoppter Reklamm, Plagiater an fehlende Programminhalter ënnersichen. Och kann d’ALIA déi Aarbecht maan, un der déi sougenannten “Commission de suivi” vum Medienministère gescheitert ass: Iwwerpréiwen, op RTL d’Reegelen aus dem Staatsvertrag anhält (Spoiler: si halen se net an). Et wäert siichtbar ginn, dass RTL sengem Optrag als “Service Public” finanziell, legal an och qualitativ net gerecht gëtt an dass d’Orientatioun vun CLT-UFA op Profitmaximéierung offensichtlech am Widdersproch zum staatlechen Optrag steet. Et gëtt Zäit, fir eng Alternativ.


Pressespiggel

“Richtung22 reecht 16 Dossiere bei der ALIA an iwwer d’Aktivitéiten bei RTL Lëtzebuerg” (100komma7, 30.04.2024)
“Richtung22 geht gegen RTL vor” (Wort, 30.04.2024)
“24 hour Express: Mardi 30. avril” (Paperjam, 30.04.2024)
“Richtung22 brings case against RTL to independent media authority” (Chronicle, 02.05.2024)
“Künstlerkollektiv geht gegen RTL vor” (Reporter, 02.05.2024)